Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!
https://moien.lu/best-paid-dating-sites-canada/

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste

who is yazz the greatest dating
https://moien.lu/best-paid-dating-sites-canada/

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

Fir der Bevëlkerung den Informatiounszougang zur ëffentlecher Gesondheet ze erliichteren

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren
https://moien.lu/best-paid-dating-sites-canada/

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

Während Europa seng „Mënschlechkeet“ am Mëttelmier versenkt, Italien mat drastesche

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun der GECT Uelzecht Belval, huet zesumme mat den Autoritéite vun 11. Gemenge vu PRO-SUD an vum GECT eng Etüd zur Cyclabilitéit an den zukünftege Perspektiven an der aktiver Mobilitéit presentéiert.

Säit Joren äussert déi lëtzebuergesch Regierung hire Wonsch déi aktiv Mobilitéit ze fërderen. An dat duerch eng gutt vernetzten national, interkommunal an grenziwwerschreidend Vëlospist. D’Erweiderung vun dëser vernetzter Vëlospist braucht eng enk Kooperatioun tëschent den betraffene Gemengen an dem Staat fir zesummen op Bedierfnisser anzegoen an den néidegen Ausbau vun dësem Reseau ze garantéieren. An folgendem Kontext fënnt een och Aarbechten un der Konventioun vun der territorialer Kooperatioun tëschent dem Staat an de Gemenge PRO-SUD.

Als President vun der GECT Uelzecht Belval hofft de François Bausch des Etüd och an 8 franséische Gemengen, déi och Deel vun der GECT sinn, anzebréngen. Sou soll d’Erweiderung vun der aktiver Mobilitéit och a Frankräich ënnerstëtzt ginn an zou engem Opbau vun der grenziwwerschreidend Agglomeratioun vum Süden ze féieren.

D’Zesummenaarbecht bréngt den Erfolleg

D’Administratioun vun de Ponts et Chaussées an den „LVI – Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ“ goufen och an des éischt Phase vum Projet abezunn. Am éischte Semester vun dësem Joer huet den nidderlännesche Virstand TRIDÉE, den op d’aktiv Mobilitéit spezialiséiert sinn, un enger besserer Cyclabilitéit geschafft an proposéieren een funktionelle Schema. Duerch d’Kartographie, als Hëllef fir d’Analys, presentéiere si Resultater vun der Etüd, déi sech op eng grouss Auswiel un Weeër am Süden an der GECT Uelzecht Belval bezitt. Och eng Vernetzung vun de Vëlosweeër vu Lëtzebuerg a Frankräich goufe berécksiichtegt.

Haaptzil vun der Etüd ass et een funktionelle Reseau un d‘Vëlosweeër am Süden an, an der grenziwwerschreidender Regioun AggloSud unzebidden. Domat kennen de Bierger effikass an sécher Deplacementer am Alldag gebuede ginn. Dobäi ass et net just wichteg Vëlospisten ze schafen, mee och generell Fortbeweegung tëschent dem Doheem an der Aarbecht mam Vëlo am Alldag ze begënschtegen. Dëse Reseau u Vëlosweeër muss awer och esou ugepasst ginn, datt een einfachen Accès gebuede gëtt.

Zu gudder Läscht muss bei der Etüd och den Zoustand vun den ëffentleche Stroossen gekuckt ginn an d’Sécherheet vum kommunale Reseau verbessert ginn.

Ähnlech Sujeten Cyclabilitéit, François Bausch, GECT, LVI, Mobilitéit, Mobilitéitswoch, Vëlospisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel