Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei bei den Editions Schortgen: „Costa del Sol“
Kultur Neiegkeeten

Nei bei den Editions Schortgen: „Costa del Sol“

De Flair vun der Costa del Sol, ass en eenzegaartegt

Géigewand um Fluchhafen
Kultur Neiegkeeten

Géigewand um Fluchhafen

Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons
Kultur Neiegkeeten

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons

Um Dënschdeg waren de Groussherzog Henri an de Staatssekretär Guy

Et reent… Konfetti!

D‘Kavalkad zu Käl fënnt e Sonndeg wéi virgesi statt

Et reent… Konfetti!

Frënn vun der Sonn an der gudder Laun, et gëtt gutt Nouvellen! Nodeems et wéinst „schlechtem“ Wieder de leschte Sonndeg net méiglech war zu Schëffleng wéi geplangt den Ëmzuch zur Fuesent ze maachen, ass elo confirméiert, datt d‘Kannerkavalkad zu Käl muer wéi ugekënnegt stattfënnt.

Gestart gëtt um 14.30 Auer an der Rue Notre-Dame, fir dann duerch d‘Stroosse vu Käl an Téiteng bis bei d‘Schongfabrick – do ass d‘Arrivée – ze lafen. Géint 17.30 Auer, also wann de Cortège et bis dohinner gepackt huet, kann ee sech dann um éiweg flotte Kannerbal „erhuelen“ an eventuell eppes opwiermen. Et sollt ee sech muer, also net op Fréijoerstemperaturen astellen…

Déi Erwuesse kommen awer iwwert déi nächst Weekender och nach op hir Käschten. Esou de 24. Mäerz zu Esch, den 30. Mäerz zu Waasserbëlleg, mat senger Nuets-Kavalkad. Den 31. Mäerz muss ee sech entscheeden: Réimech oder Péiteng. An hei déi bescht: Schëffleng gëtt nogeholl! Esou wéi eis d‘Frënn a Kollege vu Folklorama A.A.F.C. d‘Detailer ginn hunn, gi mir iech dat weider.

Ähnlech Sujeten Fuesent, Käl, Kannerfuesbal, Kavalkad, Schongfabrik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel