Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum groussherzoglechen Haff matgedeelt huet, hätt sech

Den OGBL kritt eng nei Spëtzt
Kultur Neiegkeeten

Den OGBL kritt eng nei Spëtzt

An der gréisster Gewerkschaft vum Land, dem OGBL, soll et

Universitéit bitt Studium fir Weltraumfuerschung un
Kultur Neiegkeeten

Universitéit bitt Studium fir Weltraumfuerschung un

E Freideg hunn de Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), den Educatiounsminister

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur

Kommt a werft e Bléck op déi al Minièren-Standuerter, dank dem Aldo Sagramola

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur

De Sonndeg 30. Juni ass zu Esch Uelzecht am Ellergronn dat grousst Fest „En Dag an der Natur“. E Spaass fir jonk an al, bei deem et nieft villen Animatiounen, e sëllechen Atelieren, vill Gedéiesch an artisanale Produiten, och Kulinaresches ze entdecke gëtt.

Iert awer de Fieschter, Michel Leytem, op den Dagesprogramm vun e Sonndeg konnt agoen, hu mir zesumme mat de Vertrieder vum Escher Schäfferot, Representante vu diverse Veräiner an dem Haushär, dem talentéierten Amateur-Fotograf Aldo Sagramola seng Ausstellung: „Rétrospective 2011-2018 Un regard sur les anciens sites miniers à ciel ouvert“ inauguréiert.

Esch

Den Aldo Sagramola ass kee professionellen a geüübten Orateur, a villes koum, esou wéi et sech fir en Escher gehéiert: „vun der Long op d‘Zong“. Seng Erklärungen an Erläuterunge waren awer komplett an d‘Anekdote sollt ee sech gemierkt hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass dem Aldo Sagramola op eng einfach an awer enger „gekonnter“ Aart a Weis gelongen, den industrielle Patrimoine esou wéi e sech eis haut presentéiert duerzestellen. Datt et awer zu enger Ausstellung géif kommen, datt hat hien sech, wéi hie mam Projet ugefaangen hat, ne erwaart. An esou war hie ganz Frou, dat sech vill Leit fir seng Aarbechten interesséiert hunn.

Esch beweegt Kultur

De Schäffen Änder Zwally (CSV), huet beim Vernissage e puer Besonneschkeeten ervirgehuewen. Esou sinn dem Aldo seng Wierker wäit méi wéi nëmme kënschtleresch wäertvoll, et ass och a virun allem en Temoignage am Kontext vun der industrieller Vergaangenheet, net nëmme vun Esch, mee dem ganze Süden. An d‘Industriekultur gehéiert selbstverständlech gefleegt a geheegt ze ginn.

Esch

Et wier, esou den Änder, och ganz erfreelech datt sech, déi Escher Bierger mat abréngen an hire Beitrag zum Erhalt vun der Erënnerung u „produktiv“ Zäite leeschten. Näischt ass fir d‘Éiwegkeet an esou huet den Aldo Sagramola hei emol eng aner „Zäitfënster“ opgerappt an d‘Evolutioun vun der vum Stol gepräägter Regioun am Bild festgehalen: „ Vergaangenheet aus der Siicht vun haut“.

Keng Plaz fir Langweil

Fir de Michel Leytem vun der ANF, deen sech mam natierleche Patrimoine am Ellergronn befaasst, ass et engersäits immens flott ze gesinn, datt sech d‘Bierger mat hirer Géigend identifizéieren an déi dokumentéieren. Hien ass och ganz frou doriwwer, datt d‘Ausstellung am alen Elektrizitéitswierk vun der Minn Cockerill stattfënnt an am Kader vum „En Dag an der Natur“ fir de Public op ass.

Esch

Hie géif sech freeë wann um Sonndeg méiglechst vill Leit d‘Fest besiche kommen – wa méiglech mam ëffentlechen Transport – well nieft dem Aldo Sagramola senger Ausstellung, gëtt et vun 10 bis 17 Auer vill Interessantes ze entdecken, Ateliere wou e kann aktiv matmaachen a soss eng helle Wull un Animatioune fir all Altersklass. An et ass ee bei dësem Wieder do och gutt opgehuewen…

Foto: E gutt A ass wichteg, et richteg ze benotzen eng Konscht. Déi beherrscht den Aldo Sagramola a beweist mat senger Aarbecht, datt et keen Alter gëtt fir sech fir eppes ze interesséieren a sech fir seng gemeng ze engagéieren. Seng Opname vun den ale Minièren-Standuerter muss een einfach gesinn hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aldo Sagramola, Änder Zwally, Ausstellung, Ellergronn, En Dag an der Natur, Esch-Uelzecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel