Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“
Neiegkeeten

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“

Wat sech den Ament an der politescher Zeen zu Berlin

Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler: mam Liu Xiaobo ass eng grouss Perséinlechkeet vun eis gaangen
Neiegkeeten

Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler: mam Liu Xiaobo ass eng grouss Perséinlechkeet vun eis gaangen

Am Alter vun 61 Joer ass um Donneschdeg den chineseschen

money
Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“
Neiegkeeten

Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“

Laut enger Etüd vu Mastercard, ginn hei zu Lëtzebuerg 37%

Esch-Uelzecht: Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch

Esch-Uelzecht: Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch

Op der Sëtzung vum Escher Gemengerot um Freideg ass et ëm d’Suerge mam Wunnraum gaange. Sécherlech ass et eng positiv Feststellung, datt et zwar méi sozial Wunnenge gëtt wéi dat soss uechtert d’Land de Fall ass, a wou de Loyer, dee sech nom Akommes richt a all Joer nei berechent gëtt, leider geet et nach ëmmer net duer.

264 Wunnengen si verlount, 39 ginn der am Ament renovéiert, 33 weider Renovéierungen si geplangt, 4 sinn der nach fräi – wëll eng kleng Reserve noutwenneg ass – an een Haus ass an engem ganz schlechten Zoustand an domadder onbewunnt. Déi aktuell Zuele relativiséieren sech awer wann een op 2011 zeréckbléckt. Deemools waren 280 Wunnenge Verlount an 58 hunn Renovéierungsaarbechte gebraucht. Dorausser ergëtt sech, datt haut 437 Leit eng sozial Wunneng hunn, géintiwwer 511 am Joer 2011. Woubäi déi aktuell Zuelen sech dorausser erginn, datt kleng Wunneenheeten zesumme geluecht gi sinn fir de Bedierfnesser vu Famillje mat Kanner ze entspriechen.

Zanter 2008 konnten dann och nëmmen 10 Haiser bäikaaft ginn. Mat stänneg steigende Präisser ass et dann och schwéier Remedur ze fannen. Heirauser ergëtt sech dann och eng Waardelëscht vu 459 Haushälter, dovunner 249 Erwuessener mat Kanner. Bedauerlech och de Constat, datt tëscht 2011 an 2016 Leit wéinst onbezueltem Loyer hu misse mëttels Geriichtsbescheed aus de Wunnengen auszéien. Woubäi festzehalen ass, datt an 80 Fäll eng aner Léisung fonnt ginn ass. Interessant ze wëssen ass dann nach, datt de Fonds de Logement zum 1.September 2016 208 Wunnengen ugebueden huet. Dozou kommen der nach emol 38 déi vun der „Agence Immobilière Sociale“ an 24 vun der SNHBM (Société Nationale des Habitations à bon Marché) wat leider der Nofro och net gerecht gëtt.

Net genuch Wunnraum wierkt sech natierlech op de Präis vum Loyer aus, net nëmmen zu Esch mee uechtert d’ganzt Land. Wien elo mengt dee Problem géif nëmmen Aarmer an/oder Chômeure betreffen, deen iert sech. An der Wanteraktioun fir Mënschen ouni Logement, haten um Findel, wou Leit aus dem ganze Land hikomm sinn fir wéinstens iwwert d’Nuecht eng waarm Schlofplaz ze hunn, 10% eng Aarbecht.

De Stéier mat den Hare paken

No Léisunge gëtt gesicht an eng dovunner huet de Schäfferot ëmgesat. Et gouf een Architekt agestallt fir eidel Wunnengen ze entdecken. Et handelt sech heibäi sécherlech net ëmmer ëm Spekulatiounsobjekter, wat vläicht erkläert firwat d’Gemeng nach keng „Leerstandstaxe“ erhuewen huet. Wann awer all déi Wunnengen opgelëscht sinn soll den Drock op d’Proprietairen erhéicht an déi Taxen agefuerdert ginn. Dat dierft awer wuel eréischt no de Walen am Oktober de Fall sinn. Ze ernimmen ass dann och datt bei 70 Grondstécker, bei deenen der 45 vun dëser Taxe betraff sinn, huet d’Gemeng fir en Drëttel ee Bauprojet agereecht kritt. Ee klengen Erfolleg ëmmerhin.

Net wierklech zefriddestellend d’Projeten an de Nonnewisen, och wann een Versteesdemech sollt hunn, datt déi 900 geplangte Logementer bis 2023 net an enger Kéier kënne gebaut ginn, zemools wëll d’Stad Esch nach net iwwert d’Grondstécker verfüügt. Aktuell wunne 725 Leit vun den 1.600 déi beim Endausbau erwaart ginn op dësem Site.

Fir den Zenon Bernard (KPL) muss awer festgehale ginn, datt d’Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch ass, besonnesch wou muss konstatéiert ginn, datt d’Loyere méi schnell wuesse wéi den Akommes. A vu Joer zu Joer gëtt et méi schlëmm wat virun allem bei de Leit mat klenge Salaire fir Kappzerbrieches suergt. Do versteet een datt dem Zenon Bernard 2% soziale Wunnraum, bei allem wat nei gebaut gëtt, net zefriddestellend ka sinn. Säit Jore gëtt vu senger Partei d’Aféierung vum sougenannten „Mietkauf“ gefuerdert. Ee Virschlag deen net aus der Luucht gegraff ass wann ee weess, datt ëmmer manner Leit ee Kredit op der Bank kréien.

De Virschlag, datt sech d’Stad Esch dach soll eng eege Baufirma leeschte fir selwer Logementer ze bauen, wëll de private Secteur do net no kënnt an dat d’Léisung wier méi schnell a méi ze bauen, huet op der Gemengerotssëtzung fir ofleenend Tëscheriff säitens den Sozialiste gesuergt. A wëll den Territoire vun der Gemeng sech net erweidere léisst sollt méi an d’Héicht gebaut ginn.

Fir d’Vertrieder vun de Sozialiste gëtt zu Esch scho bal ze vill gemaach an déi gréng mengen et wier es genuch, déi aner Gemenge sollte schliisslech och hiren Deel zur Léisung bäidroen. De Pim Knaff (DP) ass dann och däitlech géint méi soziale Wunnengsbau an Esch, wëll seng Opfaassung no déi Escher dat net bréichten. D’CSV ass sech do mat der DP eeneg a gesäit aner Gemengen an der Flicht.

Erfreelech awer dat wéinstens d’Taina Bofferding (LSAP) sech mat engem Problem befaasst deen och eng ganz Rei Leit betrëfft. Fir déi jonk an engagéiert Politikerin muss eppes ënnerholl gi wat déi insaluber Zëmmer iwwert de sëlleche Caféë betrëfft. Den Zoustand ass leider scho säit Joren inakzeptabel, mee wouhinner mat dëse Leit wann et jo nu emol net genuch Wunnenge gëtt? Fir de Rescht ass awer och d’Taina Bofferding der Usiicht datt den aktuelle Schäfferot déi richteg Mesuren hëlt.

Ähnlech Sujeten Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg, Logement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel