Search

You may also like

Onofhängeg oder à la Carte?
Neiegkeeten

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt

E Lëtzebuerger Ouerwuerm: U.Nique mat „Wéi Fréier“
Neiegkeeten

E Lëtzebuerger Ouerwuerm: U.Nique mat „Wéi Fréier“

Tëscht dem ganze Stress an der Hektik vum Alldag denke

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland
Neiegkeeten

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland ass dëse

Esch an Zentrum vun der Kultur

Esch an Zentrum vun der Kultur

An der virleschter Sëtzung vum Gemengerot vun der Stad Esch Uelzecht, huet ass sech mam kommunale Plang fir d‘Kultur 2017 – 2017 befaasst ginn. Agangs der Sëtzung huet d‘Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP) drop higewisen, datt hei ee Meilestee gesat gëtt.

De Jean Tonnar (LSAP) ënnersträicht dann och a sengen Ausféierungen, datt dësen „Plan Communal à la Culture“ eenzegaarteg zu Lëtzebuerg ass. „Keng aner Gemeng déi sech esou dësem Sujet zougewennt hätt“, seet de Schäffen, deen am Dokument méi wéi nëmmen eng Visioun gesäit, éischter awer eng „feuille de route“ fir d‘Zukunft vun der Kultur an der Minettemetropol ze gestalten.

Zil: Kulturhaaptstad

„Firwat brauch een dat?“, stellt de Jean Tonnar eng Fro an de Raum a beäntwert se selwer. Et ass eng Fro déi se sech zu Esch scho sechs Joer laang stellen. De Plang, oder besser dat Dokument stellt eng Strategie duer, déi néideg ass fir all Servicer zesummenzeféieren an och de Lien tëscht den Haiser ze stäerken. Wéi de Kulturplang ausgeschafft ginn ass, war och nach net dru geduecht ginn, datt Esch seng Kandidatur als „Kulturhaaptstad 2022“ géif stellen. Dat Dokument awer kann ee wichtegt a gutt Argument sinn, fir als Kandidat ugeholl ze ginn.

De Schäffe weist dann nach drop hin, datt d‘Gemeng scho laang Jore vill Geld an de Grapp hëlt fir d‘Kultur zu Esch ze erhalen an ze entwéckelen. Suen déi esouwuel a Projete vun de verschidden Haiser fléissen, awer natierlech och Aarbechtsplaze finanzéieren. Kultur ass och ee wirtschaftleche Facteur ausserhalb de Kulturhaiser. Et notzt de Geschäfter, hei besonnesch dem Secteur Horesca, wëll Kultur och dem Tourismus entgéint kënnt. Zudeem ass Kultur an enger Universitéitsstad onabdénglech. Kultur ass Integratioun an de Garant fir eng Kohäsioun tëscht all de Mënschen an der Gemeng.

Nieft den Infrastrukturen déi ze kleng ginn, dem feele vun engem Haus fir d‘Veräiner an enger verbesserungswierdeger Kommunikatioun, stinn och nach vill Aarbechten un. 198 Zëmmer fir sechs Hoteller sinn och net genuch an enger Stad vun iwwer 30.000 Awunner. Do ass et begréissenswäert, datt d‘Jugendherberg bäi komm ass an och de Camping Kapassitéite fräi huet. Et misst awer nach an dësem Secteur Efforte gemaach ginn.

D‘Taina Boffering (LSAP) stellt kloer, datt de Kulturplang wäit iwwert de Versteesdemech fir d‘Kultur eraus geet, mee sech och op d‘Zesummeliewen an der Gemeng berifft an der Stadentwécklung entgéint kënnt. Och géif sech Esch mat dësem Plang iwwert déi laangwiereg Kulturassisen a sonsteg op nationalem Niveau gefouert Debatten ewech setzen. Zu Esch gëtt eben net op de Godot gewaart.

Logesch Suite zum Agenda 21

Och déi lénk begréissen de Plang an hiewen ervir, datt sech vill Gemengen am Land hei kënnen ee Beispill huelen. De Kulturplang vir esou wéi hei virgestallt, schonn elo ee Succès; en ass evolutiv an adaptéierbar. Och d‘Prioritéite wiere richteg gesat an d‘Pilot-Mesurë sinn am Sënn vun der déi lénk. Si weisen awer och drop hin, datt een et elo net eleng den Techniker iwwerloossen dierf, mee de Gemengerot ëmmer muss agebonne bleiwen.

Fir de Luc Majerus (déi gréng) huet de Plang och eng „Gréng“ Approche an déi logesch Suite zum Agenda 21. Hie leet grousse Wäert drop, datt bei dësem Projet nohalteg Ressource genotzt ginn. Hie setzt bei den Acteuren op eng laangfristeg Zesummenaarbecht. Hien hält fest, datt et déi éischte Kéier ass wou sech eng Gemeng zu Lëtzebuerg d‘Moyene gëtt nei Weeër ze goen. Participatioun vun de Bierger ass wichteg a gewënscht. Ee Projet dee parteiiwwergräifend Zoustëmmung misst fannen an och vum nächste Gemengerot (no de Wahlen) dierft weidergefouert ginn.

Och D‘CSV weist sech ganz zefridde mat der Aarbecht déi sech hei mam Plang gemaach ginn ass. Den André Zwally gesäit heiranner dann och en Outil fir déi lokal Strukture méi no uneneen ze féieren. Och hie fuerdert een Kulturzentrum an deem sech all d‘Veräiner aus der Gemeng erëmfanne. Dat d‘Rockhal am Plang integréiert ass, stéiert den Rot an deem Sënn, datt et der Gemeng net wierklech méiglech ass sech do anzebréngen. Och de Fait, datt sech déi Verantwortlech vun der Rockhal nach ni am Gemengerot virgestallt hunn, weist net op eng Zesummenaarbecht hin.

Ëmmer a Beweegung

De Pim Knaff erënnert drun, datt Kultur „par définition“ ëmmer a Beweegung ass. Hie stellt sech d‘Fro wéi déi „Beweegung“ an engem rigide Pabeier kann integréiert ginn. Esou stellt hie fest, datt och wann seng Partei haut de Projet matdréit, sech d‘Fräiheet virbehält, jee no Evolutioun vum Plang mat Kritik drop ze reagéieren. De Pim Knaff freet sech iwwer d‘Kandidatur als Kulturhaaptstad 2022 an stellt sech 100% hannert de kommunale Kulturplang esou wéi haut virgestallt ginn ass.

Deem schléisst sech de Vertrieder vun der KPL un, wéist dann awer drop hin, datt d‘Accessibilitéit zur Kultur nach ëmmer ee gréissere Problem duerstellt. Den Zenon Bernard ënnersträicht seng Wieder mam Constat, datt beispillsweis Kanner am „Modulaire“ nëmme ganz seelen dat Wuert Kultur géifen héieren. Ganz Generell sinn déi Leit aus ärmleche Verhältnesser net esou no un der Kultur wéi dëst misst sinn. Och hie fuerdert eng „Maison Culturelle“ fir deem ze begéinen.

De Plang, säi Sonnerkredit an héicht vu 50.000 Euro an och d‘Konventioun mat der CGLU (Weltverband vun de Vereenegte Stied a Lokalregierungen) sinn eestëmmeg ugeholl ginn. Gläiches ass mat de Konventioune mat der Kulturfabrik an dem „Urban Art Esch“ geschitt.

Zu Urban Art, wëll dann den André Zwally wëssen, wéi et ausgesäit wann ee Privaten och seng Fassade wëllt esou verschéineren. Gett et do en Awand säitens dem Bautereglement? D‘Vera Spautz bestätegt datt et schonn Demande ginn huet, der och nach wäerte follegen. Dat gëtt elo iwwerpréift an jee no Projet sollt et do kee Problem ginn.

Synergien tëscht Kultur a Geschäfter

De Subsid an héicht vun 100.000 Euro fir d‘ASBL „Esch 2022“ ass ugeholl ginn. De fir „Art Shopping“ wou de Geschäftsverband och ënnerstëtzend am Kader vun „Esch 2022“ aktiv ass, an héicht 65.000 Euro, huet Froen opgeworf. D‘CSV an déi lénk wëlle wësse firwat dat Geld genotzt gëtt. De Kulturschäffe bestätegt, datt et een eegene Projet vun der ACAI ass an d‘Sue fir Artisten a Konschtprojete virgesi sinn. Eng Äntwert déi den zwou Oppositiounsparteie keng Satisfaktioun bréngt, firwat sech CSV an déi Lénk beim Vote enthalen hunn.

Beim Projet „My Urban Piano“ fir deen ee Subsid vun 20.706 Euro néideg ass, hat dann erëm d‘Zoustëmmung vum alle Parteien.

Eco-Village

Mat engem weidere Projet „phare“ fir Lëtzebuerg, freet d‘Buergermeeschtesch ëm d‘Zoustëmmung fir d‘Uleeë vum engem Eco-Village zu Esch. ET soll eng konsequent Plattform vun der Kreeslafwirtschaft opgebaut ginn. Déi baséiert um Upcycling, der lokaler Produktioun an ökologesche Wäerter.

Finanzéiert gëtt de Projet wuel och mat Geld vun der Gemeng. Mee och de Staat an d‘EU esou wéi Organisatiounen a privat Leit investéieren hei. De Joresbudget fir 2017 ass op 452.000 Euro festgeluecht ginn, 2018 sinn et der 654.000 an 2019 da 694.000. D‘Vera Spautz leet wäert drop, datt et sech hei och ëm ee soziale Projet handelt an am besonnesche Mënsche mat niddrege Qualifikatiounen eng Schaff soll bidden.

D‘Gouvernance vum Projet huet d‘ASBL „BENU VILLAGE“ mat där eng Konventioun ënnerschriwwe gëtt. D‘Iddi hannert der Iddi ass et och de Quartier aus der „Versenkung“ ze huelen an d‘Leit vun de Quartiere ronderëm d‘Rue d‘Audun an dem Boulevard Prince Henri an de Projet anzebannen. Fir den Dr. Martin Kox (déi gréng) dréit de Projet zur Stadentwécklung bäi an e soll och eng gewëssen Dynamik am Quartier Brill ausléisen. Et wier eng alternativ zur konventioneller Wirtschaft.

E soziale Projet

Déi Lénk gesinn am Projet interessant Perspektiven, weisen awer drop hin, datt de virgeluechten Dossier ze iwwerflächlech gestalt ginn ass. Begréisst gëtt, datt d‘Notzung vum Areal eng nei Verbindung tëscht zwee Quartieren hierstellt. De Guy Kersch appreciéiert och d‘Iddi vun der Kreeslafwirtschaft an de soziale Charakter vun dësem Projet. Detailléier wéi et dann elo schliisslech sollt ausgesinn, seet d‘Vera Spautz, ginn ugangs September op enger grousser Versammlung mat allen Parteie virgestallt.

Fir de Christian Weis ass de Projet „Eco-Village“ un a fir sech ganz Interessant, fillt sech awer nat ganz wuel der Konventioun zouzestëmmen. Him wier et léiwer de Schäfferot hätt eng orientéiert Ausriichtung a géif sech generell de Start-Up Entreprisen zouwennen. Dat bedeit net, datt d‘CSV géint de Projet op Basis vun enger Kreeslafwirtschaft ass. Si erkennt de soziale Volet duerchaus. Leider ass net kloer wien sech an de Projet kann abréngen a wéi eng Konditiounen dorunner gebonne sinn. D‘Konventioun ass mat der Enthalung vun den CSV-Réit ugeholl ginn.

Zu Enn vun der Sëtzung ass ee Gebai an den Inventar vun nationale Monumenter vun den industrielle Gebaier opgeholl ginn. De Jean Tonnar a senger Funktioun als Schoulschäffen huet dunn och nach de Bilan PRS, den u sech elo PDS ass (Plan de Développement de l‘Etablissement Scolaire) virgeluecht. Eng u sech reng bürokratesch Mesure déi keen Afloss op de schouleschen Erfolleg huet a beschtefalls den Enseignante fräi Stonnen abréngt.

Déi verschidden temporär Verkéiersreglementer an och de Joressubsid an héicht vun 18.500 Euro vun der „Initiativ rëm Schaffen ASBL“ sinn ugeholl ginn.

Related topics Esch/Uelzecht, Kultur
Next post Previous post