USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid
Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun
Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun
D’Stad Lëtzebuerg huet elo annoncéiert, datt vum 29. November bis
Am Kader vun den Aarbechten zum Reamenagement vum Pont Buchler
Mat der Reorganisatioun vum generellen Amenagementsplang (PAG) huet den Escher Schäfferot eng ganz Rei Mesuren afléisse gelooss, déi sech de Reegele vun der Cohabitatioun unhuelen. Et geet heibäi an éischter Linn dem wäitleefege Mëssbrauch de Reedel virzeleeën.
Mam neie PAG sollen d‘Konditioune vum Logement däitlech verbessert ginn. Tatsächlech ass et esou, datt d‘Gemeng an de leschte Jore villes op de Leescht geholl huet, dat een esou einfach net méi toleréiere kann. Besonnesch d‘Verloune vu meubléierten Zëmmer (oft iwwer Bistroen) huet deene Verantwortleche vill Kappzerbrieches bereet.
De Gros vun dësen „Zëmmer“ war net am Aklang mat den Obligatioune bezunn op d‘Konformitéit an a punkto Salubritéit huet och einfach ze vill Mängel ginn. Deem konnt een esou net méi nokucken. Gesäit een emol vum Fait of, datt d‘Locatairen ausgenotzt an iwwert de Leescht gezu ginn, esou féiert dëse Phenomen och zur Opspléckung vun Appartementer an Eefamilljenhaiser.
Esou eppes wierkt sech dann nach zousätzlech op d‘Präisser vum Logement aus, an dat net zu Gonschte vun de Locatairen. Aus dësem Grond huet de Schäfferot vun der Stad Esch-Uelzecht beschloss, dës Cohabitatioun ze reglementéieren. Eng Moossnam zum Schutz vun de Locatairen, déi awer net bedeit, datt d‘Cohabitatioun zu Esch generell ënnersot gëtt.
Well et jo erwisen ass, datt déi „fräiwëlleg Selbstkontroll“ keng Friichten dréit, brauch et Reegelen a wien Reegele seet mengt domadder och, datt et muss eng Kontroll ginn. Aus dësem verständleche Grond, muss een, iert een Zëmmer verloune kann, elo eng Demande op der Gemeng areechen. Déi gëtt vun den zoustännege Servicer gepréift an do gëtt dann och iwwert d‘Geneemegung entscheet.
Divers „Stëmmen“ fäerten elo, datt eng gewëssen Unzuel vu Mënschen esou hiren Dach iwwert dem Kapp kéinte verléieren. Si ginn ze bedenken, datt et oft éischter „aarm Däiwele“ sinn, déi op esou Logement ugewise sinn. Wunnraum ass knapp, oft hunn d‘Leit net d‘Moyenen eng déck Kautioun ze hannerleeën, wat hinne vill Optioune bei der Sich no enger Wunneng entzitt.
Op där aner Säit muss berécksiichtegt ginn, datt ofgesi vum „Zoustand“ an deenen sech dës Logementer befannen, de Loyer – bezunn op déi disponibel Quadratmeter – eigentlech ëmmer „Wucher“ ass, firwat et ausgeschloss ass, do seriéis ee puer Sou op d‘Säit ze leeën, fir déi anerwäerts gefuerdert Kautioun zesummenzekréien.
Natierlech muss een, wann esou Mesure ergräift, de Besoin vun de Leit berécksiichtegen. Dat bedeit, datt een en zousätzlechen Effort am Kontext vum soziale Wunnengsbau leeschten, an hei eventuell och nei Weeër aschloe muss. Wéi esou kéint ausgesinn, datt huet d‘Gemeng den Ament nach net verroden. Heimat sollt si sech dann awer net ze vill Zäit loossen.
Illustratioun: Och bei de Definitioun „Chambre meublée“ ass d‘Interpretatioun eng Fro vun der „Urgence“, firwat ee scho frou sollt sinn ee Bett an ee Schaf ze hunn. D‘Sanitäre muss ee sech oft mat den anere Bewunner deelen, wat ne seelen zu Sträit féiert. A fir vill Leit ass et déi eenzeg Alternativ zur Strooss. © Dyana Wing So / unsplash