Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona
International Kultur Neiegkeeten

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona

Et ass moies fréi, zwou Auer an der Alstad vu

Politesch korrekt Gemauschels um Krautmaart (haart nogeduecht)
International Kultur Neiegkeeten

Politesch korrekt Gemauschels um Krautmaart (haart nogeduecht)

Um Freideg huet d‘Lëtzebuerger Land vun enger „Intrige“ geschwat, well

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019

Am Kader vun den desjähregen Europawahlen huet d’Stad Esch, a Kollaboratioun mat der konsultativer Integratiounskommissioun vun der Gemeng (CCCI) an dem Office Luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration (OLAI), seng Campagne fir d’Aschreiwungen op d’Wielerlëschte lancéiert.

D’Campagne mam Numm „Esch an Europa“ soll net-Lëtzebuergesch Bierger vun der Europäescher Unioun dozou ermonteren, sech op d’Wielerlëschten anzedroen. Laut dem Här Pim Knaff louch d’Unzuel vun ageschriwwenen auslännesche Bierger um 1. Januar 2019 zu Esch bei 58 Persounen. D’Gesetz schreift fir, datt ee sech bis zum 28. Februar 2019 an de Lëschten aschreiwe kann.

An dësem Sënn hëlt d’Stad Esch den 9. Februar 2019 um Informatiouns- a Sensibiliséierungsdag fir d’Aschreiwungen op déi europäesch Wielerlëschten. Donieft wäert och d’CCCI vum 16. bis den 23 Februar virum Gebai vun der BGL BNP Paribas (Uelzechterstrooss) een Informatiounsstand opriichten.

Mat Ënnerstëtzung vun der Stad Esch an OLAI organiséiert d’Asbl Maison des Associations een Quiz zu den Kenntnisser vun der Europäescher Unioun. D’Aktioun mam Numm „Who wants to be an Eurodeputy“ fënnt den 28. Januar um 18:00 Auer am Gemengenhaus vun Esch statt. Den Entrée ass gratis. Ze gewanne gëtt et eng Visitt vum Europaparlament zu Stroossbuerg an een Treffen mat de Lëtzebuerger Europadeputéierten um 13. Februar 2019.

Fir weider Informatiounen kënnt dir de Site www.esch.lu consultéieren, Iech un de Service Relations Publiques wennen (relationspubliques@villeesch.lu) oder uruffen um Nummer 27 54 41 10.

Europawahlen

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) DanielCodello, Gianni Natalini, Audrey Magen, Pim Knaff, Claude Gislard, Vital Fernandes, Michel Chaine, Vasco Loureiro Rodrigues  © Ville d’Esch

Ähnlech Sujeten CCCI, Esch/Uelzecht, Europawahlen 2019, OLAI, Quiz, Sensibiliséierungscampagne, who wants to be an eURODEPUTY
Nächsten Artikel Virrechten Artikel