Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tropestuerm iwwert de Philippinnen: 200 Doudeger
Neiegkeeten

Tropestuerm iwwert de Philippinnen: 200 Doudeger

Den Tropestuerm „Tembin“ huet am Süde vun de Philippinnen 200

Venezuela: OAS-Generalsekretär wëll militäresch géint de Maduro virgoen
Neiegkeeten

Venezuela: OAS-Generalsekretär wëll militäresch géint de Maduro virgoen

Den OAS-Generalsekretär Luis Almagro huet e Freideg deklaréiert, datt een

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!
Neiegkeeten

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!

E Méindeg huet sech eng Delegatioun vum LCGB mam Minister

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren

déi lénk zur Reform vum Wahlgesetz

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren

Am Kontext vum politesche Wëlle fir eng Reform vum Wahlgesetz, huet déi lénk dem Premier Xavier Bettel hir Positioun zu genannte Projet virgeluecht. déi lénk erwaart vun der Regierung d‘Abannen, net nëmme vun alle politeschen Acteuren, mee och vun der Zivilgesellschaft.

Esou bezéien si sech an hirem Schreiwes un de Premierminister, aleedend op e parlamentarescht Dokument (6956) an zitéieren: „D‘Demokratie bestëmmt sech net exklusiv iwwer Wahlterminer. Si gëtt gebuer, lieft, verléiert a gewënnt sech op ville Plazen. Den Institutiounen, de Stroossen, de Fabricken, de Schoulen… an de Wierder. Déi gesellschaftlech Beweegungen hu méi wéi 1 Moteur“.

Elo sinn déi lénk allerdéngs och der Usiicht, datt d‘Fro vun enger globaler Wahlgesetzreform un de Fundamenter vun der parlamentarescher Demokratie kraazt, firwat sech d‘Noutwennegkeet ergëtt, eng breetgefächert Consultatioun virzehuelen. Also net nëmme mat deenen um Krautmaart presente Fraktiounen a politesche Sensibilitéiten. Dat mécht Sënn a géif der Demokratie entgéint kommen.

Fir déi lénk wier et deemno ubruecht, all bestoend Parteien, d‘Gewerkschaften an d‘Organisatioune vun der Zivilgesellschaft anzelueden, sech um consultative Prozess ze bedeelegen. Eng Propose déi gutt gemengt ass an esou och sollt vun de Volleksvertrieder an der Chamber gesi ginn. Zumindest vun all deenen Deputéierten a Regierungsmemberen, déi fir demokratesch Prinzipien astinn.

De Standpunkt

Wat déi grouss Sujete betrëfft ëm déi et geet, also de Cumul vun de Mandater an d‘Wahlbezierker, vertrëtt déi lénk folgende Standpunkt a plädéiert: 1. fir een allgemenge Wahlbezierk, well dat dem Prinzip „Eng Persoun, Eng Stëmm!“ am beschten entsprécht; 2. géint de Cumul vun de Mandater op nationalem a kommunalem Niveau. Dat ass wuel net nei, dofir awer schwiereg ëmzesetzen.

Et ass dann awer och net verkéiert ze fuerderen, datt een net méi dierf gläichzäiteg Deputéierten a Buergermeeschter oder Schäffe sinn. Dat brauch een unhand dem Dissens am Dossier „Fage“, där Entreprise déi an der Beetebuerger Industriezon aus franséischer Mëllech a Lëtzebuerger Waasser griichesche Jughurt baue wëll, net emol weider ze argumentéieren, de Beweis ass längst erbruecht.

Wat fir Gespréich wäert suergen

déi lénk sinn dann och nach der Meenung, datt eng Reform vum Wahlgesetz och Ambitioune muss enthalen. Et missten och där „waarmer Eisen“ ugepaakt ginn, firwat vill Theme fir eppes Gespréich suerge wäerten. Dat alles ass awer noutwenneg wann een um demokratesche Prozess festhält a sech fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt asetzt.

Esou erginn sech folgend Diskussiounspunkten:

  • d‘Bedeelegung vun der Populatioun, déi als „net-Lëtzebuerger“ bezeechent gëtt awer d‘Hallschent vun der Bevëlkerung duerstellt, un de nationalen (déi lénk revendiquéieren eng „Citoyennetéit vun der Residenz“), kommunale Wahlen (Harmoniséierung vun den europäesche Standarden an folglech d‘Ofschafe vun de 5 Joer Residenzflicht) an Europawahlen;
  • d‘Wahlberechtegung fir déi Jonk ab 16 Joer;
  • eng Revisioun vum Berechnungsmodus am Kontext vun der Mandatsverdeelung. (Den aktuelle Modus bevirdeelegt nach ëmmer gewësse Parteien, a gouf rezent och nees zolidd ervirgehuewen);
  • d‘Revisioun vun de Konsequenzen déi aus der Flicht resultéieren am Kontext vun der Wahlflicht;
  • d‘Kloerstelle vun de Reegele betreffend d‘Informatioun fir d‘Wieler (Convocatiounen);
  • d‘Aféiere vun enger Mindestunzuel vu Vertrieder vum ënnerrepresentéierte Geschlecht;
  • d‘Revisioun vun der Incompatibilitéit vun engem kommunale Mandat aus beruffleche Grënn
Ähnlech Sujeten déi lénk, Reform, Wahlgesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel