Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima
Neiegkeeten

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima

Peppeng um 6. August… wärend d‘Duerf an de fréie Mueresstonne

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt

Zanter 2002 aktiv an der Fërderung an der Verbreedung vun

Polnesch Justizreform vum EuGH ofgestrooft
Neiegkeeten

Polnesch Justizreform vum EuGH ofgestrooft

Um Europäesche Geriichtshaff (EuGH) zu Lëtzebuerg hunn d‘Magistrate gëschter entscheet,

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Et ass ee vun, wann net esouguer deen éischte Chrëschtmaart, dee um Freidegowend feierlech zu Esch Uelzecht „opgemaach“ ginn ass. Bis den 23. Dezember ass um Parvis vum Stadhaus elo alles fir déi besënnlech Zäit organiséiert.

Chrëschtmaart

De Mike Hansen, President vum Escher Tourismusbüro, weist dem Buergermeeschter Georges Mischo déi wichtegst Buden an Attraktioune vum Escher Chrëschtmaart. © Martine de Lagardère/moien.lu

De President vum Escher Tourismusbüro, Mike Hansen, war dann och héich erfreet, déi fënneft Editioun a Presenz vum neie Buergermeeschter Georges Mischo mat de Wieder: „Vun den Escher fir déi Escher“ engem grousse Public offiziell zougänglech ze maachen.

Chrëschtmaart

En Tour iwwert de Chrëschtmaart vun Esch Uelzecht. Do fënnt een eigentlech alles wat ee fir d’Feierdeeg zur Deko brauch. © Martine de Lagardère/moien.lu

Alles géif méi lues goen ëm dës Joreszäit, déi een dann och sollt notze fir sech et no engem Joer vun de Strapaze gutt goen ze loossen. D’Vitrine vun de Geschäfter, awer och schonn déi éischt Haiser sinn dekoréiert, an de Bakstuffen an natierlech och um Chrëschtmaart richt et no Kleeschen a Chrëschtkëndchen.

Solidaritéit

Ganz gutt gelongen dann och d’Dekoratioun vun der Plaz selwer, déi vum CIGL an Zesummenaarbecht mat de Männer a Frae vun der Gemeng gestalt ginn ass. Eng Kooperatioun déi duebel Sënn mécht, well Chrëschtdag och d’Zäit vun der Solidaritéit ass.

Chrëschtmaart

Aussergewéinlech Figurinnen a och soss Deko-Material, mat gudder Berodung (dat ass wichteg) kritt der hei. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dat ass zu Esch net eben einfach emol esou eng Devise. Solidaritéit gëtt gelieft, wat sech um Chrëschtmaart duerch den associative Chalet ausdréckt. Hei kënnen a sollen d’Veräiner an ONGen sech dierfe virstellen n natierlech och Done sammelen, mat deenen déi ënnerschiddlech Projete finanzéiert wëlle ginn.

Chrëschtmaart

Dem „Che“ seng Churros, op mat Schockela oder Nutella, ëmmer en absoluten Highlight. Der fannt en direkt wann der aus dem Lift vum Parking kommt a sollt iech dee Genoss net entgoe loossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Chrëschtmaart huet awer och seng traditionell Buden, wou et nieft ganz villem fir d’Haus ze dekoréieren, och z’Iessen an ze Drénke gëtt. De Maart ass all Dag vun 12 bis owes 8 Auer op, ausser samschdes do geet et da bis 10 Auer owes. Dat ass dann och den Dag mat den Animatiounen.

De Kleesche kënnt och

Wéi mer vum Mike Hansen gewuer konnte ginn, soll de Patréiner vun de Schüler a Studenten, dee berühmten hellegen Néckel, och besser bekannt als Kleesche, der Minettemetropol seng Éier erweisen. A wéi et schéngt wier hien net eleng ënnerwee.

Chrëschtmaart

Eng Käerz fir den Advent, oder direkt véier, wéi dir iech och entscheet, de Mann hei huet emol déi schéinst déi der op engem Chrëschtmaart wäert fannen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Erwaart gëtt de gudde Mann mam laange wäisse Baart, dem roude Mantel a sengem spatzen Hutt den 26. November um hallwer dräi Mëttes. Eng gutt Geleeënheet mat de Krapperten an de Knetzele bei d’Märei ze kommen. Mee opgepasst, déi ënnert de Butzen déi sech net ze behuele woussten, ginn och erwaart, mee déi kréien och zu Esch vum Houseker beschtefalls eng Rutt. Gutt elo muss ee natierlech dru gleewen, mee wie mécht dat net?

Déi éischt „Taass“ ass fir de Buergemeeschter

Nach ganz nei am Amt, huet de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo, ganz wéi et d’Traditioun verlaangt, déi éischt Taass vum Escher Chrëschtmaart iwwerreecht kritt. Och fir déi Notabel aus der „rouder Stad“ war un eng Taass geduecht ginn.

Chrëschtmaart

Déi beschte Panzerotto am Land kriss de nëmmen um Escher Chrëschtmaart © Martine de Lagardère/moien.lu

De Georges Mischo huet a senger kuerzer Usproch op dat beweegte Joer fir déi Escher higewisen, awer betount datt net alles nëmme Politik war a soll sinn. An de Chrëschtmaart soll dann och d’Geleeënheet sinn d’Solidaritéit an de multikulturelle Charakter vun der Stad Esch Uelzecht ze zelebréieren.

Chrëschtmaart

Sinn d’Äerm ze kuerz, dann dierf d’Knetzel och emol eppes méi no un d’Inten erun. De Bridderchen ass zwar dobäi pure Stress, mee et muss ee sech net aus der Rou brénge loossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann den Escher Chrëschtmaart de Maart vun de Escher ass, esou ass et awer och déi Plaz wou jidderee wëllkomm soll sinn. Eng Plaz fir sech ze begéinen an sech auszetauschen, a firwat och net de Patt an e gudde Maufel ze genéissen, d’Séil baumelen ze loossen.

Foto: Den Escher Chrëschtmaart ass „the place to be“, dovunner sinn zumindest d’Supporter vun der Escher Jeunesse wierklech iwwerzeegt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chrëschtmaart, Esch-Uelzecht, Georges Mischo, Mike Hansen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel