Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Während dëser Zäit…
Neiegkeeten

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern
Neiegkeeten

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern

Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt
Neiegkeeten

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer.

Etüd zum Lockdown: Déi mental Gesondheet huet virun allem bei Jonke gelidden

Etüd zum Lockdown: Déi mental Gesondheet huet virun allem bei Jonke gelidden

Zesumme mat TNS Ilres huet de STATEC eng national Etüd zum sozialen an ekonomeschen Impakt vum Virus op Lëtzebuerg lancéiert. Dobäi huet all drëtte befrote Lëtzebuerger Resident uginn, datt seng mental Gesondheet wärend dem Lockdown gelidden huet. Am ganze Stress a Chaos goufen zwar speziell Hotlinen ageriicht, wann eng däischter Phas sollt kommen.

Eréischt elo, wou d’Situatioun besser ënner Kontroll ass, kann een sech och op déi mental Gesondheet vun der Bevëlkerung fokusséieren. Duerch déi sozial Distanz an eng limitéiert Zäit dobaussen, d’Aschränken oder de komplette Verloscht vun der Aarbechtsplaz, bemierkt ee mam Deconfinement d’Konsequenze – dorënner grouss Onsécherheeten an Ängschte – vun dësen noutwennegen Decisiounen. Dobäi stellt eng gesond Psyche e wichtege Bestanddeel vum Wuelergoen duer, wat sech schliisslech och an der Ekonomie bemierkbar mécht. Dozou gläich awer méi.

Wouhier kënnt d’Leed genau?

De grousse Problem sinn Angscht an Onsécherheet: D’Angscht sech selwer oder seng Léifst ze infizéieren, d’Angscht seng Aarbecht ze verléieren, d’Angscht virum Eleng-sinn an d’Angscht virum eegene Verhalen wärend der Isolatioun.

Vun de Befroten hu 6,4 % uginn a Kuerzaarbecht ze sinn, wougéint 2,7 % keng Aarbecht haten. Quasi ee Véierel (24,7 %) hunn matgedeelt, datt si fäerten, datt hir Aarbechtssituatioun a Sécherheet an Zukunft erofgoe wäert. De Verloscht vum Job suergt weltwäit fir Bedenken. Eleng an den USA hu Mëtt Mäerz 40 Millioune Leit finanziell Hëllef missen ufroen, wëll si keng Aarbecht haten.

Ma, och wann een seng Aarbecht nach hat, da war d’Angscht grouss se ze verléieren. Dëst Gefill géif sech laut STATEC nach méi negativ op d’Wuelergoen auswierken, wéi d’Ewechfale vum Akommes.

Bei 16 % vun der Bevëlkerung ass d’Paie gekierzt ginn. Grënn dofir sinn de Verloscht vun der Aarbecht (21 %), reduzéiert Aarbechtszäiten (24 %), méi gerénge Profit vun der Firma (21 %) oder aner Grënn (35 %). Gläichzäiteg sinn d’Onkäschte bei 60 % vun de Befroten gesonk.

mental Gesondheet

© Ben Blennerhasset / Unsplash

Homeoffice – Virdeel oder Nodeel?

Beim Lancement vun der Etüd am Abrëll 2020 hunn 50 % vun de Befroten, déi hir Aarbecht nach haten, vun Doheem aus geschafft, wärend 21 % tëscht der Aarbechtsplaz an den eegene véier Wänn hin an hier sprange missten.

Homeoffice bréngt grouss Flexibilitéit soen déi eng. Et bereet aweer och Schwieregkeete seng Responsabilitéiten ze erfëllen. Ganzer 55 % empfannen den Teletravail als positiv, 15 % kommen net mat dëser Aart a Weis ze schaffe kloer an 30 % gesi souwuel gutt, wéi och schlecht Säiten.

D’Gefill vum Eleng-Sinn

Déi jéngst Etüd huet gewisen, datt 17 % vun de Lëtzebuerger eleng wunnen. Mat Partner, Matbewunner oder Famill soll et sech mei angenehm liewen, an awer ass et kee Garant, datt ee sech net emol eleng fillt. Hei sief drop higewisen, datt d’Eleng-sinn an sech eleng fillen zwou verschidde Saache sinn. Wärend een d’Zäit mat sech genéisse kann, ass et och méiglech sech am grousse Grupp eleng gelooss ze fillen.

mental Gesondheet

Wéi scho gesot ass bei 1/3 vun de Befroten déi mental Gesondheet erofgaangen. Et erlieft een awer Ënnerscheeder an de veschidde Gruppen. Jonk Leit hätten méi gelidden, wéi Eelerer. An der Altersgrupp tëscht 18 a 44 Joer hu ronn 37 % e Réckgang vun der Psyche bemierkt. Persounen ab an iwwer 65 Joer leie bei 22 %. Ma, vun de Fraen gëtt d’Situatioun och schlëmmer empfonnt, wéi vun de Männer.

Kuckt een sech déi verschidde Regioune vu Lëtzebuerg un, esou ass besonnesch de Süden, sou wéi d’Stad betraff vum Réckgang vun der mentaler Gesondheet.

De ganze Rapport fannt Dir HEI an op statistiques.public.lu.

Opmaacherbild: © Megan te Boekhorst / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Confinement, Covid-19, Ëmfro, Helpline, Lockdown, Mental Gesondheet, Pandemie, Psychologesch Hëllef, Statec, TNS-Ilres, Wuelbefannen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel