Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
blow off valve hookup

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box

Gëschter Owend ass de Kierchbierg vu schwaarz gekleete Gestalte besicht

matchmaking pes 2018 pc
blow off valve hookup

https://moien.lu/i-am-dating-someone-better-than-you-reply/

Dem Donald Trump seng chaotesch Presidence huet gëschter ee neien

dislike
Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul
blow off valve hookup

Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul

Bei der Explosioun vun enger Autosbomm, déi an enger Ambulanz

Esch-Uelzecht: D‘Fixerstuff soll déi nächst Woch hir Dieren opmaachen

No der Fixerstuff am „Abrigado“ zu Lëtzebuerg och eng am „Contact Esch“

Esch-Uelzecht: D‘Fixerstuff soll déi nächst Woch hir Dieren opmaachen

Bis ewell war huet et just eng Fixerstuff ginn, an déi ass am „Abrigado“ an der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht. Et handelt sech heibäi ëm eng Struktur an där drogesüchteg Persoune kontrolléiert hirer Sucht nokomme kënnen. Elo kritt déi zweet gréisst Stad am Land och esou eng Struktur.

D‘Struktur „Contact Esch“ ass offiziell vum Gesondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) an dem Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) a Presenz vum Dr. Alain Origer (Nationale Coordinateur „Drogen“) an dem Jean-Nico Pierre (Direkter vun der Stëftung Jugend- an Drogenhëllef) um 130 Lëtzebuerger Strooss ageweit ginn. Schonn déi nächst Woch sollen déi éischt Clienten empfaange ginn.

De Minister begréisst déi humanitär Orientatioun vun der Struktur, an där soll gestallt sinn, datt och déi Drogenofhängeg mat Respekt an Dignitéit behandelt ginn. Säit der Opstellung vum nationalen Aktiounsplang „Drogen a Suchten 2005-2009“ notzen ëmmer méi ofhängeg Persounen d‘Offer, déi d‘Risike vun enger Iwwerdoséierung reduzéiert. Esou si beispillsweis an der Stad am „Abrigado“ bis haut eng 2.200 Fäll vun Iwwerdosis geréiert ginn.

D‘Preventioun stäerken, d‘Riske miniméieren

An den Etienne Schneider stellt fest: „Wa mir versichen den Drogekonsum an der Bevëlkerung, esou wéi d‘Konsequenze vum Drogemëssbrauch anzedämmen, da verfollege mir eigentlech ëmmer een an dat selwecht Zil: dem Schued deen duerch den Drogekonsum entsteet virzebeugen. Déi eenzeg Variabel an dëser Gläichung ass den Ament an deem mir kënnen oder mussen agräifen“.

Fixerstuff

(v.l.n.r.) André Zwally (Schäffen – CSV), Pim Knaff (Schäffen – DP), Mandy Ragni (Schäffen – déi gréng), Goerges Mischo (Buergermeeschter – CSV), Etienne Schneider (Minister – LSAP), Jean-Nico Pierre (President Stëftung Jugend- an Drogenhëllef) © Emile Hengen /Fotothéik Stad Esch

Den Direkter vun der Stëftung Jugend- an Drogenhëllef stellt aleedend fest, datt et sécherlech vill Grënn dofir gëtt, datt e Mënsch „op der Strooss lant“ an et där grad esouvill sinn, déi derzou féiere bei der Jugend- an Drogenhëllef un d‘Dier ze klappen. Fir hien ass de „Contact Esch“ dann och wäit méi wéi e „Sozialbüro fir Drogenofhängeger“. Et geet deemno net nëmmen ëm de Konsum.

Fir d‘Gestioun vun der Fixerstuff ass d‘Stëftung verantwortlech, an de Jean-Nico Pierre betount, datt sech déi Escher Struktur net eenzeg an eleng als sécheren Uert fir de Konsum opstellt. Hei solle Sozialaarbechter déi Drogenofhängeg encadréieren, et soll méiglech sinn eppes z‘Iessen an ze drénken. Vervollstännegt gëtt d‘Offer mat enger Infirmerie a sanitären Anlagen. Do wunne geet net.

Et war e laange Wee dohinner

Dat et dann elo endlech zur Aweiung komm ass, nodeems zwee Joerzéngten driwwer gestridde gouf ass ze begréissen, och oder vläicht grad d‘Gesellschaft nach ëmmer hir Ae virun de Realitéite vum Liewe verschléisst. D‘Fixerstuff huet hir Adress op 130 Lëtzebuerger Strooss (dat ass tëscht der KuFa an dem Cactus), an et gëtt esouwuel Zousproch wéi zolitte Widderstand, mee dat ass net nei.

Fixerstuff

De Gesondheetsminister Etienne Schneider begréisst de soziale Charakter vun dëser neier Ariichtung. © Emile Hengen /Fotothéik Stad Esch

Bei dësem Projet, wou déi éischt Gespréicher 1998 lancéiert goufen, sinn dräi Buergermeeschter a véier Minister verschlass ginn. A och wann sech déi meeschte Leit am Land bewosst sinn, datt esou Strukturen absolut noutwenneg sinn, wann et awer drëms geet se opzeriichten da verschléissen déi selwecht leit d‘Aen. Elo wou e steet, muss de Projet nach perenniséiert ginn, wat en Challenge ass.

Zudeem ass de Besoin fir d‘Südregioun bekannt. Gutt en Drëttel vun den Drogenofhängegen déi an der Stad bei „Abrigado“ op der Matt stinn, kommen aus enger Südgemeng. Vill Toxikomane ginn net an esou eng Struktur, an esouwuel den Etienne Schneider wéi och de Jean-Nico Pierre wëssen datt eng méi global Léisung brauch. Zwou Strukture kënne beschtefalls en Ufank sinn.

Foto: Inauguratioun vum „Contact Esch“ © Emile Hengen /Fotothéik Stad Esch

Ähnlech Sujeten Contact Esch, Esch-Uelzecht, Etienne Schneider, Fixerstuff, Jean-Nico Pierre, Jugend- an Drogenhëllef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel