Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
Kultur Neiegkeeten

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2018 si se

Schaarschtechbotzer wëllkomm – op d’Joer 2019!
Kultur Neiegkeeten

Schaarschtechbotzer wëllkomm – op d’Joer 2019!

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg d’Schaarschtechbotzer

Covid19: Krisegestioun op brasilianesch
Kultur Neiegkeeten

Covid19: Krisegestioun op brasilianesch

Fir de brasilianesche President Jair Bolsonaro ass de Coronavirus Covid19

Esch-Uelzecht: Gemengerot trëfft weeweisend Entscheedung fir den Ariston

Esch-Uelzecht: Gemengerot trëfft weeweisend Entscheedung fir den Ariston

Esch gëtt 2022 (mat anere Partnergemengen) Kulturhaaptstad an dat dierft d‘Decisioun de fréiere Kino Ariston ze renovéieren eppes beschleunegt hunn. An der Sëtzung vum Gemengerot vum leschte Freideg ass de Projet: e regionalen Theater fir Kanner an ee Festsall fir Veräiner am ale Kino bei der Brillschoul anzeriichten, ugeholl ginn.

De Bauteschäffe Martin Kox (déi gréng) huet de Gesamtprojet „Ariston“ den 31. Januar virgestallt. D‘Pläng fir d‘Renovéierung, déi ronn 14 Milliounen Euro kaschte wäert, sinn eestëmmeg ugeholl ginn. Dat sinn eigentlech ganz gutt Nouvellen, woubäi et elo och dem den Zäitplang geet. Ëmmerhi sollt sech dësen neie Kulturtempel an de Projet „Esch 2022“ agliddere loossen.

Fir elo awer seng Plaz am Programm vun „Esch 2022“, dee vum 22. Februar bis den 22. Dezember 2022 d‘Minettmetropole zur europäescher Kulturhaaptstad mécht anzehuelen, dierf elo keng Zäit méi verplempert ginn. Hei gesäit de Conseiller vun déi lénk, Marx Baum, e méigleche Problem. Hie begréisst mat vill Engagement d‘Pläng déi virgeluecht goufen, mee gëtt ze bedenken, datt déi Aarbechte bis allerspéitstens fir den Abrëll 2022 mussen ofgeschloss sinn.

Den Zäitplang bereet awer och villen aneren am Escher Gemengerot eppes Kappzerbrieches, wat eigentlech ee gutt Zeechen ass, well wann se all de Projet realiséiert gesi wëllen, sollt den Drock op dat ausféierend Organ entspriechend héich sinn. Beoptraagt gouf „WW+“ an si hunn den Challenge ugeholl. Hei ass een dann och ganz zouversiichtlech dat d‘Terminer ze hale sinn.

Et hätt ee sech éischter Entscheede kënnen

Wann ee elo awer en Ament Ofstand vun den Terminer hëlt, sollt ee sech och der Qualitéit vum Projet u sech zouwennen. Esou huet d‘Daliah Scholl (DP), richteg bemierkt, datt d‘Renovéierung vum Ariston wuel an éischter Linn eng Plus-value fir Esch ass, mee och ee groussen Apport fir déi gesamt Südregioun ass. Mam Projet gëtt och d‘Kulturpolitik vun der Stad ënnerstrach.

Den Daniel Codello (Volt) huet de Projet och begréisst, dee sech nieft dem kulturellen Zweck och an d‘Integratiounspolitik vun der Gemeng agliddert. Bedauert huet de Conseiller eenzeg, datt ee vill Zäit versträiche gelooss huet an een dat schonn d‘Lescht hätt kënnen iwwert d‘Bühn bréngen, wat d‘Kappzerbrieches mat den Delaie verhënnert hätt. Fir d‘CSV-Fraktioun huet de Bruno Cavaleiro dee vum Bauteschäffe virgestallte Renovatiounsprojet als Zukunftsweisend begréisst.

Verweise mir hei dann och nach drop, datt de Projet net integral aus der Gemengekeess muss finanzéiert ginn. Subside vum Kulturministère decke wuel net den Ensembel vun de Käschten of, mee et géif een hei gemeinsam Ziler verfollegen. D‘Subside vum Kulturministère bezéien sech op ganz prezis Punkten, wéi beispillsweis d‘Aarbechten un der Fassade vum ale Kino.

Ganz ouni politescht Gestreits geet et dann awer net

Wann ee sech eens ass an (eigentlech) alleguerten de Bléck no vir geriicht hunn, dann dierf ee schonn eppes verwonnert sinn, firwat de Kulturschäffe Pim Knaff (DP) mam grousse Läffel an de Bräi schloe muss. Gutt, hie war elo net wierklech „zaart“ behandelt ginn, wat dem Ëmgang mat dësem kulturelle Projet betrëfft, mee hei hätt hie Gréisst beweise kënnen.

Deem war net esou an hien huet zimlech däitlech déi fréier Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP) ugegraff, där hien ënnerstellt, datt 2017 alles mam Proprietär vum Gebai hätt kënne gekläert ginn. De Projet awer steet a Virgrond firwat de verbalen Exkurs net Ziilféierend ass.

Wat elo dës nei Infrastruktur betrëfft, esou hält de Kulturschäffe fest, datt den Uert en Theater fir déi Jonk an fir onofhängeg Truppe gëtt. Et soll kënne Konferenzen ofgehale, an och Filmer sollte weiderhi virgefouert ginn, och wann et kee Kino am eigentleche Sënn wäert sinn. Interessant déi kleng Remark: „et gëtt keng Konkurrenz zum Kinosch an der Kulturfabrik“. Ob a wéi et hei awer zu enger Kooperatioun komme kann, dozou huet de Pim Knaff näischt gesot.

Foto: Jim Hawk (cc by.sa 3.0)

Ähnlech Sujeten Ariston, Esch 2022, Esch-Uelzecht, Jugendtheater, Kultur, Martin Kox, Pim Knaff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel