Search

You may also like

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019
Neiegkeeten WTF

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis

WhatsApp gëtt grousse Sécherheetsproblem zou!
Neiegkeeten WTF

WhatsApp gëtt grousse Sécherheetsproblem zou!

Wéi de Communicatiounsdéngscht WhatsApp elo zouginn huet, soll eng Sécherheetslück

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
Neiegkeeten WTF

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

surprise

DP & CSV: Esou schnell kann et goen

DP & CSV: Esou schnell kann et goen

Net wierklech iwwerraschend awer trotz allem onerwaart schnell, huet sech an der Stad Lëtzebuerg eng nei Koalitioun zesummefonnt. Schonn um Méindegowend, also knapp 24 Stonnen no de Walen, huet d‘DP der CSV Koalitiounsgespréicher ugebueden. De laangjärege Partner „déi gréng“ muss an d‘Oppositioun.

Schonn um Wahlsonndeg hat d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer Undeitunge gemaach, a bei der Gemengerotssëtzung um Méindeg ass et dann och bestätegt ginn. E Gemengerot, deen en Hauch Onsécherheet an sech gedroen huet. Keen aus dem Gemengerot, ausser vläicht an der Reie vun der DP, huet den Androck gemaach ze wësse wéi et dann elo weidergeet.

Gutt och d‘DP huet liicht Verluer a verléiert ee Mandat. De wierkleche Gewënner war ouni Zweiwel d‘CSV mam Spëtzekandidat Serge Wilmes. Ganzer zwee Mandater hunn se derbäi gewonnen, an den Usproch Koalitiounspartner ass net aus der Loft gegraff. Déi gréng konnten trotz engem liichte Gewënn kee weidere Sëtz erueweren. Dee wier awer noutwenneg gewiescht, d‘Dier zu engem Gespréich opzehalen.

Kuerz a knapp

Gëschter Owend dann déi kuerz a knapp Matdeelung un déi gréng. No der Analys vun de Wahlresultater presentéieren sech d‘Demokrate mat iwwer 30% Stëmmenundeel als stäerkste Kraaft. Déi Liberal erkennen allerdéngs un, datt CSV d‘Wahle gewonnen huet. Déi Liberal hunn sech also fir Koalitiounsgespréicher mat der CSV entscheet. Déi solle schonn um haidegen Dënschdeg opgeholl ginn.

D‘Lydie Polfer huet sech wuel ausbehalen d‘Resultater vun de Gespréicher ofzewaarden, iert eng offiziell Ausso ka gemaach ginn. Et gëtt also – wann och wéineg wahrscheinlech – e Gespréich mat déi gréng net ausgeschloss, de Fall gesat mat der CSV géif ee sech net eens.

Esou ähnlech gesäit dat och de Spëtzekandidat vun der CSV, Serge Wilmes. Am Interview mat RTL huet och de jonken Deputéierten drop gehalen, den Ausgang vun de Gespréicher ofzewaarde. Et musse fir unzefänken d‘Schnëttstelle fonnt ginn, eng Koalitioun op der Däiwel komm eraus kann et net ginn. Den Usproch op Verantwortung steet awer kloer am Raum.

Verwonnert awer net beleidegt

De Serge Wilmes kann dann och selbstbewosst optrieden. Seng Ziler huet hien erreecht an hei sollt dann eppes kloer gestallt ginn. De jonken Deputéierten huet sech gëschter Owend kloer fir de Schäfferot ugebueden. An de Fall gesat deem wier och esou, wëll den CSV-Politiker ongesinn dem Ausgang vun de Chamberwahlen 2018, der Gemeng trei bleiwen, an net an d‘Regierung wiesselen.

Dat hat den aktuelle Premierminister Xavier Bettel 2013 och esou versprach. Woubäi d‘Optioun Premierminister natierlech e novollzéibare Grond ass, säi Verspriechen ze briechen. E Risiko deem dem jonke Serge Wilmes wuel net dierft ausgesat ginn.

Béi déi gréng, déi vu Gemengewahl zu Gemengewahl ëmmer u Stëmme gewonnen hunn, weist ee sech verwonnert iwwert d‘Haltung vum Koalitiounspartner. D‘Resultat vum Sonndeg, datt sech mat 19,26% fir eng ganz nei Equippe wierklech weise léisst, hätt eigentlech fir e weiderféiere vun der Koalitioun geschwat. Iwwert d‘Ausso vun der DP ass ee bei déi gréng entspriechend verwonnert.

Net kleng ze kréien

Et sinn ganz kloer d‘Verléierer vun der Gemengewahl an d‘Enttäuschung vun de Sozialiste war an all Gesiicht däitlech ze erblécken. Als nees e Mandat verluer, dat ass e Resultat dat esou bei der LSAP kee gutt Virzeechen ass. Et wäert an et muss analyséiert, diskutéiert an a Fro gestallt ginn. Sech a Fro gestallt ginn.

De Marc Angel mécht dann och der Equippe kee Virworf, de Programm wier gutt gewiescht et hätt ee just de Wieler net kënnen iwwerzeegen. Et misst een elo aus dëser Nidderlag léieren an sech entspriechend nei positionéieren, am Hibléck op d‘Chamberwahlen 2018.

Fir déi Lénk ass et gutt gelaf. Si konnten hir zwee Mandater sécheren, woumat den David Wagner an de Joel Delvaux am Gemengerot sollte sëtzen. Duerch d‘Rotatiounsprinzip bei déi Lénk, dierft mëttelfristeg de Guy Foetz, als Drëttgewielten norutschen. Beim ADR huet de Roy Reding sech géint Marceline Goergen duerchgesat. Eng, wéi et matgedeelt gouf, „demokratesch“ Entscheedung déi misst ugeholl ginn.

Related topics Gemengewahlen 2017, Lydie Polfer, Sam Tanson, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post