Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)
Neiegkeeten

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)

Mir sinn schonn a gewësse Moossen eng „Spaassgesellschaft“ mee et

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium
Neiegkeeten

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium

Et war nees ee vun deene „wichtegen“ Datumer am Rennkalenner

60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Neiegkeeten

60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!

Am Kader vu sengem 60. Gebuertsdag huet den ARC –

D‘Nofolleg vum Etienne Schneider ass ofgeschloss

Dräi Ierwen: De Franz Fayot kritt de Wirtschaftsministère, d‘Paulette Lenert d‘Gesondheet an den Aarbechtsminister Dan Kersch gëtt Vizepremier. En infernaleschen Trio fir eng besser Zukunft.

D‘Nofolleg vum Etienne Schneider ass ofgeschloss

Et waren Emotiounen ze erkennen, mee et war ee siichtlech zefriddenen Etienne Schneider, dee gëschter Owend d‘Nominatioun vu senge Successeure verfollegt huet. Hien dee viru Chrëschtdag bestätegt hat wat längst bekannt war, wëll de 4. Februar dem Groussherzog seng Demissioun virleeën. Um selwechten Dag soll et dann zur Passatioun vun der Muecht a Vereedegung kommen.

Et ass den LSAP-Nationalrot, dee mat enger zolitter Majoritéit, d‘Propose vun de Nominatiounen ugeholl huet. De Franz Fayot als Wirtschaftsminister, d‘Paulette Lenert als Gesondheetsministesch an den Dan Kersch als Vizepremierminister, sinn domatter Fakt. Interessant dann awer nees d‘Ausso vum Franz Fayot, dee säin Antrëtt an d‘Regierung mat „gemëschte Gefiller“ duerchzitt.

Woubäi hie jo awer sechs Joer laang President vun der parlamentarescher Wirtschaftskommissioun war an een unhuelen dierf, datt hien d‘Dossiere kennt. Hien huet gëschter dann och de Versuch vun enger verantwortlecher Mandatsiwwernam an Wierder gefaasst: „Et muss een d‘Reflexioun iwwert d‘Wirtschaft am Kontext vum Klimaschutz verdéiwen“, esou den Affekot fir Wirtschaftsfroen.

Zäit fir Verännerungen

De Franz Fayot wollt dann awer erkannt hunn, datt d‘Leit net méi gewëllt sinn den exzessive Wuesstem, mat all senge Folge fir Logement a Mobilitéit hinzehuelen. Et misst een elo kucken, a wéi engem Ëmfang een de Wuesstem encadréiere kann, wat bedéngt, datt et zu enger méi „kooperativer“Zesummenaarbecht mat de grénge Ministere komme muss.

Fir den Aarbechtsminister an zukünftege Vizepremier Dan Kersch, verännert sech grondsätzlech näischt. Hien hätt den Optrag Léisungen ze sichen an ze fannen, déi zum Wuel vum Land bäidroen. E Mann dee sengen Iwwerzeegungen trei bleift an am Kontext vun der Koalitioun awer wäert musse Kompromësser fannen. Hie genéisst jo awer och d‘Vertraue vum Premierminister.

D‘Paulette Lenert huet hirersäits ugekënnegt, datt hir éischt Missioun als Gesondheetsministesch doranner besteet, eppes géint de Mangel vun den Dokteren am Land ze ënnerhuelen. E Problem deen esou liicht net wäert ze léise sinn, och hei ass alles vill ze laang verschleeft ginn. Konkretes kann et heizou awer fréistens am Fréijoer ginn an och muss de Koalitiounsaccord respektéiert ginn.

Etienne

Den Etienne ass nach do an déi aner dräi sinn nach net am Amt, mee d‘Partei muss sech op eng nei Presidence virbereeden. D‘Francine Closener géif sech dësem Mandat gäre stellen an huet realistesch Chancen. Opgeschloss an Zilorientéiert, kéint si fir d‘Erneierung an der LSAP stoen. © LSAP

Randnotiz: Mam Ministerposte fir de Franz Fayot, muss sech elo d‘LSAP och en neie „Leader“ fannen. Hei steet d‘Francine Closener zur Wiel, déi vun der Exekutive wéi vun der Parteibasis gläichermoossen appreciéiert gëtt. Dem Franz Fayot säi Mandat an der Chamber, kéint vum Cécile Hemmen iwwerholl ginn, mee dozou wollt sech d‘Partei gëschter Owend net äusseren.

Foto: Endlech nees ee richtegen „Aarbechter“ am Aarbechtsministère, deen sech fir d‘Bierger an dären hiert Wuel, géintiwwer der Muecht vun der Groussfinanz an de Konzerner wäert asetzen. Als Affekot aus dem Wirtschaftssecteur, weess de Franz Fayot jo zimlech genee, mat wéi enge Mëttel an dësem Beräich géint déi allgemeng Interessen virgaange gëtt. (Pixabay)

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Etienne Schneider, Francine Closener, Fränz Fayot, LSAP, Paulette Lenert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel