Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Haart gejaut, schlecht iwwerluecht
Fail International Neiegkeeten

Haart gejaut, schlecht iwwerluecht

Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem

cryingdislike
Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger
Fail International Neiegkeeten

Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger

De Chauffer vun der Camionnette deen e Méindeg zu Toronto

Grippesaison steet virun der Dier, looss se dech net kal erwëschen
Fail International Neiegkeeten

Grippesaison steet virun der Dier, looss se dech net kal erwëschen

Wéi all Joers wann sech de Wanter ukënnegt, steet och

dislike

Nëmmen d’Halschent vun de aarbechtslose jonke Leit an der EU géif fir eng Aarbecht plënneren

Fir Lëtzebuerg leie leider net genuch Donnéeë vir

Nëmmen d’Halschent vun de aarbechtslose jonke Leit an der EU géif fir eng Aarbecht plënneren

Grad emol 50% vun den Aarbechtslosen am Alter vun 20 bis 34 Joer wiere bereet fir eng Aarbechtsplaz ze plënneren. 21% wiere bereet, am selwechte Land eng nei Wunneng ze sichen. 12% géingen an en anert EU-Land a 17% souguer an en net EU-Land zéien. Dëst erginn aktuell Zuele vun Eurostat, déi sech op d’Joer 2016 bezéien. 

Genee Zuele fir Aarbechtsloser zu Lëtzebuerg leien dem Eurostat leider net vir. Dofir wier d’Non-Response-Quot an eisem Fall ze héich. Allerdéngs ginn et Zuele fir Leit, déi eng Aarbecht hunn: 6% si vir hir Aarbechtsplaz innerhalb vum Land geplënnert. 12% sinn dofir souguer an en anert EU Land geplënnert.

D’Bildung spillt hei eng grouss Roll, op ee bereet ass, fir seng Aarbecht ze plënneren

Laut dem Communiqué vun Eurostat ass d’Bildung hei e grousse Faktor. Jonk Aarbechtsloser mat engem mi héije Bildungsniveau wieren éischter bereet, de Wunnuert ze wiesselen. 23% géingen am eegene Land plënneren, 16% esouguer an d’europäescht Ausland. Bei engem mëttlerer Bildungsniveau (20% an 11%) an niddreger Bildungsniveau (21% an 10%) falen d’Zuelen dogéint of.

Den Undeel vun de jonken Aarbechtslosen, déi net plënnere wëllen ass a Malta (73%), Holland (69%) an Zypern (68%) besonnesch héich. Wat en Ëmzuch innerhalb vum eegene Land ugeet, esou sinn an Däitschland an a Rumänien (37%) déi meeschte Leit prett, dëst fir eng nei Aarbechtsplaz ze maachen. Déi héchste Bereetschaft, fir dofir an d’Ausland ze zéien, besteet an Estland a Kroatien (26%) souwéi Slowenien (25%). D’EU fir eng Aarbecht verloosse wëllen di meescht a Schweden (34%), Spuenien a Finnland (28%), souwéi Frankräich (27%).

Ähnlech Sujeten Aarbechtslosegkeet, EU, Lëtzebuerg, Mobilitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    1

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0