Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet am virtuelle Raum
Kultur Neiegkeeten

EU-Sommet am virtuelle Raum

En europäesche Sommet per Visiokonferenz ofzehalen ass en Challenge, mee

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm
Kultur Neiegkeeten

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm

Gëschter huet déi intern Opsiicht vum US-Hémechtschutzministère (Homeland Security) no

Süd-Dakota: 56 järege Mäerder higeriicht
Kultur Neiegkeeten

Süd-Dakota: 56 järege Mäerder higeriicht

En Amerikaner vu 56 Joer ass e Méindeg mat der

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand

Déi Escher hunn eng Etüd lancéiert, bei där et drëms geet eng fundéiert Analys zum Equipement an der kultureller Programmatioun vun der Stad ze maachen. Déi Verantwortlech géifen sech iwwert d‘Bedeelegung vun de Bierger freeën, well hir Meenung, Usiichten a méiglecherweis Virschléi, am Kontext vun zukünftegen Aktivitéiten, e wichtege Beitrag leeschte kënnen.

Fir dës Etüd soll et dann och zu Entrevue mat de Bierger kommen. Aarbechter, Studenten a Rentner, egal ob mat oder ouni Erfahrung vun der kultureller Praxis, jiddereen ass ageluede säi Pefferkär bei ze droen. Dat méiglechst mat konstruktive Remarken an/oder Virschléi. Dës Entrevue sollen dann och am „klenger Kader“ also mat Gruppe vun enger Dose Leit stattfannen.

Déi genee Datumer an Standuerter op deenen dës Entrevue wäerten organiséiert ginn, goufen nach net definitiv bestëmmt. Gewosst ass awer, datt een dës Etüd Ufank/Mëtt Februar maache wëll an d‘Entrevuen eng Dauer vu ronn zwou Stonnen hunn. Hei kënnen d‘Participanten hire Standpunkt duerleeën an erklären, wéi si d‘Stad Esch a seng Kultur bewäerten, wat gutt a manner gutt ass…

Et ass eng wichteg Etüd – net nëmmen am Kontext vun Esch 2022 – well et heescht ganz konkret, datt all d‘Aussoen, Propose an esouguer d‘Awänn registréiert an analyséiert ginn. Heibäi gëtt awer d‘Privatsphär vun alle Bedeelegte respektéiert. Sënn an Zweck ass et schliisslech, d‘Kulturpolitik no de Wënsch vun de Leit auszeriichten, och wann dat der Quadratur vum Krees gläich kënnt.

Mee et ass wichteg an et léisst sech un dëser Etüd och bemoossen, op eng participativ Politik seng Friichten droe kann. Et ass déi Geleeënheet sech fir seng Stad ze engagéieren an och emol gehéiert ze ginn. Doriwwer eraus ass et och gutt sech mat aneren auszetauschen, gesi wou d‘Geeschter sech scheeden a wéi een zur Kultur an all senge Forme steet. Kultur ass jo wéi d‘Stad Esch: Villfälteg.

Wann dir also en Escher oder Escherin sidd, Kultur fir iech wichteg ass an dir mengt do wier nach eppes Spillraum no uewen… ma da sollt dir är Meenung net zréckhalen an hei matmaachen. Wien interesséiert ass, muss sech dofir just mam Service „Kultur“ vun der Escher Gemeng a Verbindung setzen, dat nach virum 24. Januar. Umelle gëtt per Telefon 27 54 78 31 oder per e-Mail.

Illustratioun: Et ass mat der Kultur wéi mat de Mënschen: et gëtt es vun all Zort an seele besteet Unanimitéit. Mir sinn Individualisten, op der Schaff, am Alldag an iwwerhaapt. D‘Goût ass eppes ganz perséinleches, d‘Toleranz anere géinteniwwer déi beschten Dugend, firwat et wichteg ass sech ze begéinen, d‘Wënsch vun deem engen anere kennenzeléieren, déi eegen zum Ausdrock ze bréngen. Zesummeliewen a d‘Kultur genéisse kann tatsächlech esou einfach sinn… (Dean Moriarty / Pixabay)

Ähnlech Sujeten Biergerbedeelegung, Esch-Uelzecht, Etüd, Kultur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel