Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino
Cool Neiegkeeten

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

Gemengerot Esch/Uelzecht: Eng läscht Sëtzung virun de Wahlen
Cool Neiegkeeten

Gemengerot Esch/Uelzecht: Eng läscht Sëtzung virun de Wahlen

Trotz engem gutt gefëllten Ordre du Jour, deen eng laang

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars
Cool Neiegkeeten

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars

Et gëtt déi längste Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert, an eise

cool

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech

Wat huet sech am Gemengerot dës Woch alles zougedroen?

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech

Wien ëfters duerch Ettelbréck trëppelt, weess, datt och d’Foussgängerzon an engem staarke Wandel ass. Wann dat déi lescht Joren och dorunner louch, datt vill Geschäfter zou gemaach hunn, léisst sech do eng positiv Wend konstatéieren. Nodeem den Delhaize e Proxy am Mee opgemaach huet, gëtt am Summer e weidert Lach gestoppt: Eng Filial vum Lirairie Ernster wäert dann – a zentraler Lag – do opmaachen. Wéi glécklech oder onglécklech et ass, datt den Ernster elo muss hannert enger Bicherkabinn opmaachen, gouf leider net diskutéiert.

Dëst war awer nëmmen eng vun de Saachen, déi ee beim Gemengerot dës Woch gewuer konnt ginn. Esou huet den Ausbau vum Waasserquelleschutzgebitt déi kloer Ënnerstëtzung vum Gemengerot erhalen. Esou wéilt ee sech weider fir eng gutt Waasserqualitéit asetzen, mee och a punkto Versuergung selbststänneg bleiwen. Konkret betraffe sinn dobäi de Campingwee an de Grondwee. Dobäi gëtt betount, datt den zukünftege Feelener Contournement duerch d’Ausweisung vun esou Gebidder net a Gefor géing kommen. Dofir soll en neie Punkt suergen, deen juristesch Garantie vir Bauprojeten enthält.

De Camping bleift länger am Gespréich

A Punkto Camping huet sech och eppes gedoen: Esou ass eng nei Tariff-Struktur presentéiert ginn. Op Nofro vun der grénger Fraktioun konnt een awer nach keng Projektioune maachen, wéi vill Akommes sech vum Camping an dëser Saison ze erwaarde wieren. Et géing een awer un enger Simulatioun schaffen, déi deemnächst presentéiert géif ginn. Mee et géing awer och nach un Erfarungswäerter feelen.

De Camping ass fir dës Saison ënnert enger neier Féierung erëm a Betrib gaangen. D’Gemeng huet hei och deelweis an d’Infrastruktur mat investéiert, well dréngend Aarbechten hu misse gemaach ginn. Et géing een awer och un engem Gesamtkonzept schaffen. Eng oppe Fro wier awer och, wéi een et do géing mat der Kanaliséierung maachen, déi am Kader vun der Quelleschutzzon géif néideg ginn.

Ofgesinn dovunner leescht sech Ettelbréck elo eng Buerg: Eng Kannerbuerg, ëm genee ze sinn. Déi nei Maison Relais kritt deen Numm a gläichzäiteg schaaft een domat Distanz zum ale Numm, dee “Multikulti” war. Dat bedauert déi gréng Fraktioun, well se deen Numm – wéinst der Diversitéit vun de Kanner – duerchaus passend fonnt huet. Dowéinst gouf sech an deem Punkt bei der Ofstëmmung och enthalen.

 

 

Ähnlech Sujeten Ettelbréck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    1

  • Cool

    4

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0