Search

You may also like

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?
Kultur Neiegkeeten

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?

Eraus aus der Coronakris – Bei der Pressekonferenz vun haut

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot
Kultur Neiegkeeten

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot

Ganz dem Virbild getrei, huet den US-Vizepresident Mike Pence sech

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

Esch Calling! Vol. 1 – Mam Punk an d’Schwaarzt getraff!

D’Kulturfabrik zu Esch huet an dësem Joer een neie Festival lancéiert: Mam Esch Calling! Vol. 1 hu si net nëmmen d’Punk-Gruppen ugezunn, mee och nach een decke Strapp Fans, déi vun der éischter Stonn un dobäi wollte sinn. Et huet sech gelount!

Wann déi éischt Editioun vun engem Festival organiséiert gëtt, da weess ee jo ni esou richteg, wat dobäi erauskënnt, wéi vill Leit et unzitt an op een et am nächste Joer nach emol woe wëll. Beim Esch Calling! Vol. 1 huet een an alle Punkten vollkommen iwwerzeegt. Spéitstens bei der drëtter Band haten d’Fans vun den dreiwende Punk-Beats an Gittar-Riffs hire Wee an dat ehemoolegt Schluechthaus fonnt.

Schonn eleng beim Design vum Plakat huet ee sech uerdentlech Méi ginn, huet een dann méi no gekuckt, esou huet ee folgend Bands fonnt: Scavenger’s Lunch (L), The Detectors (D), Fehl-Tritt (L), Swiss & Die Anderen (D), sou wéi ZSK (D). Och wa mir de Gros vun de Gruppe perséinlech nach net kannt hunn, esou wäerte si sech an Zukunft op eiser Playlist um Handy erëm fannen – mat dësem Programm huet d’KuFa nämlech ofgerappt!

Esch Calling

Alles der Rei no

Trotz stréimendem Reen hate pünktlech zur Erëffnung um 18:00 Auer schonn e puer Leit hire Wee op Esch fonnt. Ugefaangen hunn hei déi Lëtzebuerger Jongen vu Scavenger’s Lunch mat poppegem a melodeschem Punk mächteg ageheizt. Wärend hirem Optrëtt konnt een weder d’Féiss, nach de Kapp roueg loossen, sou datt een nëmmen soe kann, datt dëse Concert den idealen Optakt vum Owend war! Mir freeën eis richteg Scavenger’s Lunch och an Zukunft erëm ze héieren.

A weider geet et. An dësem Fall waren The Detectors aus Däitschland un der Rei, hirem Numm all Éier ze maachen. Déi locker lässeg Museker hu keng Méiglechkeet ausgelooss, montere Punk, haarde Rock a kräftegen Hardcore mateneen ze vermëschen an hirem Musekstil an alle Sënner nozekommen. Top dat do!

Trotz hirem Numm sinn si absolut kee Fehl-Tritt mee richteg Stëmmungskanounen. Un der Musel ass d’Ska-Punk-Band gebuer ginn an huet schliisslech de sougenannte Musel-Punk an d’Liewe geruff. An hire 15 Joer Bestoen hunn dës Museker geléiert, wéi een d’Leit ënnerhält, sinn duerch d’Géigend gesprongen, wéi Duracell-Huesen an hunn, equippéiert mat Saxophon an Trompett, déi éischt Pogoen a Circle Pits vum Owend entstoe gelooss. Wann dat näischt heesche wëll! Dobäi stoung hiren Optrëtt am stännege Wiessel tëscht der däitscher, franséischer a spuenescher Sprooch. Eppes hu si allerdéngs zu 100 % eriwwerbruecht: D’Punks si géint Nazien, géint Faschismus a géint Rassismus!

Mat Swiss & Die Andern koum gëschter Owend ee weidert „Sahnehäubchen“ op d’Bühn. Desto méi Lidder gespillt gi sinn, ëmsou méi ass een d’Gefill net lass ginn, datt een hir Musek schonn emol duerch Zoufall héieren huet. Och wann hiren Optrëtt duerch e puer technesch Problemer liicht méi spéit ufänke sollt, esou hu si et mat den éischten Téin nees gutt gemaach. D’Band aus Hamburg, déi ronderëm den däitschen Sänger Swiss entstanen ass, huet de Sall vun der Kulturfabrik an eng ganz aner Energie versat, bei der d’Männer all uewerkierperfräi duerch de Pogo gelaf sinn, d’Fans duerch Stagediving bis vir hin gedroe gi sinn a generell jiddwereen all eenzelt Wuert matgesongen huet. Mat vill Humor, politeschen Ënnertéin an enormem Ënnerhalungstalent huet et engem scho bal wéi gedoen, dës musikalesch Typpen vun der Bühn goen ze loossen.

Et gëtt jo ëmmer gesot, datt dat Lescht och dat Bescht wier. Kuckt ee sech elo d’Optrëtter bis zu dësem Punkt un, esou stoungen d’Bands op hir eegen Aart a Weis all op engem punkesch-musikaleschen Niveau, an dat huet wuel och de groussen Uklang bei de Fans opgebaut. Een muss den Ofschloss vum Owend maachen, wat an dësem Fall déi däitsch Punkrocker mat Häerz vun ZSK waren. Als Headliner vum klenge Festival hunn d’Museker alles ginn! Och hei huet de Publikum all eenzel Silb auswenneg konnt an d’Nuecht zum Dag gemaach. Mat der blonder pickeger Frisur huet de Sänger dobäi e bëssi un den Deryck Whibley erënnert. Sympathesch an no un de Fans hunn d’Punk-Rocker iwwerzeegt!

Ofschléissend kann ee just soen, datt mir den Esch Calling net méi kéinte luewen. Doraus resultéiert, datt een nëmmen hoffe kann, datt och am nächste Joer nees eng weider Editioun gestart gëtt!

Related topics Concert, Esch Calling, Fehl-Tritt, Festival, Kulturfabrik, Punk, Scavenger’s Lunch, Swiss & Die Andern, The Detectors, ZSK
Next post Previous post