Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verschwierungstheorien sinn net harmlos, mee eng déidlech Gefor, déi net ignoréiert sollt ginn
Kultur Neiegkeeten

Verschwierungstheorien sinn net harmlos, mee eng déidlech Gefor, déi net ignoréiert sollt ginn

Verschwierungstheorie kënne flott sinn. Virun allem vu bausse betruecht offenbaren

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)
Kultur Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)
Kultur Neiegkeeten

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)

Scho Mëtt Mäerz hat d’European Space Agency (ESA) matgedeelt, datt

Esch2022: Elo gëtt kommunizéiert!

En ambitiéise Projet mat Startschwieregkeeten hëlt Faart op

Esch2022: Elo gëtt kommunizéiert!

All Projet kennt „Héichten an Déiften“ esou och „Esch-Uelzecht Kulturhaaptstad 2022“ woubäi et hei méi Déifte ginn huet. Déiften op alle Niveauen: vun der Organisatioun iwwer d‘Politik bis hin zur Kommunikatioun. Et gouf Leit widder de Kapp geschloen an et goufe Käpp ganz ofgeschloen. Leschten Donneschdeg dann nees esou eppes wéi ee Lieweszeechen…

Hei waren d‘Medien ageluede ginn, sech alt nee en neit Bild iwwert d‘Thematiken an de Programm ze maachen. Elo geet bei Esch2022 ëm Europa, Natur, Konscht an den Ego (also eigentlech sech selwer). Well de Mënsch ëmmer méi schlecht kommunizéiert (oder verstane gëtt) hunn engem véier Leit op Bildschiermer déi véier Saile vun Esch2022 virgestallt.

Bis gëschter konnten sech déi Virwëtzeg an Kulturinteresséiert mat eegenen Aen an Oueren an den ale Maarthale vun der Minettemetropol kënneg maachen. Si kruten en Abléck an dat wat méiglech ass, vun deem wat sech dobäi geduecht gëtt a wéi iwwerdimensionéiert dat fir Esch eleng ass. Dofir huet et 11 national an 8 franséisch Stied a Gemengen, déi matmaachen.

An der Rou läit d‘Kraaft

Nodeems bis ewell éischter Schlecht wéi Recht kommunizéiert gouf, huet déi nei Ekipp – déi al huet de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) a Kooperatioun mam Kulturschäffe Pim Knaff (DP) missen austauschen – ënnert der Leedung vun der Direktesch Nancy Braun, elo hir eege Kommunikatiounscampagne lancéiert, déi elo all Schratt oppe leet.

All zwee Méint sollen d‘Medien (also zumindest déi wou ageluede ginn) iwwert eng nei Facette vum Programm beriichten. De Programm „Moien“ ass geduecht de Bierger vun Esch entgéint ze goen an dësen ze erkläre wéi et sech entwéckelt, wéi ee viru kënnt a virun allem wéi si, d‘Bierger sech kënnen un dësem kulturellen Event bedeelegen.

Den Internetsite www.esch2022.lu – zënter dem 20. Februar online – soll bestänneg ausgebaut ginn an et soll esouguer en „Tool“ geschafe ginn, fir d‘Biergerbedeelegung ze fërderen. Aktuell sollen eppes kléngs iwwer 600 Projeten agereecht gi sinn, méi ass dozou näischt gesot ginn. Dofir awer datt ee sech virgeholl huet de dat „schlecht Bild“ vun der Regioun ze verbesseren.

Esch huet tatsächlech net dee beschte Ruff, dat awer op d‘Regioun ze iwwerdroen ass eppes gewot. Mee et ass sécher richteg, datt ouni Public et keng Kulturhaaptstad brauch. Wéi een elo awer d‘Bild vun Esch an der Regioun verbessere wëll a wéi een d‘Bierger – déi jo dëst Bild eréischt méiglech gemaach hunn – well un der eegener Zukunft bedeelegen?

Hei sinn déi participéierend Gemenge gefuerdert. Si droe schliisslech eng helle Wull u Projeten, déi awer vun de respektiven Awunner solle realiséiert ginn. Iwwerraschunge wäerten hei ausbleiwen, et bezitt ee sech op Bewäertes: Péiteng hëlt d‘Fuesent, Käerjeng de Béier, Villerupt den italienesche Kino… Dat heescht, datt d‘Ausgabe sollten iwwerschaubar bleiwen.

Och bei Esch2022 geet et ëm de Goss

Wann et am offiziellen Text heescht datt d‘Kultur am Mëttelpunkt steet, esou gëtt et bei Esch2022 och ee wirtschaftlechen Aspekt, deen een elo net sollt ënnerschätzen, och wann et sech gehéiert am kulturelle Kontext vum erhoffte Profit ze schwätzen. Fir d‘Organisatioun vun Esch2022 stellt den Titel „Kulturhaaptstad“ e Bidde volle Geld duer…

Flott dann nees den Avant-Projet dee gëschter op der Brillplaz ënnert dem Titel „Annex22“ gestart gouf. Hei ass en uert vun der Kommunikatioun an der Begéinung entstanen, an et soll och als Uert vun der Ausstellung an der Zelebratioun genotzt ginn. Bis den 2. Abrëll soll sech hei den Hollänner Floris Hovers néierloossen a säi Wierk „Playful Connect“ zesummeschrauwen…

Bleift de Sondage vun TNS-Ilres ze ernimmen. D‘Experten am beliichte vu Kristallkugelen haten Enn Januar e puer Leit gefrot, wat si vun deem ganze Gedeessems halen, ob et si erfreet a wat si sech dovunner erwaarden. „Wäit iwwer 80%“ sinn deemno der Usiicht, datt et gutt fir den Ausbau vun den Infrastrukturen ass an d‘Wirtschaft och profitéiere wäert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Esch2022, Kommunikatioun, Kultur, Kulturhaaptstad, Nancy Braun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel