Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar
how to answer questions on dating sites

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar

Ëmmer méi oft fält de Patrick Welter am „Journal“, dem

who is elena dating in vampire diaries
build rv hook up home
how to answer questions on dating sites

Presserot vergëtt nei Pressekaarten

Haut hunn an de Raimlechkeete vu Presserot eng 20 nei

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?
how to answer questions on dating sites

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Bei eisen däitschen Noperen ass et de sozialisteschen Aarbechtsminister Hubertus

Wéinst der Hëtztwell gëtt viru Bëschbränn gewarnt

Wéinst der Hëtztwell gëtt viru Bëschbränn gewarnt

Ugesiichts der grousser Hëtzt an der domatter zesummenhänkender Dréchent, besteet aktuell en erhéichte Risk vu Bëschbränn. D‘Administratioun vun de Bëscher an der Natur, zesumme mam CGDIS, weisen drop hin, datt duerch d‘Dréchent d‘Bëscher liicht a Brand gerode kënnen.

E Risiko, esou d‘Informatioun, deen duerch eng Schauer oder kuerze Reeperioden net opgehuewe gëtt. Dofir si mir alleguerten derzou opgeruff, am Bësch nach emol méi opmierksam ze sinn. Datt mécht grad da Sënn, wa gewosst ass, datt de groussen Undeel vun de Bränn, duerch d‘Awierke vum Mënsch entstinn. D‘Preventioun ass deemno net vu Muttwëll.

D‘Pompjeeën an d‘Fierschter roden dann och virsiichteg ze sinn, net a Proximitéit vun engem Bësch ze grillen, seng Zigarett net an d‘Natur ze geheien, a kee Glas ronderëm trëllen ze loossen. Et ass een zudeem gutt beroden den Auto op festem net entflambaren Ënnergrond ofzestellen. Et gliddegen Auspuff an/oder Katalysator kann och op enger Wiss e Brand ausléisen.

An dësem Kontext gëtt och nach emol drun erënnert, datt wann et grad bei dësem Wieder gutt deet duerch de kille Bësch ze wanderen, een wierklech muss uecht doen, wou een den Auto ofstellt. Hei geet et an der Haaptsaach drëms, datt d‘Bëschweeër ne blockéiert ginn, an de Fall gesat, d‘Pompjee keng Problemer hunn un de Brand erunzekommen.

Wann een e Feier oder decken Damp sollt entdecken, gëllt et direkt den 112 unzeruffen. Gitt esou genee Informatioune wéi nëmme méiglech: Wou brennt et? Wéi gesäit et virun Uert aus? Si Leit do a wa jo wéi vill? Sinn Haiser nobäi? A wéi eng Richtung zitt d‘Feier? Asw.. A bleift wann ech gelift esou laang um Telefon, bis den Operateur vum 112 all Informatiounen erhalen huet.

mam Laure Schlesser

Foto: Um Beispill vun der Katastroph a Griicheland misst jidderengem ersiichtlech sinn, wéi séier et ka goen, a wéi eng Konsequenzen esou e Feier kann hunn. Loosst eis all zesumme Verantwortung droen an oppassen.

Ähnlech Sujeten Administratioun vun de Bëscher an der Natur, Bëschbränn, CGDIS, Preventioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel