Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen
Neiegkeeten

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen

Kennt Dir de Charly schonn? Si hunn mengem Meedchen eng

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun
Neiegkeeten

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun

Um Krautmaart ass déi parlamentaresch Rentrée haut effektiv. Opgemaach gëtt

dislike
Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn
Neiegkeeten

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister

An enger gudder Woch hänkt den Etienne Schneider seng politesch Carrière un den Nol, fir d‘Pensioun ass et awer nach eppes fréi, firwat vill Leit wësse wëlle wéi et fir de Sozialist weider geet

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister

Nach ass den Etienne Schneider am Amt, mee de 4. Februar gëtt den Etienne Schneider säi Mandat op an dem Groussherzog Henri seng Demissioun. Eegenen Aussoen no, well den austriedende Wirtschaftsminister, trotz villen Offerten, emol ofwaarden. Déi lescht Joren hu villes ofverlaangt an et schéngt raisonnabel, sech eng Auszäit ze gënnen, och wann déi net esou laang wäert ginn, wéi et eventuell vun deem engen oder anere geduecht gëtt.

A senger Roll als Wirtschaftsminister, huet den Etienne Schneider „no de Stäre gegraff“ an eist Land mat der Schafung vun der Lëtzebuerger Weltraumagence (LSA), wéi der Initiatioun vum Projet Weltraumressourcen (spaceressources.lu) fir déi „nei Zukunft“ virbereet. Entreprisen aus aller Welt hunn d‘Potential vum Land erkannt an esouguer op der Universitéit zu Lëtzebuerg gi Studien an dësem Beräich ugebueden.

Hien huet domadder d‘Jalone fir deen allsäits gefuerderte „qualitative Wuesstem“ geluecht awer natierlech och eng helle Wull u Kontakter geknäppt. Dat zesummegeholl mam Wëssen, datt den däitsche Jan Wörner (fréieren Direkter vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart) Aktuellen Direkter vun der europäescher Raumfaartagence (ESA) am Summer 2021 säi Stull fräimécht, do kann ee verstoen, datt et Spekulatioune gëtt.

Net ze vergiessen, Lëtzebuerg ass ee vun den 22 ESA-Memberen ass an déi strategesch Decisioune vun der Raumfaartagence vun den zoustännege Ministere getraff ginn. Folglech war den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister am November beim grousse Meeting a Spuenien, wou dëser Agence e Budget vu 14,4 Milliarden Euro zougestane gouf.

Nëmmen Indizien

Schonn am Oktober hat, am Kontext vun der Visite vum Astronauten-Zenter zu Köln, den Etienne Schneider e „strategescht Partenariat“ tëscht der ESA an der LSA ugestouss. Ee Mount méi spéit gouf de Protokoll zur Schafung vum Innovatiounszenter ënnerschriwwen. Wéi ee gesäit, am Beräich „Weltraum“ stellt sech eist kléngt Land gutt op an vun do aus, bis bei de Gedanken, datt den Etienne Schneider neien ESA-Direkter kéint ginn…

Datt et sécherlech eng vu villen Optiounen ass, déi een dem Etienne Schneider zu esou fréier Stonn kann undichten, ass net vun der Hand ze weisen. Allerdéngs sollt ee bei aller Léift zum Spill mat der Kristallkugel berécksiichtegen, datt et do awer eng Rei Hürden ze iwwerwanne gëtt. Gutt dat mat der Ethikkommissioun dierft, well et sech jo awer hei ëm eng intergouvernemental Agence handelt, éischter eng Formalitéit sinn.

Normalerweis muss dës Kommissioun préiwen, op e Posten an der Privatwirtschaft dem Kodex entsprécht an eigentlech misst tëscht dem Mandat an dem Job eng Karenzzäit vun zwee Joer berécksiichtegt ginn. E Problem awer kéint den Job als ESA-Direkter selwer duerstellen, well laut dem Kodex, dierf den Etienne Schneider och 2 Joer laang keen Afloss op d‘Membere vun der Regierung oder den Administratiounen huelen.

Mee och dat ass zu gudder Lescht net déi gréissten Erausfuerderung där sech den Etienne Schneider ze stellen hätt, wier him tatsächlech dru geleeën de Posten als ESA-Direkter unzehuelen. Hie misst jo, wann hie Kandidat fir d‘Successioun vum Jan Wörner géif ginn, och nach vun den 22 Ministeren déi iwwert d‘Vergab vun dësem Mandat ze entscheeden hunn, eestëmmeg gewielt ginn. An wa sech dat alles opgeet: E Lëtzebuerger als Direkter vun der ESA…

Foto: © Andreas Dress / unsplash

Ähnlech Sujeten ESA, Etienne Schneider, LSA, Spekulatiounen, Wirtschaftsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel