Search

You may also like

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!
Neiegkeeten

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!

Och wa sech de Konsumenteschutz am Groussen a Ganzen mat

US-President erpresst Mexiko
Neiegkeeten

US-President erpresst Mexiko

De Donald Trump gëtt einfach keng Rou, a schéngt drop

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt
Neiegkeeten

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt

De Sänger vun der Metall-Band „Linkin Park“, Chester bennington huet

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen

Den OGBL appelléiert un d‘Regierung, eng Drénglechkeetssëtzung vum CPTE anzeberuffen

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen

Virun net ganzer dräi Méint hat et zu Senneng am Schlass eng éischt a bis elo och eenzeg Sëtzung vum Koordinatiounscomité Tripartite ginn. Den OGBL hat déi schonn de 16. Mäerz gefuerdert, well et u sech schonn zu dësem Ament ersiichtlech war, datt déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, och zu enger wirtschaftlecher a sozialer Kris géif féieren.

Sechs Méint drop stellen se beim OGBL fest, datt sech hir Ängschte sollte bestätegen. Firwat dat net vun der Regierung sengerzäit och esou bewäert ginn ass? Eng Äntwert eriwweregt sech, well d‘Rentrée huet längst Fakte geschafen: e Sozialplang bei Guardian an der SES konnt in extremis verhënnert ginn, ArcelorMittal wëll och Ballast ofwerfen an bei der Luxair ass et och net schéin…

Am Kader vun der Sëtzung vum OGBL-Exekutivcomité (21. September) gouf sech der aktueller ekonomescher a sozialer Situatioun vum Land ugeholl. No dëser Analys konnt den OGBL dann awer nëmme bedaueren, datt d‘Legislatioun betreffend d‘Ofsécherung vun der Beschäftegung an och de beruffleche Carrièren nach ëmmer net ugepasst ginn ass. Dat sinn net déi bescht Virzeechen.

Firwat sech d‘Regierung drop bornéiert, ëmmer nëmme punktuell ze reagéieren – woubäi dann oft schonn d‘Kand am Buer läit an do och riskéiert ofzesaufen – ass allerdéngs kee Geheimnis. Et geet jo an der Politik ëmmer emol drëms d‘Kapital an déi wou et an der Hand hunn ze verhätschelen an ze schützen. Déi Lounofhängeg an d‘Foussvollek si keng politesch Prioritéit, och net zu Lëtzebuerg.

Wann et kee Wee derlaanscht gëtt

Bei der Reunioun vum 3. Juli zu Senneng, hat de Koordinatiounscomité Tripartite zeréckbehalen, datt d‘Diskussiounen zu eben „dësem Thema“ zäitno misste gefouert ginn, an dat dann am Kader vum Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung (CPTE). De Begrëff „zäitno“ schéngt an der Regierung allerdéngs nach net wierklech ukomm ze sinn, well en Termäin huet et aktuell nach net.

Et wier awer dréngend, esou den OGBL, datt sech iwwert esou Wesentleches wéi d‘Aféiere vum engem soziale Bilan vun der Entreprise, d‘Reform vum Maintien an Aarbecht, d‘Reform vun de Sozialpläng, déi berufflech Weiderbildung an natierlech och d‘Rechter vun de Salariéeën, am Fall wou de Betrib an de Gënz geet, elo géif ënnerhale ginn. Woubäi et längst sollt beschwat gi sinn…

Den OGBL erënnert drun, datt bei der Tripartite-Sëtzung vun der Rentrée, heivunner sollt ee Bilan gezu ginn, mee wann d‘Diskussioun guer net stattfënnt entfält dat. Bezunn op déi aktuell Situatioun – et wëll net besser ginn – fuerderen déi Escher vum Aarbechtsminister Dan Kersch, ouni weider Zäit ze verléieren, elo eng Reunioun vum CPTE anzeberuffen an Neel mat Käpp ze maachen.

Illustratioun: © Jordan Whithfield / unsplash

Related topics Beschäftegung, CPTE, OGBL, Regierung, Tripartite, Wirtschaftskris
Next post Previous post