Search

You may also like

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
International Neiegkeeten

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!

Um vergaangene Mëttwoch huet de Premierminister Xavier Bettel an der

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“

D’Sloane, d’Ardie an d’Grace fäerte ganz, dass den Ames, bekannt

Zu Bréissel schloen se sech wéinst de Autorerechter de Kapp an
International Neiegkeeten

Zu Bréissel schloen se sech wéinst de Autorerechter de Kapp an

„Ligen“ vs „Schléi ënnert de Rimm“: déi europäesch Direktiv zur

Etüd: Bei Kanner déi ze vill op Ecrane kucken, verännert sech d‘Gehir

Etüd: Bei Kanner déi ze vill op Ecrane kucken, verännert sech d‘Gehir

D‘Gehir vu Kanner déi vill Zäit mat oder hannert engem Ecran verbréngen, erschéngt verännert. Dat geet aus der Analys vun den éischte Resultater ervir, no enger ambitiéiser Etüd, déi vun den amerikanesche Gesondheetsinstituter (NIH) duerchgefouert, a vu CBS opgedeckt ginn ass.

An 21 amerikanesche Fuerschungszenteren huet den NIH ugefaangen d‘Gehir vun 4.500 Kanner, am Alter tëscht 9 an 10 Joer, ze ënnersichen. Bei der Recherche geet et drëms erauszefannen, op den intensive Konsum vu Videospiller an d‘Zäit déi am Internet verbruecht gëtt, en direkten Impakt oder Afloss op hir Entwécklung hunn.

Déi éischt Resultater vun dëser Etüd, déi unhand de Biller, déi duerch Magnéitresonanz (IRM) erhale ginn, weisen „ënnerschiddlech Tracéen“ an der Gehirer vun de Kanner op. Dat wier besonnesch ausgepräagt „bei Kanner déi hir Tablett/Smartphone a Videospiller méi wéi siwe Stonnen den Dag notzen“, erkläert den Dr. Gaya Dowling an der Sendung 60 Minutes.

Esou ass festgestallt ginn, datt de Cortex (Cortex cerebri / Grousshirschuel) ofhëlt. Dat gëtt als en Alterungsprozess gewäert, woubäi de Wëssenschaftler betount, datt nach net gewosst op dëse Prozess schiedlech ass. „Mir wëssen net mat Sécherheet, op dat duerch d‘Zäit déi ee virun engem Ecran verbréngt entsteet. Mir wëssen och net op et schiedlech ass“, esou den Dr. Gaya Dowling.

Suchtverhalen a Gléckshormoner

Laut enger weiderer Wëssenschaftlerin, déi och fir déi genannten Emissioun befrot ginn ass, kann déi Zäit déi mat engem Smartphone verbruecht gëtt e Suchtverhalen ausléisen. Laut dem Dr. Kara Bagot, stimuléiert den Ëmgang mam Smartphone, den Ausstouss vun Dopamin (en opreegenden Neurotransmitter) dat sougenannte Gléckshormon.

Fir dat erauszefannen, huet hiert Team d‘Gehir vu Jugendlechen „gescannt“ während si sech mat hirem Instagram-Account beschäftegt hunn. „Et besteet duerchaus d‘Méiglechkeet, datt ee méi impulsiv agéiert, an datt een déi sozial Netzwierker op eng méi kompulsiv Aart a Weis notzt, wéi datt ee sech mat sech selwer beschäftegt“, esou den Dr. Kara Bagot.

Am Kontext vun dëser Etüd, huet den NIH am ganzen 11.000 Kanner „rekrutéiert“, déi iwwer Jore musse begleet an ënnersicht ginn, fir den Impakt vum Ëmgang mat den neien Technologien, a méi prezis den Afloss vun den Ecranen op dat mënschlecht Gehir, ze studéieren. Et wëll ee wëssen, op et sech op d‘Entwécklung vum Intellekt, dem soziale Verhalen an d‘Gesondheet, auswierkt.

mat AFP

Related topics Etüd, Gehir, Kanner, Magnéitresonanz, nei Technologien, NIH
Next post Previous post