Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tilly Metz: Ee Verbuet vum Palmenueleg?
Kultur Neiegkeeten speed dating lakewood ohio

https://moien.lu/paraguay-dating-websites/

D’EU-Kommissioun huet gëschterdem Europäesche Parlament de Projet zum reduzéierte Gebrauch

https://moien.lu/best-online-dating-vietnam/
botswana dating online
Kultur Neiegkeeten speed dating lakewood ohio

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen
Kultur Neiegkeeten speed dating lakewood ohio

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain

surprise

Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn

Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn

Politesch gewollt och kulturell um Holzwee? Beim Projet Esch 2022 läit villes am Uergen, an et ass och net wierklech de Wëllen do, den Dissens am Dialog ze léisen. Gëschter ass dann och bestätegt ginn, datt d‘Aarbechtsverträg mat de Coordinateuren net verlängert goufen.

Et gëtt dann och gären ugefouert, datt d‘Entscheedung vum Verwaltungsrot politesch motivéiert wier, de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) mat de Coordinateuren net zefridde gewiescht wier. Ganz esou einfach ass et dann awer net, well och hei stellt sech d‘Situatioun als méi komplex duer, wéi dat op den éischte Bléck ersiichtlech wier.

Richteg ass, datt den Andreas Wagner (General-Coordinateur) an d‘Janina Strötgen (Artistesch Direktesch) vum virechte Schäfferot nominéiert goufen. Richteg ass och, datt si d‘Fundament vun der Kandidatur gestallt hunn, déi eng europäesch Jury zu gudder Lescht och iwwerzeegt huet. A Richteg ass dann och, datt d‘Relatioun mam neie Schäfferot, als „duerchwuess“ bezeechent gëtt.

Wéi och ëmmer… d‘Verträg vum Andreas Wagner an dem Janina Strötgen, déi bis den 30. Juni lafen, si vum Verwaltungsrot net erneiert ginn. Déi betraffen denoncéieren eng politesch motivéiert Entscheedung, déi politesch Verantwortlech weisen esou Beschëllegunge vun sech.

Eng zolidd Direktioun statt „Schoulkanner“

E vun de Problemer déi d‘Coordinateure mam neie Schäfferot haten, war hir Kredibilitéit. Déi war dann och am Mäerz vum Georges Mischo a Fro gestallt ginn, wéi hien den Andreas Wagner an d‘Janina Strötgen an engem Interview mat tockskäppege Schoulkanner verglach huet. Net déi beschten Aart a Weis zesummenzeschaffen, wat dann och de Changement erkläert.

Da soll de Projet Esch 2022 elo mat engem Generaldirekter, engem Direkter fir Administratives an Finanzen, an engem artisteschen Direkter, eng besser Gestioun erhalen. Heibäi stellen sech dann awer e puer Froen, well och wann en de „Schachzuch“ verstoe kann, wéi ass et mat der Ursaach?

Wann ee sech vun engem trenne wëll, an dat aus anscheinend gudde Grënn, muss et erlaabt sinn sech ze wonneren, wann de Verwaltungsrot, deen de Coordinateure säi Vertrauen entzitt, genee deenen nei „Funktiounen“ ubitt. Den Andreas Wagner sollt de Poste vum artisteschen Direkter iwwerhuelen, an d‘Janina Strötgen hätt den Job als Pressespriecherin erhalen.

Eng Offer déi vu béiden Acteuren als „inakzeptabel“ bezeechent a zréckgewise ginn ass. Dat dierft dann awer och domatter zesummenhänken, datt déi nei Aufgaben eng däitlech reduzéiert Pai mat sech bruecht hätten. Et gëtt dann och gemunkelt, datt dat esou geduecht war.

Net ëmmer alles un de Sue festmaachen

Um Donneschdeg, huet de Buergermeeschter dann awer betount, datt hien d‘Entscheedung vun de Betraffenen net novollzéie kann. Am Kader vun hiren neien Aufgaben awer, wiere si och weiderhin d‘Gesiichter vun Esch 2022 bliwwen, esou de Georges Mischo. Dat hir Paien eppes méi kléng ausgefall wäre bestätegt hien, mee et sollt een net ëmmer alles un de Sue festmaachen.

Wéi och ëmmer, mat der Zesummenaarbecht ass et eriwwer, an déi nei „Aarbechtsplazen“ ginn, esou d‘Ukënnegung vun den dräi Buergermeeschter: Georges Mischo (Esch), Dan Biancalana (Diddeleng) a Roberto Traversini (Déifferdeng) den 30. Juni ausgeschriwwen.

Alles an allem sinn et fënnef Posten déi besat musse ginn. Zu den dräi Direktere kommen nach zwou Plazen als „Assistent“. D‘Konditiounen déi fir dës Plazen ze erfëlle sinn, goufe scho festgeluecht: et muss een iwwert de politeschen an kulturelle Kontext vu Lëtzebuerg Bescheed wëssen, an déi dräi Landessprooche schwätzen.

Interessant hei, datt déi dräi Gemengepappen zouversiichtlech sinn mat dëse Fuerderungen déi ideal Profiller opzedreiwen. Bis dohinner steet de Projet Esch 2022 elo awer ouni Spëtzt do, wat sech als Risiko kéint duerstellen. Ëmmerhi soll d‘EU-Kommissioun, déi d‘Opsicht huet, am November de Projet nach emol ënnert d‘Lupp huelen.

Bewosst virgoe statt oniwwerluecht ze handelen

Mee déi dräi Buergermeeschter sinn och hei éischter zouversiichtlech wéi besuergt. De Georges Mischo ass fest dovunner iwwerzeegt, datt d‘Aarbecht weidergeet an un deem wat ugefaange ginn ass och weidergeschafft gëtt. Hien huet an dësem Kontext dann och ugekënnegt, datt et zu engem neien Appell fir Projete bei den Awunner wäert kommen.

Et ass dann awer leider och esou, datt een, bei deem wat vun der Programmatioun scho gewosst ass, wéineg Kohärenz erkenne kann. Zudeem steet de Virworf am Raum, datt d‘Politik ze vill Afloss op de Projet géif ausüben. De Georges Mischo stellt hei kloer, datt kee vun den Direkteren eng „politesch Verbindung“ huet, an hir Selektioun eenzeg op der Basis vun der Kompetenz erfollegt.

D‘Situatioun vun „Esch 2022“ ass dann och ënnert dëse Gesiichtspunkten net déi bescht. Esou e Projet gëtt awer eigentlech ëmmer vun Héichten an Déifte begleet. Datt elo, wéi hei zu Esch-Uelzecht d‘Auteure vum Projet – an engem gewësse Sënn – ecartéiert ginn, verdäitlecht awer och, datt e politesche Wiessel och nei Reegele mat sech bréngt.

Wéineg bis guer net verwonnert

Net iwwerrascht vum ganzen, déi fréier Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP). Si hat no de Riede vun der neier Koalitioun an den Aussoe vum Kulturministère fest domatter gerechent, datt sech béid Coordinateuren net kéinten op hire Plazen halen.

De fréiere Kulturschäffe Jean Tonnar (LSAP) mécht et dorunner fest, datt den Inhalt vun „Esch 2022“ dee vun der EU-Kommissioun validéiert gi war, den neien Decideuren an och dem Kulturministère net gefall huet. Woubäi een awer muss drun erënneren, datt déi genannte Persounen de Projet beim Vott am Gemengerot ënnerstëtzt hunn.

An elo stellen sech dann och eng Rei froen: wie Steiert zukünfteg de Projet? Ass de Projet nach konform mat deem wat vun der EU-Kommissioun validéiert ginn ass? Woubäi jo och ze fäerten ass, datt grad wéi 2007, et Beamte sinn déi d‘Entscheedungen treffen.

Froen déi séier enger Äntwert bedierfen. D‘Jury déi vun der Kommissioun den 20. November op Esch wäert kommen, dierft sech déi „Verännerungen“ ganz genee ukucken. Wat dovunner ass nach mam Inhalt vum „Bid-Book“ vereenbar? Wei flexibel ass esou eng Jury? D‘Äntwert dorobber gëtt et am spéiden Hiecht, a wie weess, vläicht huet sech de Projet Esch 2022 bis dohinner erleedegt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dan Biancalana, Esch 2022, Georges Mischo, Kulturhaaptstad, Roberto Traversini
Nächsten Artikel Virrechten Artikel