Search

You may also like

De Jeff Schmit gëtt Direkter vum neie Prisong Uerschterhaff
Neiegkeeten

De Jeff Schmit gëtt Direkter vum neie Prisong Uerschterhaff

Ab dem 1. Juni 2020 wäert de Jeff Schmit d’Tâche

Réckbléck: De Massaker vun den Herero an de Nama
Neiegkeeten

Réckbléck: De Massaker vun den Herero an de Nama

De Massaker an Namibia, ab1904, vun zeg Dausenden Herero a

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou
Neiegkeeten

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou

Et ass een neie schwéiere Schlag fir d’Notzer an d’Employéen:

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz

Op d’LSAP mam Vera Spautz nach emol de Buergermeeschter an der Minettemetropole stelle kann, dat dierf vun Dag zu Dag ëmmer méi bezweiwelt ginn. D’Majoritéit ass bei der Däiwel an déi gréng sinn eigentlech déi eenzeg, déi do nach eppes dru kéinten änneren.

Allerdéngs lafen d’Koalitiounsgespréicher bei der CSV gutt an si erhiewen unhand vun de Resultater e berechtegten Usproch op d’Verantwortung. Mat den déi gréng war sech um Mëttwoch zesummegesat ginn. Eng ganz „konstruktiv“ Entrevue, wéi béid Säiten duerchklénge gelooss hunn.

Um Donneschdeg dann d’Gespréich mat der DP. Déi muss d’CSV och mat eranhuelen, fir d’Majoritéit am Gemengerot sécher ze hunn. Eng Entrevue déi awer vu villen éischter als eng Formalitéit betruecht gëtt. D’DP huet mat sengen zwee Mandater och e verhältnesméisseg gutt Resultat erreecht an ass bereet.

Alles deit also op eng schwaarz-gréng-blo Koalitioun hin. En historesche Moment sollt sech dat verwierklechen. Säit den 20er Jore war eigentlech ëmmer – ofgesi vun der CSV-LSAP Koalitioun vun 1946 bis 1949 – „Rout“, woubäi meeschtens d’Sozialisten d’Heft an der Hand haten.

De politesche Wandel

Iert een elo awer de Pelz vum Bier verkeeft iert deen erleedegt ginn ass, mussen elo nach d’Fraktiounen dem Koalitiounsaccord zoustëmmen. An hei kéinte beschtefalls déi gréng der CSV nach e Stréch duerch d’Rechnung maachen. Woubäi si et einfach hunn, laanscht si kënnt keen.

Wéi et dann am Moment am Kapp vun der Buergermeeschtesch ausgesäit, kee kann dat mat Sécherheet soen. D’Vera Spautz jiddefalls, huet mat senger Fraktioun alles dru gesat déi gréng ze iwwerzeegen, zesumme mat déi Lénk d’Verantwortung fir Esch Uelzecht ze behalen.

Mee wann een éierlech ass, d’LSAP huet mam Verloscht vun dräi Mandater net méi d’Vertraue vum Escher Wieler. Zudeem war d’Optioun deene jonke vun der LSAP d’Verantwortung ze iwwerdroen ni wierklech am Gespréich. Och d’Nidderlag agestoen, ass net eng vun de Stäerkte vun der Escher LSAP.

De Feeler net gesinn

Et war dann awer eng ugekënnegt Nidderlag. Schonn zanter Méint huet et zu Esch Uelzecht ramouert. Schold ass dann och net déi allgemeng europäesch Situatioun, nach net emol déi national Politik kann hei ugefouert ginn. Et si villméi déi sëlleche verpasste Chancen a Feeler déi d’LSAP-Fraktioun sech zu Schold huet komme gelooss, déi um Wahlsonndeg zum droe komm sinn.

Op et elo ze vill Sozialpolitik war oder net genuch fir de Stadkär gemaach ginn ass, doriwwer léisst sech streiden. Wat awer ersiichtlech ass, dat ass d’Verhältnis vun deene jonke Sozialisten zu hiren „Alen“. Deenen hir Usiichte stoungen ëmmer iergendwéi am Hannergrond a si sinn dann och eigentlech déi wou d’Wahl um Sonndeg verluer hunn.

Dat mat engem CSV-Buergermeeschter elo awer zu Esch Uelzecht nees alles gutt soll ginn, dat wier där gudde Behaaptungen ze vill. De Wiessel kann awer – a muss och – zu Verbesserunge féieren. Aner Prioritéite wäerten de Gemengerot an de nächste Méint a Jore veränneren. Op do allerdéngs vill Spillraum ass fir dem Wielerwonsch ze entspriechen, dat gëllt et ofzewaarden.

Related topics CSV, Esch-Uelzecht, Gemengewahlen, LSAP
Next post Previous post