Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!
Neiegkeeten

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!

Vun Abrëll bis Oktober, organiséiert d‘Stad Lëtzebuerg all éischte Sonndeg

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch

Pünktlech zum Ufank vum Fréijoer gëtt d’Natur geéiert a virun

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

Esch-Uelzecht: Don‘t call it „Blummendëppen“!

Eng flott Initiativ vum Club Senior Mosaik kritt d‘Ënnerstëtzung vun der Geschäftsleit

Esch-Uelzecht: Don‘t call it „Blummendëppen“!

De Club Senior Mosaik vun Esch-Uelzecht gëtt vum Service HELP (Rout Kräiz) geréiert an ass 2017 gegrënnt ginn. Dës Vereenegung huet sech dem Projet „KreaVert“ vun der INTERREG – engem europäeschen Inklusiounsprojet duerch d‘Entwécklung vu sozioprofessionellen a kulturelle Kompetenzen am Netzwierk „Iessbar Stied“ – ugeschloss. Eng ganz flott an interessant Initiativ.

Esou ergëtt et sech, datt elo zu Esch-Uelzecht fënnef grousszügeg dimensionéiert Blummendëppen an der Uelzechtstrooss opgestallt goufen, an deene Geméis a medezinesch Planze solle geziicht ginn. Sënn an Zweck wier et, de Mënsch nees mat der „Natur déi een erniert“ ze verknäppen. Et kéint een och behaapten, datt een d‘Konzept „Geméisgäertner“ dem Bierger wëll méi no bréngen.

Mat dëse Blummendëppe soll awer och der neier Politik zu Esch-Uelzecht Rechnung gedroe ginn, déi drop aus, der Geschäftsstrooss nees zu eppes méi Attraktivitéit ze verhëllefen. Esou war et fir de Schäfferot selbstverständlech, och ee substantielle Beitrag zur Realisatioun vun dësem jo awer ganz biergerfrëndleche Projet ze leeschten. An dat sinn och net déi eenzeg Aktiounen déi ugestrieft ginn.

Op dëser Plaz kann een dann nach begréissen, datt de Projet selwer, och vun de Geschäftsleit an der Uelzechtstrooss mat groussem Engagement ugeholl ginn ass. All Blummendëppen huet dann och säi „Sponsor“ fonnt, woubäi et hei virrangeg drëms geet, dofir ze suergen, datt déi an dësen Dëppen ënnerbruechte Planzen, d‘Waasser net ausgeet. Eng flott Aktioun déi vill Acteuren zesummebréngt.

Bleift ze hoffen, datt d‘Bierger dës Initiativ richteg verstinn an och unhuelen. Natierlech dierft et där ganz gescheiter ginn, déi aus Dommheet oder soss kranke Gedanken dës Blummendëppen op iergendeng Aart a Weis verschandele wäerten. Mee et sollt ee sech roueg iwwerrasche loossen an mat dëser Ausso ganz falsch leien dierfen. Vläicht kommen dann nach där Blummendëppe bäi…

Dee beim CIPA (Grupp Servior) zu Esch-Uelzecht installéierte Gemeinschaftsgaart, huet sech jo scho bewäert. Och dee gëtt vum Club Senior Mosaik an Zesummenaarbecht mat de Servicer vun der Gemeng geréiert a steet allen Awunner op. Op ee wëll matmaachen a selwer Planzen, oder sech just dat gutt Geméis wëll an d‘Pan klaken… Jiddereen ass wëllkomm seng Erfarung anzebréngen.

A ville Länner ass „Urban Farming“ längst ee groussen Erfolleg an dëse Prinzip gëtt stänneg vun de Bierger selwer ausgedehnt. Zu Lëtzebuerg stécht dat nach a „Kannerschong“ mee, wa jiddereen hei e klenge Beitrag leescht, kënnen och mir eis Stadzentren a Geschäftsstroossen opwäerten an esou zu méi Liewensqualitéit bäidroen. (Foto: City Farmer Andreas Capjon © Losaeter / Oslo Visitor Center

Ähnlech Sujeten Club Senior Mosaik, Esch-Uelzecht, HELP, Rout Kräiz, Uelzechtstrooss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel