Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung
catholic church dating before annulment Stories

recrutement job dating

Nodeems et Berichter ginn huet, datt déi chinesesch Regierung Sonnereenheete

dating 1970s stratocaster
catholic church dating before annulment Stories

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?

No der Verëffentlechung vum UN-Bericht, am Kontext vun der Ermordung

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!
catholic church dating before annulment Stories

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!

Den Donald Trump hat Mexiko mat engem evolutive Strof-Zoll gedreet,

Esch: Educatioun am Mëttelpunkt

Den Ordre du Jour vum Gemengerot war grouss

Esch: Educatioun am Mëttelpunkt

D’Escher Gemengerotssëtzung vum Freideg huet sech nieft engem wichtegen Devis betreffend de Reamenagement vu Quartier Brill, zesumme mat de Stroossen Zenon Bernard a Liberatioun, haaptsächlech mat der Schoulorganisatioun befaasst.

Fir de Schäffe Jean Tonnar (LSAP) ass d’Schoulorganisatioun eppes, wat duerch déi sëlleche Reglementer an Decisiounen déi um Krautmaart geholl ginn, net méi einfach gëtt. Ëmsou méi erfreelech, datt seng Leit eng gutt Aarbecht leeschten. Wann et op den 11. Juni 3.289 Schüler sinn, déi sech op 222 Schoulklassen an 8 Gebaier opdeelen, da stellt ee fest, datt et mat dräi weidere Klassen net wierklech vill méi Schüler gëtt. Dat bleift allerdéngs relativ, wëll bis Schoulufank ëmmer Kanner bäikommen, der awer och fortginn. Gutt ass dann nees, datt eng Klass an der Moyenne 15 Schüler huet.

Déi Kanner gi vun 277 Enseignante, 73 Chargéeën an 24 Educateure betreit. D’Gemeng hat 13 Remplaçanten ugefrot, huet der zéng zougesprach Kritt. Dat bedeit, datt deen een oder aneren an ee puer Gebaier wäert täteg sinn. Och ugefrot waren aacht Surveillanten, hei sinn der 7 zougesprach ginn. Eng ganz flott Affär dierft de Projet „Reit-Pädagogik“ ginn, fir deen ee Posten zougesprach gouf. Dës Aktivitéit kritt dann och seng Plaz am Déierepark um Gaalgebierg an et dierf een iwwerzeegt sinn, datt d’Kanner dëser Offer entgéintféiweren. Ganz erfreelech och datt d’Bëschschoul bestoe bleift. Hei ginn am ganzen 23 Kanner betreit (7 aus dem Precoce, 16 aus dem Cycle 1) an den Jean Tonnar erhofft sech, datt dee Modell weider ausgebaut gëtt.

Portugisesch Course bleiwen erhalen, fannen allerdéngs net méi während der normaler Schoulzäit statt. Et gëtt deemno eng periscolaire Aktivitéit, déi och vun alle Kanner dierf an Usproch geholl ginn. Zu der Polemik déi ronderëm dëse Sujet entstane war, huet de Schäffe gemengt, datt et richteg war weder an der Zeitung nach um Radio dorops ze reagéieren. Esou war deen Thema schnell vum Dësch. Hei muss nach dorops higewise ginn, datt et vill Manner Kanner ginn déi dës Offer nach unhuelen, trotzdeem gi säitens der Gemeng nach Säll bereet gestallt.

Interessant och, datt ab dem Schouljoer 2017/18 d’Kolonien obligatoresch ginn. Heifir huet de Schäfferot ee Budget vun 200.000 Euro festgeluecht. Déi éischt hu scho stattfonnt an esou waren eng Grupp op Berlin, aner Gruppen op Niewport an Ostende, grad ewéi der sech zu Mënsbech ee puer flotter Deeg konnte maachen. Virgesinn ass och eng Kolonie an der Bretagne, wou et nieft vill maritimen Aktivitéiten och méiglech sollt si mat Päerd ze schaffen. Et gëtt dann awer grousse Wäert drop geluecht, datt d’Kanner nëmmen eemol Deelhuelen, fir et esou jidderengem ze erméiglechen deel ze huelen.

Bei de Maison Relais gëtt et u sech just de Problem, datt et där net genuch gëtt a Waardelëschte keng akzeptabel Léisung sinn. Am Hiecht kënnt wuel eng an der Kanalstrooss derbäi, mee mat 40 Plazen dierft dat net méi wéi déi berühmten Drëps op de waarme Stee sinn. Wobrécke kritt och eng, mee dat dierft nach ee Strapp daueren, d’Bauaarbechten hunn nach net emol ugefaangen.

Vill geschwat, wéineg gesot

Datt d’Schoulorganisatioun ëmmer ee Sujet ass fir sech ervirzedoen, besonnesch wa Gemengewalen ustinn, dann ass net wierklech einfach op all Interventioun anzegoen. Esou ass un a fir sech de Vertrieder vun déi lénk, de Laurent Biltgen mat villem averstanen, gesäit interessant Detailer, huet dann awer ee sëllech Kritikpunkte virzebréngen. Esou gëtt et him net schnell genuch mat der Erweiderung vum Projet Bëschschoul an hie wëll och, datt dat net nëmme fir Problemkanner geduecht ass.

Ganz schwéier um Häerze läit him och de Fait, datt d’Koalitioun net wéi bei de läscht Wahle versprach, déi dräi zousätzlech Schoule gebaut huet. Zudeem wäre Containerklassen och keng Léisung. Zu de Maison Relais, stellt de Laurent Biltgen dann nach fest, datt nëmme 34% vun den Escher Kanner betreit ginn, de Besoin awer bei wäit iwwer 50% läit. Och hei wier villes versprach, mee wéineg gehale ginn. Alles an allem ee gudde Grond dem Punkt net zouzestëmmen.

Och fir den Zenon Bernard vun der KPL ass de Fait, datt säit 2011 keng vun de versprache Schoule gebaut ginn ass, ee Grond dem Schäfferot eng Datz ze iwwerreechen. Hien huet dann och fir ee klengen Eclat gesuergt, wei hien sech huet missen opreegen, well ënnerstallt ginn ass, datt wann ee géint d’Schoulorganisatioun stëmmt, een den Enseignante hir Pai kéint a Fro stellen. Wat de Volet Maison Relais betrëfft, esou weist hien dorops hin, datt d’Personal do eng groussaarteg Aarbecht leescht. Och fir d’Kommuniste gëtt et där Haiser net genuch an et misst zwéngend eppes ënnerholl ginn, méiglechst Zäitno.

Wann de Luc Majerus (déi gréng) ganz zefridden ass, esou ass et awer och fir hien ee Wahljoer. Entgéint der Meenung vum Jean Tonnar, dee sech wéinst Oplage vum Ëmweltministère huet missen opreegen, wëll et de Bau vun enger Schoul verzögert, fënnt den Luc Majerus, datt d’Flantermaus wuel eppes Wichteges ass. Hie plädéiert esouguer, fir d’Schoul, déi elo eppes méi wäit awer ka gebaut ginn, och no där soll benannt ginn. Eng Ausso déi da ganz konkret Walcharakter huet, bezitt sech op d’Maison Relais’en. Hie fuerdert, datt et manner Sozialwunnenge sollt ginn, an dëst Geld dem Bau vu Maison Relais’en soll zougefouert ginn.

Méi Schoulen, mee kee portugisesch Cours

Bei der CSV war den portugisesch Cours den Ophänkert. De Georges Mischo erënnert drun, datt sech esouwuel d’Schouldirektere wéi och d’Proffen sech dogéint ausgeschwat haten. Och seng Fraktioun fuerdert méi Schoulen, gesäit awer am Géigesaz zum Luc Majerus net an, firwat ee Bauprojet ëm 50 Meter verréckelt muss ginn, wéinst enger Flantermaus déi nach keen zu Gesiicht kritt huet. A punkto Maison Relais’en huet hien dann awer och de Bauch wei a wëll dat eppes ënnerholl gëtt. Iwwer dausend Demanden déi zur Majoritéit op der Waardelëscht lande maache kloer, datt Esch an enger katastrophaler Situatioun fest stécht.

Aus den eegene Reie gëtt all Kritik zimlech relativiséiert. Fir d’Taina Bofferding (LSAP) ass d’Lag zwar eescht, mee bei wäitem net esou schlëmm wéi d’Oppositioun et wëll duerstellen. Si werft hinnen dann och vir, ausser op Verspriechen hinzeweisen, keng Virschléi virzeleeën. Et wier sécher richteg, datt villes emol ze laang dauert, bezweiwelt allerdéngs, datt et ënnert hirer Leedung méi schnell kéint goen.

Esou fält dann och dem Jean Tonnar d’Äntwert net schwéier. Hie stellt fest, datt et Parteiiwwergräifend jidderengem ëm d’Wuel vun de Kanner geet an wënscht deemjéinegen deen sech ab dem nächste Joer, also no de Gemengewalen, ëm dësen däregen Dossier këmmert vill Mutt. De Schäffe versteet dann och net wat dat Gesouers mat de Schoule soll. Consideréiert een, datt nëmmen dräi Klasse bäikomm sinn, wier et op mannst vun der Plaz hir net dee gréisste Problem. Dogéint misst sech tatsächlech op d’Maison Relais’en konzentréiert ginn. Och am Beräich vun de periscolairen Aktivitéite sollt no weidere Méiglechkeete gekuckt ginn. D’Schoulorganisatioun 2017/18 ass dann ouni d’Stëmme vun déi lénk an de Kommunisten ugeholl ginn.

Ee ganze Quartier muss renovéiert ginn

Fir de Projet „ZeBriDi“ hat de Schäffen Henri Hinterscheid (LSAP) eng grouss ugeluechte Presentatioun matbruecht. Hei gouf awer elo wierklech am Detail iwwert déi ganz Aarbechte geschwat a besonnesch wéi se sollen ëmgesat ginn. Dobäi ass et eigentlech just drëms gaangen den Devis fir d’Aarbechten unzehuelen.

Déi gréisste Problemzon ass a bleift hei d’Brillstrooss, och wann déi elo finanzméisseg net aus dem Kader fält. Hei besteet d’Suerg eigentlech haaptsächlech doranner, datt déi ganz Infrastrukturen, ugefaange mam Kanal, absolut marod sinn. Eng helle Wull Problemer déi de Commerçanten an dëser Geschäftsstrooss fir op mannst ee Joer keng Freed dierfte bereeden. Et muss awer gemaach ginn, och zu gudder lescht fir de Quartier ze revaloriséieren.

Alles gëtt deemno an Etappe gemaach, fir engersäits de Geschäftsleit d’Nuisancen esou erdréiglech wéi nëmme méiglech ze maachen an anersäits och de Fournisseuren nach en Accès ze garantéieren. An Etappe ginn dann och d’Aarbechten an de Stroossen Zenon Bernard an Liberatioun gemaach. Den Henri Hinterscheid ass sech wuel bewosst, datt et der wäert ginn déi vill Roserei mussen erdroen, mee et féiert kee Wee laanscht de Projet. Wann dann herno bis d’Foussgängerzon steet, d’verkéiersberouegt Stroossen ugeluecht an de urbane Mobilier mat de Beem opgeriicht sinn, misst sech awer jidderee freeën, datt et gemaach ginn ass.

Noutwenneg Aarbechten

An dësem Dossier verweisen déi lénk dann och alt nees dorops hin, datt et am Koalitiounsvertrag versprach war méi schnell virun ze kommen. De Guy Kersch begréisst zu gudder lescht dann awer de Projet an huet kee Problem dem Devis an Héicht vu ronn 4,3 Milliounen zouzestëmmen. Hie weist trotzdeem dorops hin, datt dat ganzt eigentlech emol nëmme 14 Millioune sollt kaschten an zu gudder läscht mat 20 Milliounen am Budget dierft stoen.

D’Taina Bofferding huet och hei eng Meenung a weist dorops hin, datt d’Aarbechten net geduecht si fir de Leit Suergen ze bereeden. Se sinn eben noutwenneg. Hir Parteifrëndin d’Astrid Freis, déi och am Geschäftsverband täteg ass, besteet awer op en Dialog mat allen déi vun der Situatioun betraff sinn, virrangeg de Geschäftsleit. Si begréisst dann och déi Entrevuen, déi et scho ginn huet a fir Berouegung bei de Concernéierte suerge konnt.

Déi gréng an d’CSV bestinn op méi Gréngs an fuerderen een Debat iwwert d’Plaz vum Individualverkéier bei de Gestaltung vum Quartier an de betraffene Stroossen. Zum Gréngs konnt den Henri Hinterscheid befriddegend Äntwerte liwweren, wat den Individualverkéier betrëfft, weist hien dorops hin, datt et ouni Mentalitéitswiessel net geet. Esou dierft den Auto also nach op mannst 15 bis 20 Joer d’Stadbild prägen. Den Devis ass dann och wéi erwaart ouni Géigestëmm ugeholl ginn.

Problem sicht Léisung

Mat enger Interventioun vun der CSV, déi sech wéinst enger kierzlech awer kuerzzäiteger ganz problematescher Verkéierssituatioun befaasst huet, ass de Sujet Kiermes zum Thema ginn. Eng Fro déi sech stellt, ass op et, zu Esch wierklech néideg zwou Kiermes’en ze hunn, an op déi dann och nach dezentral mussen opgeriicht ginn.

Mat der Ouschterkiermes, déi elo net grad ëmmer am beschte Wieder stattfënnt, dofir awer grad wéi d’Päischtkiermes ëmmer fir Verkéierschaos suergt, huet den André Zwally ee gudde Sujet fonnt. Ee Sujet deen allerdéngs kaum fir Unanimitéit dierft suergen. Wou se sech am Gemengerot awer scho bal eens sinn, ass datt d’Kiermes besser opgehuewe wier, wann se just op der Stadhausplaz an um Parvis vum Geriicht installéiert wier.

Während de Verkéiersschäffen Henri Hinterscheid och nach de Parking bei der Schmelz, a Richtung Schëffleng als Optioun betruecht, mengen déi lénk, datt do wou de neie Quartier op Terres-Rouges entsteet, beim Amenagement direkt un eng Plaz fir d’Kiermes geduecht ginn. Et schéngt also nach eppes wéi Nostalgie ze ginn, wëll déi wou sech geäussert hunn, et anscheinend flott fonnt hunn, datt ee vun enger op déi aner Plaz huet misse wanderen. Dat kann een, muss een awer net esou gesinn.

Ähnlech Sujeten Esch/Uelzecht, Gemengerot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel