Opgepasst: d‘Schoul fänkt nees un!
D‘Schoulvakanz geet op en Enn an et muss een wéi
Vir méi kleng Parteien stellt de Gemengewahlkampf eng riseg Erausfuerderung
Ausgangs leschter Woch hat Stad Esch/Alzette bei guddem Wierder an enger gudder Ambiance vill fir seng Bierger a fir d’Leit, déi vu méi weit komm sinn ze bidden. Nieft der traditioneller Journée française de 14. Juli, déi dëst Joer iwwregens iwwer zwee Deeg gaangen ass, war de Weekend dann och déi 15. Editioun vum Escher Street Festival. Esou stoung e ganze Weekend voller Kultur, Konscht, Musek a Spaass fir Grouss a Kleng um Programm – an dat Gratis!
Iwwer 100 Spektakele waren iwwert déi zwee Deeg ronderëm ganz Brillplaz verdeelt mat net manner wei 30 international Kompanien an em déi 200 Kënschtler. Kënschtler aus ënnerenaner Italien, der Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg an Holland hunn fir Animatiounen an de Stroossen gesuergt. Esou hunn Stroossen- an Zirkusartisten Erwuessener a Kanner faszinéiert.
Vill Besicher déi de Street Festival ugezunn hat, haten sou Méiglechkeet an eng Welt voller Fantasiegestallten, Clownen oder Akrobaten anzetauchen. Et gouf ee vun dräi risege bloe Villeger (Close-Act – „Bluebirds“) iwwerrascht. Déi engem Samschdes ëmmer erëm iwwert de Wee gelaf sinn oder vun den „Timecruisers“ déi vun der Brillplaz bis erof op Gemengeplaz gefuer sinn. An wann een Chance hat gouf een vun zwou Nanny’en mat enger Kutsch iwwerrascht. An der Kutsch war awer keen normale Puppelche mee lauter kleng Geméis-Puppelcher déi och nach gewéckelt waren et waren „The Vegetable Nannies“.
Fir den Ofschloss vum Samschdeg Owend hat de Serge Tonnar mat Legotrip gesuergt. Dat duerch seng dach deelweis provokant Texter a sengem neisten Album „Bommeleeër Buddha“ an huet esou de Leit en flotte Schluss vum Owend gebueden.
Fotoen: Nancy Klauner