Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel
International Neiegkeeten

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel

All d‘Detailer vun der Marathonsëtzung, bei där sech d‘Spëtze vun

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?
International Neiegkeeten

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?

E Freideg huet ArcelorMittal op senger Internetsäit matgedeelt, bereet ze

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt
International Neiegkeeten

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt

Et gëtt esou villes iwwert dat ee sech als aviséierte

D‘EU wier esou Schlecht fir den Handel wéi China, behaapt den Trump

D‘EU wier esou Schlecht fir den Handel wéi China, behaapt den Trump

Den amerikanesche President huet an engem, e Sonndeg vu Fox-News ausgestraalte Gespréich, déi kommerziell Praxis vun der EU, mat där vu China verglach. „D‘EU mécht wahrscheinlech esouvill Schued wéi China, ausser datt se méi kleng ass“, esou den Donald Trump.

„D‘Europäer hunn am leschte Joer en Handelsiwwerschoss vun 151 Milliarden US-Dollar gemaach (…) An domatter net genuch, mir ginn och nach e Verméige fir d‘NATO aus, fir se ze schützen. Et ass schrecklech wat se eis ugedoen hunn“, esou de Milliardär weider. „Mir hunn op eng gewëssen Aart a Weis d‘EU gären, mee déi Länner behandelen eis schlecht, si ginn ongerecht mat eis ëm“.

An den Donald Trump huet seng Entscheedung, all Handelspartner vun den USA mat Taxen op Stol an Aluminium ze beleeën, dann nach emol argumentéiert: „Wa mir d‘Douanestaxen net op d‘Welt uwennen, da fueren déi produzéierend Natiounen, iwwer Länner, fir déi et keng Mesure ginn huet. Do verléiert ee just Zäit“.

Vu Landwirtschaft an Automobilindustrie

Den Trump ass nach gefrot ginn, op et net eventuell besser gewiescht wier, mat sengen Alliéierten eng gemeinsam Front géintiwwer China opzebauen. Dat huet den US-President zréckgewisen. „D‘Europäer wëllen eis landwirtschaftlech Produkter net. Ganz éierlech, si hunn hir eege Baueren, also wëllen si se schützen. Mee mir schützen eis Baueren net“, esou seng Feststellung.

A fir bei der EU ze bleiwen, huet den Donald Trump dann och nach emol den Automobilsmarché ugeschwat, an hei mam Fanger op déi däitsch Hiersteller gewisen. Den US-President fënnt dat ongeheier, datt déi amerikanesch Hiersteller, net de gläichen Zougang zum europäesche Maart hunn, wéi dat ëmgekéiert de Fall ass.

Hei gëtt dann och säitens der Trump-Administratioun studéiert, op a wéi een Douanestaxen op den Import vu Gefierer kann erhiewen. Eng Mesure déi den Handelskrich an eng nei Dimensioun géif féieren. Net ze vergiessen, datt all déi „grouss“ Hiersteller, längst an den USA produzéieren.

Kee Frënd vum Iran

Den Donald Trump ass säit e puer Méint op e Konflikt aus: mat China, well hien hinnen de Virworf mécht, se géifen sech der intellektueller Proprietéit vun den amerikaneschen Entreprise vergräifen, mat der EU, well déi en Handelsiwwerschoss op Käschte vun den USA erwirtschaften. Dat ass net alles, well datt d‘EU mam Iran Handelsbezéiungen huet, passt och net a säi Weltbild.

Esou huet den US-President nach emol gewarnt, datt all europäesch Entreprise déi mam Iran eng Handelsbezéiung huet, oder där esou eng nogewise ka ginn, sanktionéiert gëtt. An déi europäesch Wirtschaft, och nach grad Automobilhiersteller wéi Peugeot (déi am Iran mat Khodro eng Form vu Kooperatioun agaange sinn) hunn sech schonn zréckgezunn.

Den US-President huet sech den 8. Mee aus dem internationalen Nuklearofkommes mam Iran zréckgezunn, a gläichzäiteg nees d‘US-Sanktioune géint déi islamesch Republik agefouert. Dem Iran konnt bis haut kee Verstouss géint dat Ofkommes nogewise ginn. D‘USA sinn awer e wichtege „Partner“ vu Saudiarabien (sunnitesch) déi am Iran (schiitesch) den Äerzfeind gesinn.

mat AFP

Foto: Wou wëll den Donald Trump hin? D‘Äntwert dorobber steet dem US-President op der Kap geschriwwen: „Make America Great Again“. Amerika zu enger neier „Gréisst“ verhëllefen, dofir zéckt de Milliardär net en Handelskrich auszeléisen. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, EU, Handelskrich, Iran, Nuklearofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel