Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kiffe fir de Staatshaushalt
cancer dating horoscope dating on the rebound signs

hook up ng grill

D‘Fransouse sinn ënnert den Europäer déi „gréissten“ Cannabiskonsumenten an och

online dating wedding jokes
cancer dating horoscope dating on the rebound signs

USA a Saudiarabien vereent géint d‘Ajatollahen

No der Attack op saudesch Pëtrolsraffinerien, huet sech d‘Kinnekräich mat

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen
cancer dating horoscope dating on the rebound signs

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen

Zënter Woche sinn d’Präisser vun de Parkingen vun de Spideeler

Mënsche laang net esou effektiv wéi Killerroboter

E Mënsch kéint vu sengem Gewësse beaflosst ginn, eng Maschinn exekutéiert ouni nozedenken

Mënsche laang net esou effektiv wéi Killerroboter

Bei de Vereenten Natiounen (UN) gëtt am Kontext vun der Genfer-Waffekonventioun zanter elo gutt fënnef Joer iwwert e Verbuet vu sougenannte Killerroboter diskutéiert. Eng Diskussioun déi unhält an eigentlech, zumindest wann et esou eppes wéi „Mënscheverstand“ géif ginn, längst ad acta hätt kënne geluecht ginn… mee et geet och ëm Geld, immens vill Geld.

Zudeem si Killerroboter fir Politiker, déi Krich oder soss bewaffent Ausenanersetzunge fir e gutt diplomatescht Instrument halen, eng ganz praktesch Alternativ zum Mënsch. An dat a villen Hisiichten: zum enge bréngt een esou net déi eegen Zaldoten a Gefor, wat bei der Bevëlkerung ëmmer gutt ukënnt; zum aneren si Roboter vill méi effektiv an net vun engem Gewësse beaflosst.

Während den Zaldot „iwwerleeë“ muss oder him zumindest en Uerder muss erdeelt ginn, fir datt och hien op Kanner a Frae schéisst, ass esou ee Killerroboter voll autonom. Et ass en Algorithmus deen d‘Doudesuerteel vollstreckt. En Dout ouni Haass an ouni Viruerteeler… do si keng Gefiller oder soss „perséinleches“ déi d‘Aktioun – e Mënsch dout ze maachen – kéint behënneren.

An datt ee jeemools wäert zum Verbuet kommen, dat kann ee getréischt vergiessen. Ob d‘USA, China oder Russland (woubäi och déi „kleng“ do keen Deit besser sinn) keng vun de sougenannte Weltmuechten huet dee geréngsten Interessi dorunner, sech fir de Verbuet vun esou enger flotter a virun allem praktescher „Spillsaach“ anzesetzen. Zudeem si Killerroboter einfach d‘Zukunft.

Eng Reform fir d‘Vëlkerrecht

Hätt en Donald Trump d‘Gewëssheet datt d‘Technologie schon esouwäit fortgeschratt wier, datt hie Killerroboter géint den Iran asetze kéint, wier dat längst geschitt. A Killerroboter si längst iwwerall op der Welt am Asaz, ob als Dron déi Rakéiten op d‘Leit schéisst oder als Selbstschossanlag, wéi se vun der DDR zur Grenzsécherung agesat goufen. De mechaniséierten Dout ass also näischt Neies.

Nei ass allerdéngs déi grouss Fortschrëtter an der Entwécklung an de Fait datt dës Maschinnen net nëmmen ëmmer méi effektiv a robust ginn, si kënne mëttlerweil „selbstänneg léieren“, also vum technesche Standpunkt hir tëscht „Frënd a Feind“ ënnerscheeden, woubäi et hinnen natierlech och „erlaabt“ ass op Fraen a Kanner ze schéissen. E Programm berechent dës „Noutwennegkeet“ aus.

Et huet och de Virdeel, datt dat aktuellt „Vëlkerrecht“ an den Alter komm ass, déi meeschte Länner an Natioune souwisou „drop schäissen“ an et schwiereg ass eng Maschinn wéinst Verbrieche géint d‘Mënschheet unzekloen. Zudeem ginn, ugesiichts dem Fakt datt déi féierend Natioune jo elo och de Weltraum fir sech beusprochen, dës Killerroboter ëmmer méi wichteg. Eng Reform ass néideg.

Wann d‘Welt net wéi aktuell, also vu „gescheite“ Mënsche mat eppes Empathie geleet géif ginn, da kéint een unhuelen, datt eng Reform vum Vëlkerrecht an esouguer Reegele fir den Asaz vun eben dëse Killerroboter (wéi dat béi de Streebommen an Antipersoune-Minnen méiglech war) duerchaus méiglech wier. Mee Weltleader an virun allem d‘Industrie a Wirtschaft wëllen dat op kee Fall.

Geld a Muecht sinn zwou Säite vun der gläicher Mënz

Nodeems Washington den Atomvertrag mam Iran opgekënnegt, a rezent och den INF-Vertrag mat Russland zerrappt huet; Europa sech en eegene konsolidéierte Militärkomplex leeschte wëll an d‘Schwellelänner, wéi beispillsweis Indien, zimlech onbeuecht och hir Waffesystemer stänneg nei ausriichte stellt sech ganz reell d‘Fro: Wat bréngt eis als éischt ëm? Klimawandel oder e Krich?

Déi „Mächteg“ aus Politik a Wirtschaft hu jo am allgemenge wéineg ze fäerten. Et si schliisslech ëmmer emol fir unzefänken déi Aarm a Schwaach déi der „Endléisung“ zougefouert ginn. Da sinn et d‘Zaldoten, wat net wierklech „cool“ ass, mee déi hu grondsätzlech och nëmmen een Zweck ze erfëllen: „erueweren oder stierwen“. A bei „Dronenattacken“ fält Stierwe schon emol aus…

A well och nach gehirlos Fric mat de Killerroboter ze maachen ass, déi zäitgläich och nach „Geld spueren hëllefen“ – jo esou en Zaldot deen zum Krëppel gëtt, kascht esouguer an den USA eng uerdentlech Staang Geld – entsteet tëscht Militärkomplex a Politik eng „Win-Win“ Situatioun déi sech net vun der Hand weise léisst. An wann ee sech esou Instrumenter gëtt, wëll ee se och asetzen.

Hei schéngt et dann och bei den Industriellen eng gewëssen Ongedold ze ginn. Längst bréngen déi „konventionell Konflikter“ net méi déi erhoffte Resultater. Zum enge stierwen einfach net genuch Mënschen, zum anere musse Politiker nach ëmmer iergendwéi e bëssi Récksiicht op d‘Gefiller vun der eegener Bevëlkerung huelen. Ass dës Hürd iwwerwonnen, sollt nees Geld verdéngt ginn…

mat indymedia/gva/nyc

Illustratioun: Wat ee bei „Star Wars“ oder „Terminator“ als utopesch huet dierfen ugesinn, dat ass haut dat erkläerten Zil vun der Militärindustrie an der Politik: net dat eegent Fleesch a Blutt riskéieren… – Pete Lindforth / Pixabay

Ähnlech Sujeten Genève, kënschtlech Intelligenz, Killerroboter, Vëlkerrecht, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel