Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt
Neiegkeeten

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

No 30 Méint Gestreits sollt et am Bausecteur endlech zu

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz
Neiegkeeten

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz

Beim Verband vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) ass d‘Opreegung

coollove
De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss
Neiegkeeten

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss

Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass,

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump

EU a China treffen sech haut a muer zu Bréissel, fir gemeinsam de Paräisser Accord géint den Trump ze verteidegen. Dem amerikanesche President seng Entscheedung bezüglech der Lutte géint Äerderwiermung gëtt zudeem all Ament erwaart.

Ënnert der Ära Obama haten sech Washington a Peking als d’Piliere vum 2015 ënnerschriwwenen Accord gewisen. Deemools haten sech 196 Länner ënnert der Féierung vun der UNO engagéiert, Mesuren ze ergräifen, fir d’Erwiermung ze begrenzen an d’Emissiounen ze reduzéieren. Den Trump, dee sech net laang mat Communiquéen ophält, huet an engem Tweet matgedeelt, seng Decisioun um 19.00 bekannt ze ginn. Wéi déi da soll ausgesinn ass net gewosst, mee amerikanesch Median ginn dervunner aus, datt den Trump sech wäert zeréckzéien.

Zu Bréissel awer sollt d’EU mat China zu enger gemeinsamer Deklaratioun fanne fir „hir Engagementer zum historeschen Accord ze bestätegen“, wéi d’AFP aus Dokumenter ofleet. Esou hunn Europa a China wëlles esouwuel politesch wéi och mat Mesurë konkret un der Ëmsetzung vum Accord zesummen ze schaffen.

Net vun Haut op Muer

De Réckzuch vun den Amerikaner, ee vun de gréissten Ëmweltverschmotzer op der Welt, wier en haarde Schlag am Kampf géint de Klimawiessel. Dat nëmme knapps annerhalleft Joer no der Euphorie, déi den Accord ausgeléist hat. De Jean-Claude Juncker huet awer e Mëttwoch zu Berlin gewarnt, datt de Paräisser Accord „een internationale Vertrag mat legale Verbindlechkeeten ass“ an datt „et Jore géif brauche falls d’USA aus deem eraus wéilten.

Am Kader vun enger Pressekonferenz war och de Vizepresident vun der EU-Kommissioun déi sech ëm d’Energie këmmert, de Maros Sefcovic, op de Sujet ugeschwat ginn. Hie sot dann och, dat se sech alleguerten de Rumeure bewosst wieren. „Mier richen et schonn. E gi staark Erwaardunge säitens eise Partner an der Welt, fir dat Europa de Leadership an dësem Effort iwwerhëlt“, sot de Sefcovic an weider: „Europa ass bereet dës Verantwortung ze iwwerhuelen. Mier wäerten et bestëmmt och maachen.“ Fir hie bedeit een eventuelle Réckzuch vun den USA dann och net gläich d’Enn vun der Mënschheet.

Eng Dynamik déi net méi ze stoppen ass

Op Twitter huet dem Sefcovic säi Kolleg, Verantwortlech fir d’Aktioun fir de Klima, de Miguel Arias Canete och verséchert, datt d’EU senger Verantwortung wäert nokommen. „D’Welt ka mat Europa rechne fir de Leadership am Beräich vum Klima ze halen. Zesummen ënnerstëtze mer Paräis, verteidege mer Paräis“, esou dem Cantee säin Tweet.

Fir d’EU genee esou wéi fir China ass d’Dynamik zu Gonschte vun enger Reduzéierung vun de Gasen, déi fir de Klimawandel verantwortlech sinn, irreversibel. Eng europäesch Source huet der AFP erkläert, datt d’EU an dësem Dossier enk mat China, säit der COP22 vum November zu Marrakesch, zesummeschafft. Matten an de Verhandlunge goufen d’Participante vun der Wahl vum oppe klimaskepteschen Donald Trump iwwerrascht.

Eng hefteg a schnell Reaktioun

Säit en am Amt ass, huet den Trump kloer zum Ausdrock bruecht, datt hie wäert d’Notzung vun der fossiller Energie (Kuel, Gas, Pëtrol) zugonschte vun Aarbechtsplaze wëllt verteidegen. „Ech menge mir hätten an Europa bewisen, datt d’Notzung vu propperen Technologien, d’Erhéijung vun der Produktioun mat erneierbaren Energien, och wirtschaftlech Sënn mëscht“, ënnersträicht de Maros Sefcovic.

Déi hefteg a schnell Reaktioun vun den Amerikaner am Bezuch op d’Klimapolitik verlaangt een deifgräifende Leadership vun all deenen anere Länner“, seet de Li Shuo vu Greenpeace Asien am Kader vun enger Pressekonferenz mat der ONG „Climate Action Network (CAN). „An deems se sech nolauschteren am Plaz sech aus der Distanz ze ënnerhalen, huet d’Koppel (EU-China) d’Potential fir de neie Moteur vun der klimatescher Diplomatie ze ginn. Fir ënner Beweis ze stellen, datt si dat zesumme kënnen, mussen si awer d’Mesuren an hire Länner virundreiwen“, füügt d’Vertriederin vu Greenpeace bäi.

Mam Marine Laouchez (AFP)

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, EU, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel