Search

You may also like

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?
Kultur Meenung Neiegkeeten

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?

Wéi ech an der Woch vir en Artikel Facebook-Alternative recherchéiert

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun
Kultur Meenung Neiegkeeten

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun

Den SEW-OGBL ass nach ëmmer wéinst dem Manktem un Enseignanten

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn
Kultur Meenung Neiegkeeten

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn

Um Owend vum 12. Januar, géint 21:15 Auer, gouf am

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent

Wann emol ze vill Meenungen ee falscht Bild an de sozialen Netzwierker iwwermëttelen, muss een zuweile Stellung ergräifen. Et seet dann awer och villes iwwert déi haideg Gesellschaft aus...

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent

Op der Facebooksäit vun der Escher Fuesent huet haut de Moien ee vun de Verantwortlechen, dee sech selwer als Fuesgeck ausgëtt a keng Fuesent zu Köln ausléisst missen d‘Wuert ergräifen, fir all deene Kommentaren am netz entgéintzewierken, déi zum Deel béis Ënnerstellunge sinn an virun allem net de Fakten entspriechen. Mee dat bescht ass dir maacht iech selwer e Bild.

„Wann et engem wéi gedoen huet, datt eis Fuesent ofgesot ginn ass, da sécher mir, mee och eisem Comité, dee vill Aarbecht an de leschte sechs Méint geleescht huet fir dat erëm op d’Been ze stellen, och wann et do Léit gëtt, déi mengen dat kéint een labber an enger Woch niewebäi organiséieren.

Wann ech dann awer verschidde Kommentare liesen, da sinn ech awer schonn eppes verwonnert. Do heescht et: ‚Mir wieren net responsabel, well nach net ofgesot gi war‘. Hei ass et wichteg drop hinzeweisen, datt mir zanter dräi Woche stänneg mat den zoustännegen Autoritéiten a Kontakt stinn. A jo d‘Situatioun huet sech vun Dag zu Dag verännert. Elo si mir keng Medeziner an och keng Wëssenschaftler, firwat mir eis op d‘Recommandatioune vun de Spezialiste verloossen.

Dann heescht op anerer Plaz datt mir ‚Panik maache géifen an Idiote wiere‘ well mir Ofgesot hunn. Hei muss ech ze bedenke ginn, datt just een sech melle muss, dee vu sech behaapt sech op der Kavalkad vun der Escher Fuesent infizéiert ze hunn. Ech traue mech guer net mir virzestellen, wéi vill Leit do ënner Quarantaine misse gestallt ginn. Et ass einfach op Facebook ee Kommentar ze hannerloossen, et awer eppes ganz anescht, wann ee Verantwortung iwwerhuele muss.

Et ass kengem liicht gefall déi Decisioun – déi mat klorem Mënscheverstand geholl ginn ass – esou ze huelen. Wa mir vill Versteesdemech hunn, datt gefuerdert gëtt d‘Kavalkad nozehuelen, esou ass dat net wierklech eng Optioun. Zum engen ass net gewosst wéi laang dës sanitär Kris bestoe wäert an um Beispill vun der Schëfflenger Kavalkad 2019, déi se jo wéinst der Meteo an den Abrëll hu misse verleeën, ass gewosst, datt et net dat selwecht war. D‘Fuesent huet eben seng eegen Zäit

Zudeem muss beduecht ginn, datt hei esou scho ganz vill Geld ‚verluer‘ gaangen ass, an dat bei enger weiderer Ofso just nach méi deier géif ginn. An et ass jo och net esou, wéi wann een net seriéis beméit wier, dat bescht aus dëser jo awer traureger Situatioun ze maachen. Zesumme mam Geschäftsverband organiséiere mir den 21. Mäerz eng Manifestatioun an der Uelzechtstrooss, wou mir Bretzele verdeelen. Do si manner wéi dausend Leit also kann een et maachen…

Wat awer all déi gräisslech Kommentare betrëfft: ‚dat ass schonn onverantwortlech‘. Woubäi et natierlech eng Einfach ass, hannert dem Bildschierm an d‘Tasten ze klappen. Net matgehollef a wahrscheinlech net emol geplangt hunn op Esch ze kommen, mee deene wou hir Fräizäit an zuweilen och ganz vill Engagement an déi Escher Fuesent gestach hunn Virwërf ze maachen déi net fundéiert sinn, dat ass ënnert aller Klarinett an dréit net derzou bäi motivéiert ze bleiwen.

An dann ass do jo och dat grousst Evenement dat mir fir de 16. an 17. Mee geplangt hunn. Och hei wësse mir zur Stonn net, op et stattfanne kann. Interessant och de Kommentar: ‚Maacht d‘Kavalkad am Summer, da kënnt d‘LSAP erem‘. Hei dierf drop higewise ginn, datt am Comité vun der Escher Fuesent all d‘Parteie vertruede sinn, an déi hätten – bezunn op déi amtlech Recommandatiounen – och keng aner Decisioun an dësem Krise-Kontext getraff. Verantwortung ass kee Wonschconcert…

Mengt net datt iergendengem dës Entscheedung, esou wéi elo geholl ginn ass, liicht gefall wier. Hei stécht vill Schweess an Häerzblutt dran. Mir huelen eis Decisiounen zudeem an Ofsprooch mat der Gemeng an den zoustännegen Autoritéiten, an ëmmer am Interessi vun eise Matbierger. Mir hoffen dann och, datt dës traureg Episod séier iwwerstanen ass a sech d‘Vollek hannert de Bildschiermer nees akritt. Kuckt emol iwwer d‘Grenze wat un Decisioune geholl gëtt a bedenkt mir si keng Insel“.

Matgedeelt vun der ‚Escher Fuesent‘ a vun der Redactrice Laure Schlesser iwwerschafft

Illustratioun: Jannik Nölte / Pixabay

Related topics Coronavirus, Escher Fuesent, Fuesent, Kannerfuesbal, Kapesëtzung, Kavalkad
Next post Previous post