Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit
De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument
De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument
Gëschter huet den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, 5
Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit
An engem Interview mam Staatssender (RTL/Bertelsmann) huet de Minister François Bausch (déi gréng) duerchblécke gelooss, datt et dem fréiere Justizminister Felix Braz den Ëmstänn entspriechend „besser“ géif goen. „Et ass sécherlech eng Verbesserung ze erkennen, mee et ass och nach ee laange Wee dee virun him läit“, esou de Minister op der Antenn.
Detailer zur Rekonvaleszenz huet- wat jo och verständlech ass – de Minister a Frënd vum Felix Braz keng ginn. Eise Justizminister hat den 22. August en Häerzinfarkt erlidden a konnt säi Mandat net méi weider ausfëllen. Hie gouf am Justizministère vum Sam Tanson (déi gréng) ofgeléist. Däi Mandat als Vizepremier huet de François Bausch iwwerdroe kritt.
D‘Redaktioun vu moien.lu wënscht dem Felix Braz ee prompte Retablissement an hofft datt och hien dës Feierdeeg am Krees vun der Famill verbrénge kann.
Foto: Erënnerung un déi Lëtzebuerger EU-Presidence 2015. Esou wéi hei, wou de Felix Braz déi slowenesch Justizministesch Tina Brecelj „häerzlech“ zu Lëtzebuerg empfaangen hat. © eu2015lu / Luc Deflorenne