Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

President Duterte ännert d‘Sécherheetsstrategie
Neiegkeeten

President Duterte ännert d‘Sécherheetsstrategie

Et ass net méi just dem Donald Trump säi Privileg,

Brexit: Spuenien mat engem Erpressungsversuch
Neiegkeeten

Brexit: Spuenien mat engem Erpressungsversuch

De spuenesche Regierungschef, huet gëschter gewarnt, beim aussergewéinlechen EU-Sommet, wou

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen
Neiegkeeten

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen

Bei der grenziwwerschreidender Kooperatioun QuattroPole si ganzer 54 Kandidature fir

Escher Jugendherberg begréisst seng éischt Gäscht

Dobäi ass nach laang net alles fäerdeg

Escher Jugendherberg begréisst seng éischt Gäscht

Säit enger Woch huet op der Escher Gare déi nei Jugendherberg de Betrib opgeholl, datt obwuel nach net all Aarbechten zu en Enn gefouert goufen. Déi éischt Gäscht konnten sech allerdéngs scho vum gudde Fonctionnement iwwerzeegen an de Restaurant sollt och geschwënn operationell sinn.

Wien am Ament nach laanscht dat rout Gebai um Boulevard Kennedy leeft, ka wéinst den Aarbechten nach net wierklech erkennen, datt hei scho Leit ënner Daach kommen. Mee den offizielle Logo vum „International Hostelling“ Verband hänkt gutt siichtbar virun der Haaptentrée. Um 23. Mee war dann och eng ganz Grupp ukomm, esou datt d’Jugendhergerg schonn a senger éischter Woch ganz beluecht war.

6. Juni offiziell Aweiung

Leider sinn och an der Herberg, wéi um Parvis net all Aarbechte fäerdeg. Déi sollten awer fir d’offiziell Aweiung vum 6. Juni ofgeschloss sinn. D’Buergermeeschtesch Vera Spautz hat sech zu dësem Punkt och optimistesch ausgedréckt.

Insgesamt bitt d’Jugendherberg 122 Better zur Verfügung, dat um ieweschte Stack. Um éischte Stack solle Konferenzraim ënnerbruecht ginn. Am Parterre ass d’Rezeptioun an ee klenge Bistrot, vu wou aus een Accès an de Restaurant – dee och fir d’Ëffentlechkeet zougänglech ass – sollt hunn. Alles an allem huet d’Jugendherberg eelef Millioune kascht, déi sech d’Stad Esch (fënnef Millioune) an de Staat (sechs Millioune) deelen.

Ähnlech Sujeten Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel