De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet
Ee kierzlecht verëffentlechte Sonnerbericht vum Weltklimarot IPCC warnt elo virun
Ee kierzlecht verëffentlechte Sonnerbericht vum Weltklimarot IPCC warnt elo virun
De Filmfestival vu Cannes gëtt mat enger riseger Iwwerraschung op
Als spirituelle Chef vun 1,3 Milliarde Katholiken, huet de Poopst
Si schwiewen, pulséieren, beweege sech douce oder och schnell. Iwwert eng speziell Software kann d’Artistin bis zu 16 Millioune Faarwen generéieren, déi d’Annexe22 zu Esch-Uelzecht an ee Liicht-Tempel versetzen. Duerch déi verglaast Front vum Kubus wäert och d’Brillplaz mat Liichtstralen dekoréiert ginn.
D’Martine Glod verfollegt d’Approche traditionell Aarbechtsweisen ze hannerfroen an nei Weeër ze fannen, fir Faarf duerzestellen, an dat ouni Pinsel a Faarfeemer. Scho beim Wierk „Color as light“, dat am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Lëtzebuerg a Groussregioun am Joer 2007 realiséiert ginn ass, huet d’Kënschtlerin d’Luucht als artistesch Mëttel genotzt.
„Dëse Liichtpunkt um Transit vun der Brillplaz soll d’Passanten zum Verweilen alueden an ee meditatiounsähnleche Moment mat besonnescher Rou erzeugen“, sou d’Martine Glod.
Vum 30. Januar bis de 27. Mäerz 2021 wäert d’Expo „All we need is light“ an der Annexe22 stattfannen. Et ass op Donneschdes a Freides vu 14:00 bis 18:00 Auer, sou wéi Weekends vun 11:00 bis 18:00 Auer. U Feierdeeg ass zou.
Fir den Dag vun der Ouverture dobäi ze sinn, muss d’Plaz bis den 29. Januar via Telefon (Tel.: 2883-2022) gemaach ginn. D’Plaze si limitéiert, kleng Gruppe vu maximal 8 Persoune ginn no bestëmmten Zäitfënsteren eragelooss.
Zousätzlech dozou wäert ab dem 3. Februar 2021 déi virtuell Visitt iwwert Facebook an www.esch2022.lu méiglech sinn.
Opmaacherbild: © Martine Glod