Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess
Kultur Neiegkeeten

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess

D‘Land a Mëttelamerika steet virum Biergerkrich. Trotz allem ass dem

E Minister, seng Police an 62 Datebanken
Kultur Neiegkeeten

E Minister, seng Police an 62 Datebanken

De Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng), ass nach

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
Kultur Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch
Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
© Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch

Dat déi Escher „Nuit de la Culture“ war wéinst der Trauer ëm den dout vum Groussherzog Jean am Mee ausgefall, konnt dann awer dëse 14. September nogeholl ginn. Ee ganz flott Evenement, dat zudeem vu ganz summerleche Wiederkonditioune profitéiere konnt.

Elo kéint ee kregéilen an uféieren datt an der Minettemetropol d‘Nuecht fréi, ganz fréi ufänkt, nämlech um 16 Auer fir genee ze sinn. Ugesiichts deem wat engem gebuede gëtt, mécht dat awer absolut Sënn et well et dem Public d‘Méiglechkeet gëtt, engersäits d‘Krapperten anzepaken a fir Kultur ze begeeschteren, anersäits et erméiglecht de Maximum vum Programm ze erliewen.

An et war en zolitte Programm, deen zudeem iwwert de ganze Stadzentrum verdeelt war. Villsäiteg a faarweg, vun Ausstellung, iwwer Musek, Theater a Stroossekonscht, kaum e Volet deen sech déi Escher net vergënnt hätten. A si hu mat dëser Astellung Erfolleg. Aus dem ganze Land si se komm, an och aus der Groussregioun war den Zousproch grouss, fir bei dëser 8. Editioun derbäi ze sinn.

Mat 29 Statioune war ee gutt beroden sech am Virfeld „säin eegene Programm“ opzestellen, woubäi dat elo net déi einfachst Missioun war, déi d‘Organisateuren dem Public operluecht hunn. Infoen zu den eenzele Spektakel, Opféierungen an/oder Ausstellungen huet wuel ginn, leider net an engem Ausmooss dat engem erlabe géif ze soen et wier „Explizit“ gewiescht. Do ass nach Loft no uewen.

Och eng Rei Installatiounen hätten dierfen eppes méi „visibel“ dierfe sinn, wéi och säitens Kenner vun Esch bemierkt ginn ass. Fir eng Stad mam Usproch op „Kulturhaaptstad 2022“ net wierklech dat wou ee vun enger Visittekaart schwätze kann. Dofir konnt d‘Kulturfabrik sech nees als de Profi a Saachen Organisatioun presentéieren. Den Event an der Schwämm war nees eppes fir Insider…

Wann ee generell dierf bestätegen an et esouguer erlaabt muss sinn ze ënnersträichen, datt d‘Offer héichwäerteg an immens interessant war, esou kënnt een net laanscht eppes Kritik. Net fir deene villen Hänn d‘Flemm anzedreiwen, well den Evenement soll eis erhale bleiwen, mee unzereegen et mat méi a virun allem besseren Informatiounen ze begleeden. Dat war nach net Kulturhaaptstad…

Fotoen: © Marc Lazzarini /NDLC/Gemeng Esch

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Nuecht vun der Kultur, Nuit de la Culture
Nächsten Artikel Virrechten Artikel