Search

You may also like

money
Trump gëtt no an ënnerschreift endlech Hëllefspak
Neiegkeeten

Trump gëtt no an ënnerschreift endlech Hëllefspak

Wärend Millioune vu Mënschen an den USA sech iwwer Chrëschtdag

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
Neiegkeeten

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss

Modern, faarwefrou a perfekt ofgerënnt – Esou presentéiert sech de

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt
Neiegkeeten

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

En Juli ass um Krautmaart de Gesetzprojet 7311 gestëmmt ginn,

EU-Regierunge bremsen d’Agrarwende aus

EU-Regierunge bremsen d’Agrarwende aus

Dat lëtzebuergescht Agrarwende-Bündnis „Meng Landwirtschaft – Mäi Choix“ huet den 19. Oktober beim Treffe vum EU-Agrarrot fir eng enkeltauglech EU-Agrarreform demonstréiert. Déi 22 Organisatiounen déi am Bündnis sinn, kritiséieren, datt d’Regierunge vun den EU-Staaten d’Agrarwende ausbremsen.

Wärenddeem dobausse protestéiert gouf, hunn sech dobannen d’Membere vum Rot getraff. Ënnert dem Virsëtz vun der däitscher Rotspräsidentschaft wëllen si eng politesch Eenegung zu der EU-Agrarreform erreechen. Bauer*innen, Konsument*innen an Aktivist*innen aus ganz Europa hunn sech fir den Aktiounsmount “Good Food Good Farming” am Oktober zesummegedoen. Zesumme fuerderen si eng besser Agrarpolitik.

De Protest virum Rotsgebai zu Lëtzebuerg verschaaft deejéinegen eng Stëmm, déi a ganz Europa eng déifgräifend Reform vun der EU-Agrarpolitik (GAP) fuerderen.

De Mathieu Wittmann vu Meng Landwirtschaft – Mäi Choix seet:

“Mir brauchen a wëlle Verännerung. Am Mäerz hunn 3600 Wëssenschaftler*inne grondleeënd Verännerunge vun der EU-Agrarpolitik gefuerdert, fir d’Zerstéierung vun der Natur ze stoppen an d‘Recolten ze sécheren. D‘Wëssenschaft betount, datt et héich Zäit fir Verännerungen ass. Mir protestéieren hei am Numm vun dausende Bauer*innen an anere Mënschen aus ganz Europa. Mir kënnen net nach eng weider GAP-Period vu siwe Joer verbëtzen an där d’Aartevillfalt zerstéiert an de Klima opgeheizt gëtt. Eis politesch Vertrieder*innen am Rot a Parlament mussen d’Landwirtschaft elo beim Ëmbau ënnerstëtzen – mat Subventioune fir Baueren aplaz d’Agrarindustrie“

D’Dani Noesen, vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Asbl, Memberorganisation vu „Meng Landwirtschaft – Mäi Choix fënnt“:

“Biolandwirtschaft ass zur Zäit dat nohaltegst Landbewirtschaftungssystem, wat och nach iwwer EU-wäit Reegelungen, Kontrollen an Zertifizéierunge verfüügt. An der F2F-Strategie gëtt dëse System als Schlëssel fir eng nohalteg an enkeltauglech Landwirtschaft unerkannt an am Zil “25 % zertifiéiert Biolandwirtschaft an der EU bis 2030” manifestéiert.

D’GAP post 2020 muss dësem Zil konsequent Rechnung droen, wann si mat Erfolleg an der Bewältegung vun der Biodiversitéit- a Klimakris wëll sinn. Mir erwaarde vun den EU-Agrarministeren Entscheedungen, déi zum gewënschten Zil féieren! Soss erwaarden eis nach eng Kéier 7 Joer mat weidere katastrophale Folge fir eis Ökosystemer.”

D’Elisabeth Fresen, Bundesvirsëtzend vun der Aarbechtsgemeinschaft “bäuerliche Landwirtschaft“ a Bauerin an Norddäitschland kritiséiert:

“Eis landwirtschaftlech Betriber sti viru gewaltege Verännerungen – zu méi Ëmwelt- an Déiereschutz. De Kompromëss zur GAP am europäesche Rot a Parlament gëtt dësen Erausfuerderungen net gerecht. Mir fuerderen d’Politik op, sech hirer Verantwortung ze stellen an datt se sech fir e Budget u wierksamen Ëmweltleeschtungen asetzt, wat eis Bauer*inne fir Gemengwuelleschtunge gerecht entlount. Nëmmen esou kann déi noutwenneg Transformatioun vun der GAP geléngen“.

D’Harriet Bradley, agrarpolitesch Referentin vum Ëmweltbond „BirdLife Europe“:

“D’Agrarindustrie-Lobby huet den europäesche Rot genausou ewéi vill aflossräich EU-Deputéiert fest am Grëff. Trotzdeem hunn mir net domat gerechent, datt déi sozialdemokratesch a liberal Fraktioun am Parlament géint méi Ëmwelt- a Klimaschutz stëmme géif. Dat ass konträr zum Votum vu leschter Woch, andeem d’Parlament sech fir eng 60-prozenteg Reduktioun vun dem Zäregaser ausgeschwat huet. De Kompromëss, deen dës Fraktioune mat de Konservative geschloss hunn, ass duerch d’Klima- a Biodiversitéitskris zynesch. Dofir appelléiere mir un d’Deputéiert mat hire Gewëssen un der Verantwortung fir zukünfteg Generatiounen iwwert d’GAP ofzestëmmen”.

Verhandlungen zu der Agrarpolitik

D’EU-Agrarminister*inne wëllen sech bei hirem Treffen op eng Positioun zum GAP-Reformvirschlag eenegen. Alles weist dorop hin, datt si déi kontrovers pauschal Flächenprämien weiderféieren an d’Hëllefe fir Ëmwelt- a Klimaschutz miniméieren. De Mëttwoch stëmmt och d’Europäescht Parlament iwwert seng Positioun zu der GAP of. Do wëllen déi liberal, sozialdemokratesch a konservativ Fraktiounen iwwer Ännerungsvirschléi ofstëmmen, déi de GAP-Virschlag vun der Kommissioun ofschwächt an e “Weider sou” an d’Agrarpolitik zementéiert.

Good Food Good Farming“ – Aktionsmount

Am Oktober si ronn 70 Evenementer an Aktiounen an zwielef europäesche Länner geplangt. Si fuerderen eng zukunftsfäeg Agrarpolitik mat méi gesondem Iessen, nohalteger Landwirtschaft an der Existenzsécherung fir Bauer*innen. Säit 2018 schléissen sech Landwirt*innen, Konsument*innen an Aktivist*innen zu dësen europäeschen Aktiounsdeeg zesummen. An de vergaangene Joren hunn sech iwwer 300 zivilgesellschaftlech Organisatiounen aus 22 europäesche Länner dorunner bedeelegt. Trotz den Aschränkungen duerch Coronavirus-Pandemie sinn och dëst Joer villfälteg Aktiounen organiséiert – zum Beispill Stroosseprotester, Besich op Bauerenhäff oder Onlinekonferenzen.

Weider Informatioune fannt Dir hei:

Foto: © Lise Bockler

Related topics Agrarreform, Biolandwirtschaft, EU- EU-Landwirtschaftsminister, EU-Kommissioun, Meng Landwirtschaft
Next post Previous post