Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen
Kultur Neiegkeeten austin hookup spots

https://moien.lu/preference-dating/

Zënter Woche sinn d’Präisser vun de Parkingen vun de Spideeler

Kanner stierwen am Jemen am Kugelhagel vun der Koalitioun
Kultur Neiegkeeten austin hookup spots

Kanner stierwen am Jemen am Kugelhagel vun der Koalitioun

Verantwortlecher vun der UNO hu matgedeelt, datt en Donneschdeg am

Eng charakterlos Stad?
Kultur Neiegkeeten austin hookup spots

Eng charakterlos Stad?

D’Traditiounsgeschäft Kass-Jentgen mécht dëst Joer hir Dieren zou. An dësem

Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell

13. Editioun vum Escher Kulturlaf huet den Erwaardungen entsprach

Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
D‘Kanner vun 5 bis 12 Joer hu hir Performance op 1.000 Meter gewisen an haten dobäi vill Spaass © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
De Yuppi war natierlech mat vun der Partie an huet uecht gedoen datt och all Krappert an all Knetzel seng Medail iwwerreecht krut. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Et waren nees vill Leefer komm fir um Escher Kulturlaf deelzehuelen. Dësen esouwuel sportleche wéi kulturellen Event ass immens beléift. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Beim Iesse gouf et déi ganz grouss Auswiel. An wien hei net konnt zefriddegestallt ginn, hat um Belval nach ee puer Optiounen opstoen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Vill Benevoller brauch et fir esou e giganteschen Event erfollegräich iwwert d‘Bühn ze kréien. Déi eleiten haten eng Schlësselpositioun. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
De Schäffe vun der Escher Gemeng Martin Kox (déi gréng) an de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) loossen sech dëse Spektakel schon zanter Joeren net méi entgoen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
„Motivéiert muss ee sinn a sech un den eegene Rhythmus halen“, esou dës jonk Damm fir déi éischte, mee sécher net déi lescht Participatioun war. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Top Depart: déi motivéiertst hunn sech dann och direkt no den éischte Meteren ofgesat. Op si alleguerten hir Ziler erreecht hunn ass net gewosst. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Vill professionell Fotografen haten sech laanscht de Parcours positionéiert fir déi wichtegst sportlech Momenter am Bild festzehalen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Vill Leefer hunn Equippe gebilt. Den Escher Kulturlaf ass och ëmmer eng flott Geleeënheet no der Vakanz als Team seng Entreprise ze representéieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Och déi Fräiwëlleg (hei eis Frënn vu Sea Shepherd) hu sech misse stäerke fir hir Missioun erfëllen ze kënnen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Wann een d‘Freed an den Ae vu de Leefer a Leeferinne gesinn huet, kann ee verstoen wéi et méiglech ass, datt ëmmer méi Leit matmaachen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Escher Kulturlaf: Eenzegaarteg, sportlech a kulturell
Wann een zu „genuch“ ass, geet dat mat der Motivatioun bal vum selwen. An et konnt ee sech et jo eraussichen 10 Km oder 10 Meilen… © Martine de Lagardère/moien.lu

Den Escher Kulturlaf dee vun der Süd-Stroum gesponsert gëtt, ka sech houfreg op eng fest Plaz am Lëtzebuerger Sport- a Kulturkalenner behaapten. Hei bidden d‘Organisateuren de Sportler net nëmmen attraktiv Laf-Strecken duerch déi beléifte Minettemetropol un. Museker a Museksveräiner sinn op der Streck installéiert, fir dem Public an de Leefer gläichermoosse Freed ze bidden.

Als Optakt fënnt traditionell de „Yuppi-Mini-Kulturlaf“ statt, deen de Butzen am Alter tëscht 5 an 12 Joer virbehalen ass. Si hunn dann och déi 1.000 Meter mat vill Engagement hannert sech bruecht an et dierf ee frech behaapten, datt all Krappert an all Knetzel sech seng Medail verdéngt huet. Eis huet dat de Yuppi, deen héchstperséinlech d‘Course iwwerwaacht huet, esou och confirméiert.

Eppes méi Eescht ass bei deene „groussen“ zougaangen. Déi haten och en eppes méi „laange Wee“ zréckzeleeën, woubäi een hei de Choix tëscht labberen 10 Kilometer an eppes méi fuerderenden 10 Meilen hat. Fir déi méi „trainéiert“ Leefer a Leeferinne war et natierlech och den Challenge de Parcours an enger méiglechst „gudder Zäit“ ze meeschteren. Ville schéngt dat gelongen ze sinn.

D‘Wieder war wuel net méi „summerlech“ an Zäitweis huet et och „gedrëpst“, wat awer de Sportler entgéint komm ass, wéi dat ee puer Participanten nom Laf bestätegt hunn. Nodeems jiddereen nees bei de Héichuewen um Belval ukomm war, mat enger Dusch d‘Ustrengung vum Kierper gespullt war, konnt dem ugeglidderte Volleksfest fräie laf gelooss ginn. Och esou ka Sport bedriwwe ginn…

Zu Esch-Uelzecht selwer waren zu dësem Ulass eng Rei Stroosse fir de Verkéier temporär gespaart ginn. Déi gutt Beschëlderung, gescheit ugeluechten Ëmleedungen a frëndlech (well och ëmmer ee gudde Rot zur Hand) Polizisten hu ee gefaarte Verkéierschaos verhënnert. Eppes wat een als Detail dierf betruechten, mee ënnersträicht wat eng gutt Organisatioun a kompetent Acteuren ausmaachen.

Foto & Galerie: Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Escher Kulturlaf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel