Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun
Neiegkeeten

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun

Well ech mech op ee laangen Openthalt an engem Spidol

LCGB: Fuerderung vu klore Verbesserungen a Saache Pensioun!
Neiegkeeten

LCGB: Fuerderung vu klore Verbesserungen a Saache Pensioun!

Enn Februar huet den LCGB sech mam Minister fir sozial

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

D'Zuel kéint sech bis 20150 verdräifachen

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36 Millioune Mënsche blann. Aus dem Pabeier geet och ervir, datt sech dës Zuel bis 2050 verdräifache soll. Dat bezitt sech op den demographesche Wuesstem an de Fait, datt de Mënsch am Duerchschnëtt ëmmer méi al gëtt.

Deem muss dann awer net esou sinn. Fir deem entgéint ze wierke muss just méi an d‘Entwécklung vun neien Traitementer investéiert ginn. Dat zumindest behaapten d‘Auteure vun der Etüd, déi an der britescher Revue „The Lancet Global Health“ publizéiert ginn ass.

Aus der Etüd sinn awer nach weider Erkenntnesser ze enthoulen. Esou waren 2015, 217 Millioune Mënsche vun enger moderéierter bis schlëmmer Behënnerung vun der Vue betraff. Dat ware ronn 35% méi wéi nach 1990 an entspriechend der Etüd kéinten et 2050 scho 588 Millioune Mënsche sinn.

Notéiere mer nach, datt iwwert eng Milliard Leit u Wäitsiichtegkeet leiden. E Leiden dat vun Ophtalmologen och als Alterswäitsiichtegkeet (Presbyopie) bezeechent gëtt, well et ganz oft eréischt am Alter optrëtt.

Op d‘Zuele gekuckt

Wat elo d‘Zuelen an der Etüd betrëfft, esou muss festgestallt ginn, datt: „déi Statistiken nëmmen déi Mënsche comptabiliséieren, déi net vun enger ugepasster Korrektur profitéieren“, esou de Rupert Bourne, Professer op der Universitéit Anglia Ruskinm, géintiwwer der AFP.

Laut der Definitioun vun der WHO (Weltgesondheetsorganisatioun) designéiert d‘Cecitéit (Erblannung) eng Siicht vun ënner engem 20tel oder engem Siichtfeld bis 10°. Als „schlëmm“ Siichtbehënnerung gëtt eng Siicht tëscht engem 20tel an engem 10tel betruecht. Eng „moderat“ Behënnerung läit tëscht engem 10tel an engem Drëttel 10tel.

D‘Wëssenschaftler ginn dann och dovunner aus, datt „déi global Prevalenz vun der Cecitéit zréckgaangen ass, vun 0,75% 1990 op 0,48% 2015. Bei deem wat als schwéier Behënnerung ugesi gëtt, ass et ee Réckgang vun 3,83% op 2,9%“.

Déi signifikativ Verbesserung erkläert sech duerch: eng Erhéijung vun der Liewensqualitéit, bessere Gesondheetsprogrammer, der Entwécklung vun Traitementer an engem besseren Zougang zu ophtalmologesche Servicer. „Trotzdeem geet d‘Zuel vun den altersbedéngten Defiziter an d‘Luucht, well de Mënsch ëmmer méi al gëtt“, erklären d‘Wëssenschaftler.

E Bléck an d‘Zukunft

Et soll dann och esou viru goen. Laut de Wëssenschaftler dierft unhand der demographescher Entwécklung d‘Zuel vun de betraffene Persounen ophalen ofzehuelen. Si ginn esouguer vun enger Zounam am 2020 aus.

D‘Projektioun vun dësen Zuele berécksiichtegt allerdéngs net eventuell Fortschrëtter déi bis dohinner kéinte gemaach ginn. Fir de Professer Bourne ass et wichteg, datt et eng Entwécklung an de Beräicher vun der Diagnostik, dem Traitement an dem Zougang zur medezinescher Fleeg gëtt.

Aus der Etüd geet dann ervir, datt et grouss geographesch Ënnerscheeder gëtt. Ganz kloer betraff sinn, wéinst dem niddregen Akommes, d‘Länner am subsahareschen Afrika an Asien. An d‘Zuele verdäitlechen et: Afghanistan (1,98%) an Ethiopien (1,86%) hunn ee vergläichsweis héijen Undeel u Mënschen déi Blann sinn géintiwwer Island, der Belsch oder Dänemark (0,08%).

Hale mer ofschléissend nach fest, datt d‘Fraen am stäerkste betraff sinn. Si stelle mat 56% bei de Blannen an 55% bei de Mënsche mat enger Siichtbehënnerung, déi gréisser Populatioun duer. Eng Erklärung heifir konnten d‘Wëssenschaftler awer net virleeën.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Gesondheet, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel