Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest
Neiegkeeten

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet Ufanks der

Kuck dësen Trailer op kee Fall am Büro!
Neiegkeeten

Kuck dësen Trailer op kee Fall am Büro!

Wann d’Deadpool-Filmer eppes eenzegaarteg mécht vis a vis vun anere

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!
Neiegkeeten

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner

Jo et kann een déi Diskussiounen iwwert de Plastik bal net méi héieren. An awer ass et eng immens wichteg Thematik, déi ons all betrëfft. D’Bewosstsinn vum Problem klëmmt an esou lues gëtt och gehandelt, fir eis an eis Ëmwelt ze retten. Schweden, Groussbritannien, Kanada d’USA an Neiséiland hunn virun engem Joer ee Verbuet vu Mikroplastik agefouert, an dat zimlech schnell, konsequent an ouni grousse Widderstand.

Diskussiounen ëm all Zort vu Plastik si momentan um rullen a sou gëtt jiddweree fréier oder spéider mat der Thematik konfrontéiert. Momentan geet et jo haaptsächlech ëm Emballagen aus Plastik, ee Verbuet un Stréihällem a Plastiksgeschir, mee och ëm de Mirkoplastik.

Virun allem an der Kosmetik sinn déi winzeg Partikelen ze fannen, déi eigentlech kee wierklechen Notzen hunn. Beim Dusche ginn esou bis zu 100.000 Mikropartikel an den Offloss gespullt, déi doropshin d’Waasser verknaschten an d’Natur bedreeën. Mee och Produiten, wéi Zahnpasta oder Lëppestëft enthalen een héijen Undeel u Plastik, an trotzdeem huele mir d’Gefor net wouer, wouduerch mir eis domat duschen, et eis an d’Gesicht reiwen oder ofschlecken.

Mikroplastik

D’Partikele sinn iwwerall ze fannen. Oft ze kleng fir se ze erkennen.

Et gëtt héich Zäit, datt weltwäit un enger Léisung geschafft gëtt!

Enger Etüd no kann eleng eng Tube Peeling dofir suergen, datt bis zu 2,8 Millioune Plastik-Partikel an d’Mier geroden. Wéi schiedlech et fir eis ass, ass nach net erfuerscht. Bei Déieren huet een awer erausfonnt, datt sech Schwiere bilden an och Onfruchtbarkeet eng Konsequenz ass.

Bei dëser Etüd goufen 102.790 Kosmetikproduiten ënnersicht. An all drëttem Peeling ass Polyethylen (PE) fonnt ginn. Noweise kann een d’Partikele quasi just ënnert dem Mikroskop an d’Hiersteller maachen dem Consommateur et och net einfach de Plastik ze erkennen, duerch déi vill verschidde Kennzeechnungen.

Een Ënnerscheed tëscht primärem a sekondärem Mikroplastik

De primäre Mikroplastik besteet aus industriell hiergestallte Konschtstoffpartikel, déi uschléissend als Microbeads bewosst als Grondmaterial fir Pasten, Polver, an ähnleches benotzt ginn. Déi sekondär Partikel entsti beim Zerfall an der Fragmentéierung vu grousse Konschtstoffdeeler, wéi beispillsweis Pneuen, Textilien oder Faarwen, duerch Sonn, Wand a Waasser.

Mat enger Gréisst vun ënner 5 Millimeter ass et fir Kläranlagen momentan quasi onméiglech de Granulat eraus ze filteren. Et ass bewisen, datt eleng an Däitschland gutt 4 Kilogramm Mikroplastik pro Kapp am Joer an der Ëmwelt fräigesat ginn. Bei enger Gesamtbevëlkerung vun ongeféiert 82,5 Milliounen Awunner ergëtt dat 330.000 Tonnen un Konschtstoffpartikel pro Joer. Mëttlerweil befënnt et sech souwuel an der Loft, am Drénkwaasser, wéi och an onserem Iessen. Ee Mol fräigesat baut sech d’Material quasi net of.

Mikroplastik

Et ass ee fatale Kreeslaf fir Mënsch an Déier.

Wourun een de Mikroplastik an der Kosmetik erkennt

Wéi virdrun erwähnt hunn d’Konschtstoffpartikel vill verschidde Bezeechnung. Am Polyethylen (PE), Polypropylen (PP), Polyamid (PA) oder Polyethylenterephtalat (PET) ass sécher ëmmer Mikroplastik dran. An der Kosmetik ass et beispillsweis als Acrylates Copolymer ze fannen. Greenpeace bitt heivir eng relativ détailléiert Lëscht un. Och d’App Codecheck weist détailléiert Informatiounen zu de verschiddenste Produiten.

Wéi kann eis Gesellschaft hëllefen?

  • Drénkwaasser vum Krunn ass oft besser a méi bëlleg, wéi aus enger Plastiksfläsch. An Däitschland huet sech de Konsum u Fläschen säit 1970 verzéngfacht a wéineg Leit bréngen se fir de Pand erëm zeréck an de Buttek.
  • Säin eegenen Thermobecher fir den „Coffee-To-Go“ matbréngen. Dat ass mëttlerweil an de meeschte Caféen erlaabt a sou muss een net déi Ee-Wee-Bechere benotzen.
  • Garantéiert ouni Plastik (wann een den Emballage ewech rechent) ass Naturkosmetik. Hei gëtt et vu Shampoo, iwwert Make-Up bis hin zum Peeling (deen een awer och mat natierleche Produite selwer maache kann) alles wat Mann a Fra am Alldag braucht.
  • Kleedung aus Synthetikfaseren, wéi Polyester, soll ee vermeiden. Wann d’Kleedung gewäsch muss gi landen erëm nei Partikelen am Waasser. Dëse Problem ass zimlech gutt an dësem Video beschriwwen. Natierlech Produiten, wéi Woll, Bamwoll oder Seid sinn hei eng éischt Léisung. Mëttlerweil ginn esouguer verschidde Kleedungsstécker aus Holzfasere fabrizéiert. Interessant oder?
  • Stoffe Säckelcher fir Uebst a Geméis, Tupperdousen fir Fleesch a Fësch am Supermarché. Och dat gëtt ëmmer méi akzeptéiert. Am Beschte sinn hei natierlech Geschäfter, déi ganz ouni Verpackunge schaffen, wéi beispillsweis den OUNI oder Unverpackt.

Een interessanten Artikel zum Thema Zero Waste fannt Dir HEI.

Wat ass fir d’Zukunft geplangt?

Plastikstute kaschte mëttlerweil eppes. An awer ginn et se nach, woumat ee sech net richteg mat der Problematik befaasst, mee se just liicht ëmgaangen huet. Am politesche Beräich lafen d’Verhandlunge fir Ee-Wee-Produite ganz ze verbidden an Hiersteller kënfteg ze strofen. D’Rebecca Harms, Member vum Ëmweltausschoss am Europäesche Parlament erkläert: „Mir mussen eraus aus der Wegwerffaal. Et ass richteg Plastikproduiten ze verbidde fir déi et eng gutt Alternativ gëtt. Hiersteller vu Plastik-Ee-Wee-Produite solle Verantwortung weisen an d’Käschte fir d’Besäitegung vum Plastiksoffall iwwerhuelen. Een nächste Schrëtt muss eng Plastiksteier sinn, déi Ureizer schaft fir innovativ an nohalteg Produiten a wéineger Plastiksverpackungen.

Wat an Zukunft geschitt, a virun allem wéi schnell sech eppes ännert ass elo d’Fro. Wichteg ass, datt konsequent Moossname getraff ginn, déi wéinstens dat retten, wat nach ze retten ass. De Plastik, den momentan op eiser Äerd ass, wäert wuel déi nächst puer honnert Joer bestoen, an awer musse mir een éischte Schrëtt an déi richteg Richtung goen, an dat am beschten ELO!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Ëmweltschutz, Kosmetik, Mikroplastik, OUNI, Plastik, Problem, Unverpackt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel