Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!
Meenung Stories

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!

Den Automobilclub Lëtzebuerg invitéiert all seng Memberen dëst Joer un

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!
Meenung Stories

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

007-Atmosphär am Militärfliger A400M: Pure Desmond suergt fir Begeeschterung!
Meenung Stories

007-Atmosphär am Militärfliger A400M: Pure Desmond suergt fir Begeeschterung!

Datt een e Militärfliger net nëmme fir Missioune vun der

Der neier Escher Koalitioun feelt et un Innovatioun

Eng Analys

Der neier Escher Koalitioun feelt et un Innovatioun

Um Méindegowend war et zu Esch Uelzecht endlech esou wäit, datt de Koalitiounsvertrag tëscht der CSV, déi gréng an der DP konnt ënnerschriwwe ginn. Wat dann elo alles an dësem Accord fir Esch a besonnesch sengen Awunner virgesinn ass, dat kucke mer eis hei am Detail un.

An der Preambel vum Koalitiounsvertrag heescht et,. datt ee sech politesch fir eng positiv Entwécklung vun der Stad Esch staark wëll maachen. En éiergäizegt Zil dat sech awer op véier Kapitel mat 23 Punkte reduzéiere léisst. Opfälleg ass dann awer, datt vill vun den „ale“ Projeten iwwerholl ginn. Heirauser kéint schléissen, datt déi gréng sech bei de Gespréicher gutt duerchgesat kruten. Ëmmerhin haten si dës Projeten an der Koalitioun mat der LSAP op de Wee bruecht.

Iwwerhaapt kann een am ganze Vertrag d‘Handschrëft vun déi gréng erkennen. Op douce Mobilitéit, ëffentlechen Transport, Spuermoossnamen am Energieberäich an och déi oft zitéiert Biergerbedeelegung, dat alles ass dann éischter „gréng“.

D‘Akzenter setzen d‘CSV an d‘DP dann och éischter bei wirtschaftlechen Themen. Net datt elo hei Grousses virgesi wier, mee dofir dann awer wéinstens konkret. De Jugendkommunalplang gëtt nees zum Liewen erwächt an huet en interessanten Inhalt. Esou soll et hei och ëm den Entreprenariat goen. Bei deem wat een allgemeng ënner Stadentwécklung versteet, ass virgesinn sech méi intensiv mat Privatinvestisseuren zesummenzedoen. An deem Sënn soll dann och d‘Gewerbesteier iwwerduecht an ugepasst ginn.

Sport a Sozialpolitik

Eendeiteg eng Fuerderung vun der CSV, déi och bei der DP gutt ukomm ass: Esch soll Sportstad ginn. An et ass sécherlech net verkéiert dovunner auszegoen, datt en interkulturelle Festival fir Sport a Kultur dem sozialen Zesummenhalt entgéint kënnt.

An dat wat de Georges Mischo (CSV) sech scho virun a während de Walen ëmmer gewënscht huet, konnt och am Accord ënnerbruecht ginn. Wéini Esch Uelzecht elo awer säi Sportmusée kritt an op de Sportsquartier zu Lalleng eng realistesch Zukunft huet, datt ergëtt sech an deenen nächste sechs Joer.

Dem Accord geet dann awer beim Thema „Soziales“ d‘Loft aus. Aus dem Text geet hei nämlech ervir, datt ee sech bei der Verdeelung vun de gesellschaftleche Sozialstrukturen an -Ariichtunge mat allen Institutiounen a Gemenge wëll ofschwätzen. An dat ass däitlech d‘Handschrëft vun den schwaarzen an de bloen, déi scho méi laang op der Fuerderung sëtzen, manner sozial Projeten zu Gonschte vu Stadentwécklung an Handel zouzeloossen.

Geld dat vun der neier Koalitioun fir d‘Opwäertung vum Stadzentrum, der Ënnerstëtzung vun neien a jonken Entreprisë gebraucht gëtt, kann een nu emol net a sozial Projeten, wéi Wunnengsbau an/oder Betreiungsinfrastrukture stiechen. Konkretes awer war da beim beschte Wëllen hei net ze fannen.

Vu Liewensqualitéit bis Nohaltegkeet

Datt sech Liewensqualitéit och iwwer Kultur ausdréckt ass gewosst, an hei gëtt dann och bei der neier Equipe op Kontinuitéit gesat. De Projet „Europäesch Kulturhaaptstad 2022“ war och vu ni vun enger Partei a Fro gestallt ginn. An dësem Dossier bleift deemno alles beim alen, oder bal. D‘Koalitioun setzt sech hei nämlech fir e Kanner- a Jugendkulturprogramm an, deem en eegene Koordinator soll zougewise ginn.

Ëmweltschutz a méi Gréngs an der Gemeng soll gefërdert ginn. Mat engem Masterplang fir d‘Gréngfläche ginn heifir dann och kohärent Moossnamen an Ugrëff geholl. Wéi et bei der Entwécklung vum Tourismus, ugesicht der neier Jugendherberg, dem Camping an dem Déierepark um Gaalgebierg, weidergeet, dozou ass an deem eis virleienden Text séier wéineg ze fannen.

Beim Thema Nohaltegkeet, gesäit et dann nees esou aus, wéi wann sech déi gréng duerchgesat hätten. Manner Offall, „Second-Hand“ Mäert, Tausch- a Reparaturaktiounen, mee och d‘Oplag bei ëffentlechen Events Geschir ze benotzen dat méi oft agesat ka ginn, kléngt gutt.

Manner gutt, mee dat war dem Wieler seng Entscheedung, de Constat datt de Gemengerot nach just sechs Fraen zielt an am Schäfferot déi eenzeg Fra säin Amt mat engem Mann muss deelen. D‘Mandy Ragni ass da bis 2020 déi eenzeg Damm am Schäfferot. Trotz allem muss elo net gefaart ginn datt d‘Fraen ausgeschloss géifen. d‘Koalitiounspartner sinn sech zumindest doriwwer eens, datt een jonken Dammen duerchaus an de Kommissioune méi Raum ka schafen.

Foto: D‘Sankt Josef-Kierch vun Esch (Archiv Indymedia)

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, DP, Esch-Uelzecht, Koalitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel