Search

You may also like

Dat soziaalt Europa kënnt virun
Kultur Neiegkeeten

Dat soziaalt Europa kënnt virun

Den 19. Februar ass et zu engem Accord tëscht dem

dislike
EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer
Kultur Neiegkeeten

EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer

Dat als „vermuttlech“ Kriibserreegend agestuuft Produkt Glyphosat, huet e Méindeg

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch
Kultur Neiegkeeten

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch

No enger Protestaktioun um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ ass d’Europadeputéiert

Kulturfabrik: Esch calling! Vol. 1

Déi 1. Editioun vum Punk Rock- an Hardcore-Festival

Kulturfabrik: Esch calling! Vol. 1

Den 12. Juli gëtt iech d’Kulturfabrik Rendezvous mat der éischter Editioun vum Esch Calling Festival. E Mini-Festival deen engagéiert Musek honoréiere well. Fir d’éischt Editioun sinn et 5 Punk- an Hardcore-Bands, déi Haltung weisen, Stellung bezéien a widerstänneg bleiwen. Den Headliner vun dëser éischter Editioun ass déi däitsch Kult-Punk-Band ZSK.

De Programm

  • ZSK (DE): Den Headliner vun der alleréischter Ausgab wäert d’Berliner Band ZSK sinn. D’Band huet 2018 säi leschten Album Hallo Hoffnung eraus bruet, dat zur allgemenger Iwwerraschung op Plaz 16 an den däitschen Albumcharts gestart ass! Trotz allem Succès bleift ZSK sech an dem Punkrock trei: rosen, haart a verdammt ustiechend stelle sinn sech géint Haass a Gläichgëltegkeet. Hire Slogan: „Punkrock mit Herz und Hirn!“
    Méi zu dëser Band fannt Dir HEI.

    Esch Calling

    © ZSK

     

  • Swiss & Die Andern (DE): Déi am Joer 2014, ronderëm den däitsche Sänger an Aktivist Swiss, gegrënnten Hamburger Band huet an hire Punk-Lidder offensichtlech politesch Ënnertéin. Hiren neien Album, Randalieren für die Liebe, dat d’lescht Joer erauskomm ass, ass e Feierwierk vu 15 Tracks an nëmme 44 Minutten!
    Méi zu dëser Band fannt Dir HEI.

    Esch Calling

    Swiss & Die Andern © Lee Maas

  • Scavenger’s Lunch (LU): D’Band aus Mamer gouf vu Versus You bis The Gaslight Anthem beaflosst an offréiert en méi melodeschen a poppege Punk. Eng Plaz an de Geschichtsbicher ass hinne jiddefalls sécher: Als éischt Band déi op engem „Esch Calling“ Festival gespillt huet!
    Méi zu dëser Band fannt Dir HEI.

    Esch Calling

    © Scavengers Lunch

  • The Detectors (DE): “Anti-fascist, pro-feminist, gay-positive, animal-friendly, punk”! Bei der Kieler Band ass alles gesot … an hirem Logo! Soss vermëschen The Detectors monter Punk, Rock an Hardcore a si bekannt fir hir explosiv Bühnenoptrëtter!
    Méi zu dëser Band fannt Dir HEI.

    Esch Calling

    © The Detectors

  • Fehl-Tritt (LU): Un der Musel gebuer, gehéiert Fehl-Tritt zu de lokale Punk-Bands, déi een ëmmer nees gären nei entdeckt. Punk, jo kloer! Mee och de Ska gehéiert zu der säit 15 Joer aktive Band, déi schonn ëmmer fir verschiddenst Zwecker agetrueden ass.
    Méi zu dëser Band fannt Dir HEI.

    Esch Calling

    ©Fehl-Tritt

Weider Informatiounen

Déi éischt Editioun vum Esch Calling fënnt um Freideg, den 12. Juli 2019 an der Kulturfabrik (116 rue de Luxembourg, 4221 Esch Uelzecht) statt. D’Diere maachen um 18:00 Auer op an entweder huet ee sech da schonn am viraus säin Ticket fir 27 € kaaft, oder et profitéiert ee vun der Oweskeess fir 30 €. Bestelle kann een d’Ticketen op www.kulturfabrik.lu an www.ticket-regional.de.

Related topics Concert, Esch Calling, Fehl-Tritt, Festival, Hardcore, Kulturfabrik, Musék, Punk Rock, Scavenger’s Lunch, Swiss & Die Andern, The Detectors, ZSK
Next post Previous post