Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement
Kultur Neiegkeeten

Belsch: De wëssenschaftlechen Ëmgang mam Deconfinement

No 9 Woche Confinement, kommen och eis belsch Nopere féiere

Mat 1,44 Milliarden Euro fir d‘Héichschoulwiese geet et zouversiichtlech an d‘Zukunft
Kultur Neiegkeeten

Mat 1,44 Milliarden Euro fir d‘Héichschoulwiese geet et zouversiichtlech an d‘Zukunft

Eng gutt Ausbildung kascht Geld. Geld dat een als Investitioun

What the Fakt – Haut den Dag vum Kuschelen!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut den Dag vum Kuschelen!

Déi bescht Method sech u kale Wanterdeeg waarm ze halen

Et dierf een nees an de Musée

Et dierf een nees an de Musée

Datt mam Antrëtt an d‘Phas 2 vum Deconfinement och eis Muséeën – wuel ënnert Oplagen, mee ëmmerhin – dierfen nees Public empfänken, dat ass eng gutt Saach. Besser ass et natierlech, wann all dës Plazen entspriechend securiséiert sinn, an dat ass eigentlech esou och de Fall.

Um Beispill vum Naturmusée (MNHNL) – woubäi dat sécherlech och esou fir all déi aner Haiser esou gëllt – kann ee gesinn, datt d‘Engagement an de Wëllen alles richteg ze maachen, ginn ass. Et heescht, datt „vun der Botzfra bis hin zum Direkter“ jidderee vill geschafft huet, fir d‘Ouverture vun haut zu engem freedegen Erliefnis gëtt.

No zwee Méint d‘Dieren nees opzespären, an och nees dierfe Schoulklasse bei sech ze empfänken, dierft villen nees eng Perspektive sinn, an et ass jo och en Zeechen, datt et besser gëtt, well mir eis alleguerten disziplinéiert a vernënfteg beholl hunn. Dat sollt méiglechst och esou bleiwen, wann ee kee Réckschlag wëll a kaf huelen.

Elo ass dat net ëmmer einfach, woubäi am Naturmusée ass dat u sech schonn, zumindest wann ee liese kann a versteet wat een do gelies huet. Wann ee sech un déi, zwar ongewinnt awer liicht ze verënnerlechen Instruktiounen hält, dann dierft sech de Besuch vun engem vun eise wichtegste Muséeën nëmme wéineg zu „fréier“ ënnerscheeden.

Gitt vläicht awer elo net – just well mir e Geck um Naturmusée gefriess hunn an eis riseg freeën – alleguerten zesummen dohinner. E bleift jo op a leeft eis och net fort. Zudeem, géifen sech all eis Muséeën iwwert eppes Besuch freeën, wéi de Grouwe-Musée vu Rëmeleng, de Schifermusée zu Maarteleng an de Militärmusée zu Dikrech.

Eis Muséeën hei am Land hu wierklech immens vill ze bidden. Si sinn edukativ, hunn ëmmer Leit bei Hand déi gären an ausféierlech op är Froen äntweren a kënne bal all d‘Sprooche vun dëser Welt. Sou wann dir elo nach ëmmer keng Loscht hutt, jo da kënne mir näischt maachen, ausser vläicht drop hinzeweisen, si verbreede keng Fake-News…

Foto: Et goufe vill Stonnen an Äifer investéiert, fir datt dir a mir nees kënnen an de Musée, goen ouni sech der Infektiounsgefor auszesetzen. 100% Schutz gëtt et wuel ni, mee wann ee sech un déi puer Reegelen hält, ass ee ganz no drun. © Naturmusée

Ähnlech Sujeten Deconfinement, Educatioun, Muséeën, Naturmusée, Reouverture
Nächsten Artikel Virrechten Artikel