Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
Neiegkeeten

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

Eng Stad fir se alleguerten an de Mee a senge schéinste Faarwen
Neiegkeeten

Eng Stad fir se alleguerten an de Mee a senge schéinste Faarwen

Ënnert dem Slogan „Une ville pour tous“ huet de Schäffen

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira

No engem Mount „Vakanz“ ass d‘Saison vum Porsche Mobil 1

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone

E Mëttwoch ginn zu Ettelbréck Atelieren an am Uschloss d’Presentatioun vun de jeeweilege Resultater vum Projet “Stadvisioun Ettelbréck 2030” ofgehalen. Wéi mer matgedeelt krute, begréisst d‘Piratepartei ausdrécklech d’Iddi vun dësen Diskussioune ronderëm d’Zukunft vun der Gemeng, kritiséiert awer d’Approche souwéi den Timing vun dëser Aktioun.

Fir de Claude Feldgen, Member vun de Nordstad-Piraten, stinn folgend Kritikpunkten am Mëttelpunkt: “Wann een d’Zukunft vun enger Gemeng plangt, ass Biergerbedeelegung enorm wichteg. Dës muss awer onbedéngt richteg gemaach ginn, soss ass de ganzen Exercice fir d’Kaz” Hien iergert sech dann och iwwer de Fait, datt schonns bei der Virstellung vum Projet de groussen Undeel vun de francophone Matbierger, well keng Simultaniwwersetzung virgesi war, vun der Participatioun ausgeschloss gi sinn.

Kappzerbrieches mécht dem Claude Feldgen dann och d‘Tatsaach dat alt nees déi Jonk, ophands vum Datum an der Zäit, och dru gehënnert ginn un den Ateliere deel ze huelen. “Déi véier Ateliere si Mëttwochs Moies a Mëttes, also matzen an der Woch. Weder Jugendlecher aus de Lycéeën, nach Studenten a Studentinnen hunn also d’Chance, fir bei dëse wichtegen Diskussiounen derbäi ze sinn. Dobäi betrëfft d’Zukunft virun allem si!

Eng Reklamatioun déi ee kann novollzéien. Et wier sécherlech eppes méi gescheit gewiescht dat op engem Weekend ofzehalen an esou awer engem relevanten Deel vun der Populatioun d‘Méiglechkeet ze ginn deel ze huelen. Fir de Claude Feldgen gesäit dat esou aus, wéi wann dës Atelieren de Politiker an eventuell interesséierte Pensionären virbehale wieren.

„Stadvisioun Ettelbréck 2030“ ouni Nordstad-Gedanken ?

Onverständlech ass fir d’Piraten dann och den allgemengen Timing. Esou kuerz virun de Gemengewalen an ouni dat dës Diskussiounen am Kader vun der Nordstad gefouert ginn, géif Froen opwerfen. Dozou de Claude Feldgen: “D’Zukunft vun Ettelbréck ass sou enk mat der Nordstad verbonnen, datt et bal schonn onverantwortlech ass Diskussiounen iwwer d’Mobilitéit an d’Stadentwécklung bis zum Joer 2030 an doriwwer eraus isoléiert vun der Nordstad ze féieren. Mir setzen eis fir eng Fusioun vun den Nordstadgemengen an, vir esou ënner anerem onnéideg Allenggäng an Zukunft ze verhënneren an eng kohärent an nohalteg Entwécklung vun dëser Regioun ze erméiglechen.

Do hält de jonken Lokalpolitiker dem Schäfferot, fënnef Méint vrun de Gemengewale, vir, eng „Alibi-Aktioun“ op d‘Been gestallt ze hunn. Et ass awer och méiglech, datt ebe wéinst de bevirstoende Walen, déi gewielten Politiker nach schnell wëllen eppes Opweises ze hunn. Ëmmerhi kéint da kee soen dat an de leschte sechs Joer vill an der Gemeng geschitt wier.

Op der Gemeng nogefrot…

Vum Service „relations publiques“ vun der Ettelbrécker Gemeng wollte mer dunn natierlech wëssen ob déi jonk Leit, am besonneschen d‘Schüler an d‘Studenten, dann net hätte kënne besser agebonnen ginn. D‘Madame Ney huet eis informéiert dat säitens de Gemeng extra um Facebook eng Grupp opgemaach ginn ass an et iwwert dëse Wee jo dann erméiglecht wier seng Iddien zu den véier Atelieren eranzeginn. Wat déi Leit betrëfft déi op d‘Schaff mussen, esou kéinte déi wou et wierklech interesséiert sech jo och en hallwen Dag Congé froen, esou d’Madame Ney.

Update (10.05.2017)

Wéi mir elo matgedeelt kruten, huet de Buergermeeschter vun Ettelbréck via Facebook op de Communiqué vun der Piratepartei reagéiert. Dobäi schéckt en viraus, datt eng Reaktioun op de soziale Netzwierker bei him net üblech wier. Elo ass gewosst, datt keen un der Presentatioun deel geholl huet, deen eng Iwwersetzung gebraucht hätt, an datt den Timing esou gewielt ginn ass, fir de Geschäftsleit an der Gastronomie ze erméiglechen, un den Atelieren deel ze huelen.

Och ass de Piraten ze verstoe ginn, datt dëse Projet elo zustane komme ass, fir nach virum Summer mat engem Masterplang 2030, dem neien Gemengerot no de Walen eppes mat op de Wee ze ginn. Och wier dat wat hei um Mëttwochowend virgestallt gëtt kee politescht Dokument, mee eng Denkschrëft vun de Bierger. Wat de Sujet Nordstad betrëfft, esou stellt den Jean-Paul Schaf dann och kloer, dat Ettelbréck de Motor vun dësem Gedanken ass.

Ähnlech Sujeten Ettelbéck, Nordstad, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel