Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!
Kultur Neiegkeeten

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!

D’Gemeng Koplescht huet nees ee musikaleschen Highlight ze presentéieren, an

Een neie Pompjeesbau zu Menster
Kultur Neiegkeeten

Een neie Pompjeesbau zu Menster

Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!

Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven.

Esou schéi ka Kultur sinn

Bilan vun de Rotonde fält fir 2018 ganz positiv aus

Esou schéi ka Kultur sinn

D‘Rotonden direkt hannert der Gar zu Lëtzebuerg, hu schonn e längere Wee hannert sech bruecht, an elo 2018 „endlech“ déi symbolesch Hürd vun de sechs Zuele geholl. Domatter kommen si dann elo och esou lues un d‘Limitte vun der raimlecher Kapassitéit. Mee hannert den Zuele sti Mënschen an ëm déi geet et. Dofir gëtt elo gekuckt wat um Parvis an am 2. Gebai nach méiglech ass.

Wat awer de Besicher-Rekord ubelaangt, esou waren et 2018 net manner wéi 100.126 Visiteure, déi an de Rotonden un engem (oder e Puer) kulturellen Events deel geholl hunn. An dorobber dierfen se dann och houfreg sinn. Et bestätegt der Equipp vun de Rotonden net eleng, datt si déi richteg Nisch fonnt hunn, mee dat och d‘Qualitéit vun hirer Aarbecht appreciéiert gëtt. Woubäi Zuelen…

Jo Zuelen dat ass eppes „Relatives“ an si maachen drop opmierksam, datt de Rekord och e puer gëllegen Events, wéi déi kommentéiert Fussballsmatcher zum Beispill, geschëlt sinn. Aus dësem Grond gëtt sech beim Bilan dann och virzuchsweis op de Programm an déi grouss Diversitéit vun der Offer bezunn. An hei hu si dann och deen een oder anere Paradox „lokaliséiert“.

Theater, Musek, Edukatives a villes méi

Während d‘Zuel vun den Events a Virstellungen am Beräich vun der Bühnekonscht bei 330 geleeën ass, bleiwen d‘Entréeë stabil ënner 26.000 (wouvunner 43% op Schoulvirstellungen entfalen) an dat huet seng Ursaach. An de Rotonden huet ee sech fir déi „kleng Konzepter“ entscheet, déi de Virdeel hunn e bessere Kontakt tëscht de Kënschtler a dem Public hierzestellen. (z.Bsp. Marionettefestival)

Iwwerhaapt schéngt en der Equipp vun de Rotonden en Häerzenswonsch ze sinn, de Public méi a geziilt anzebannen. Esou „les Labos“ déi net nëmme bei de Krapperten erfollegräich ukomm sinn. Ze erwähne wier nach de „PICelectroNIC“ oder „Chrëschtdeeg am Theater“. Am Beräich „Aktuell Museken“ (146 Concerten huet 2018 ginn) sinn d‘Zuelen och ganz stabil bliwwen (16.225).

Am Kontext vun der „visueller Konscht“ haten d‘Rotonden 2018 eng räichhalteg Offer, déi gutt vum Public ugeholl ginn ass. Am Kader vun der soziokultureller Programmatioun, dierf een och ganz mat sech zefridde sinn (30.854 Gäscht fir 152 Events). Dozou kommen d‘Mäert, d‘Foire vun de Vinyl-Placken, de Street-Food-Festival an och de Wee Ride an aneres méi. Et leeft ronn…

Elo heescht dann och um „Ball bleiwen“

Wann d‘Rotonden 2018 als Zukunftsweisend ëmschreiwen, da wëllen si eigentlech zum Ausdrock bréngen, datt et elo drëms geet dat Resultat ze bestätegen. Dat méiglechst ouni Drock gesat ze ginn, oder sech selwer ënner Drock ze setzen. De Projet Rotonden huet awer schonn emol form ugeholl a wéi et heescht soll et do nach eppes Spillraum ginn, an de Wandel ass souwisou net opzehalen.

Esou gëtt u verschiddenen Zeenarie geschafft, wat d‘Konfiguratioun vun der Notzung vum Parvis an dem Gebai „Rotondes 2“ betrëfft. Eng final Konfiguratioun, am Aklang mat der Entwécklung vun der Programmatioun an ëm Budget, ass d‘lescht Joer formuléiert ginn. Et dierf een also dovunner ausgoen, datt der Evolutioun vum Site an der Programmatioun näischt am Wee steet.

Foto: © Melissa Angela/Pixabay

Ähnlech Sujeten Foire, Konscht, Kultur, Musék, Rotondes Explorations Culturelles, Rotondesm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel