Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela
International Meenung

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela

Knapps datt de Sozialist Nicolas Maduro nees als President vum

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen
International Meenung

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen

De Supertaifun Mangkhut huet um fréie Samschdegmueren den Norde vun

tongue
Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
International Meenung

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold

Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold

De Verfall vun der tierkescher Lira ass „dramatesch“, an awer op seng eegen Aart a Weis och nëmmen d‘Spëtzt vum Äisbierg. Den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, deen den Amerikaner d‘Schold fir alles gëtt, iwwersäit hei bewosst, datt seng iwwerschëlte Budgeten, eng schwaach Kompetitivitéit an eng latent Korruptioun déi eigentlech Ursaach sinn.

Fakt ass, datt déi tierkesch Banken an Entreprisen, op 470 Milliarden US-Dollar Auslandsscholden „sëtzen“. Scholden déi an „haarder“ Währung mussen zeréckbezuelt ginn, an dat ass mat enger schwaacher Lira net ze maachen. Déi éischt Affer vun dëser Währungskris si wéi gewinnt, déi kleng a mëttelstänneg Betriber. Experte ginn dann och vun enger Zounam beim Chômage aus.

Dat hat sech den tierkesche President, deen de 24. Juni erëmgewielt ginn ass, elo esouwuel Staats- wéi Regierungschef ass, a mat enger Muecht ausstafféiert ass, wéi d‘Tierkei et nach ni erlieft huet, esou bestëmmt net virgestallt. Wann déi diplomatesch Ausenanersetzung mam NATO-Partner USA d‘Kris ausgeléist huet, esou ass et um Enn d‘Wirtschaftspolitik vum Erdogan, déi schold ass.

An déi tierkesch Wirtschaft rout op dräi Sailen: Tourismus, Bausecteur a Konsum. Dorops huet de Recep Tayyip Erdogan gebaut, an dat huet derzou gefouert, datt vill Menagen an der Tierkei héich oder iwwerschëlt sinn. Datt den Tourismus, no engem kräftegen Abroch 2016 nees unzitt (rieds ass vu 34 Milliounen Touriste fir 2018), klengt dann och nëmmen op den éischte Bléck gutt.

Duerch déi schwaach Währung, am Verbond mat de Bëllegreesen, bréngt den Tourismus grad emol 25 Milliarden US-Dollar an de Staatshaushalt an. Bedenkt een déi sëlleche Milliarden, déi de Staat an den Ausbau vun den Infrastrukture gestach huet, déi dem Tourismussecteur wuel gutt zu Gesiicht stinn, awer kee Geld abréngen, gëtt ersiichtlech, wou de Wee hiféiert.

Wat d‘Wirtschaft am allgemenge betrëfft, esou muss et erlaabt sinn festzestellen, datt se säit Joren u Kompetitivitéit verléiert. Eng Behaaptung déi dann och net aus der Loft gegraff ass. E Bléck op de Global Competitiveness Index, vum Weltwirtschaftsforum, weist: d‘Kompetitivitéit vun der Tierkei ass huet sech tëscht 2012 an 2016, vu Rang 43 op Rang 55 vun 138 Länner verschlechtert.

D‘Gestreits mam Milliardär am Wäissen Haus dréit natierlech net derzou bäi, datt et ka besser ginn. Sanktiounen a Géigesanktiounen, veronsécheren d‘Mäert a potentiell Investisseuren. Do kann den Opruff un d‘Vollek, seng Devisen a Gold a Liren ëmzetauschen, esouguer wann dee sollt Erfolleg hunn, och net d‘Léisung sinn. Domatter veronséchert een éischter d‘Vollek…

Ähnlech Sujeten Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, tierkesch Lira, USA, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel