Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch
Neiegkeeten

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

Eng Gesellschaft, egal wéi multikulturell se opgestallt ass, definéiert sech

surprise
Editorial: Maach den Handy aus!
Neiegkeeten

Editorial: Maach den Handy aus!

Dat den Educatiounsminister Claude Meisch haart driwwer nodenkt, d‘Benotze vum

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill
Neiegkeeten

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister

Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial- a Solidarwirtschaft, Dan Kersch (LSAP) an de Vertrieder vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (ACAT, AIL, ASTI, CARITAS, CLAE, CEFIS, Passerell, Doktere vun der Welt, Reech eng Hand) eng éischt Entrevue ginn.

Sënn an Zweck vun dëser Renconter mam Minister a Vertrieder vun der ADEM, war et sech mat de Froen ausenanerzesetzen, déi am Zesummenhang mam Accès op den Aarbechtsmaart stinn, a sech op Demandeuren a Beneficiaire vum internationale Schutz bezéien, déi den Ament zu Lëtzebuerg e séchert Doheem fonnt hunn.

Op der Dagesuerdnung stoungen ënnert anerem, de Besoin vun enger Iwwerpréiwung vun de berufflechen a sproochleche Kompetenzen. Dat méiglechst bei der Arrivée vun den Demandeuren. Et ass och nees drop higewise ginn, dat d‘Legislatioun fir déi temporär Autorisatioun fir ze schaffe misst reforméiert ginn. Déi entsprécht net méi den haidege Besoinen an Ufuerderungen.

Déi ugeschwate Problemer a Fuerderungen si vum Minister aktéiert ginn, a béid Parteien hu sech drop gëeenegt, datt et zu reegelméissegen Entrevue muss kommen, fir engersäits de Dialog oprecht ze erhalen, an anersäits, gemeinsam iwwert d‘Entwécklung an de respektiven Dossieren ze beroden.

Foto: © LFR

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, ADEM, Dan Kersch, Lëtzebuerger Flüchtlingsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel