Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Offiziell Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier
speed dating london 2018

Offiziell Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier

Um haitegen Dag duerft de Generol Alain Duschène, Stabchef vun

a good dating headline
speed dating london 2018

17 girl dating 20 boy

D‘Schëff Aquarius, ass fir d‘ONGen „SOS Méditeranée“ an Dokteren ouni

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève
speed dating london 2018

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève

Schwéier Onwieder mat Stuerm a Knëppelsteng hu gëschter an der

Mënscherechter: EU weiter am Sträit mat Aserbaidschan

Mënscherechter: EU weiter am Sträit mat Aserbaidschan

Um Sonndeg huet d’EU Aserbaidschan opgefuerdert direkt déi verhaften Oppositionell, dorënner ee Journalist, deen d’lescht Woch a Georgië gekidnappt gi war, fräi ze loossen. Aserbaidschan gëtt reegelméisseg vun ONG’en wéinst vergoen un de Mënscherechter an der Pressefräiheet ugeklot. Dat weist de President Ilham Aliev natierlech kategoresch zréck.

Eng Prüfung vun all eenzele Fall an alle Verhaftungen déi ee Lien hunn mat der Ausübung vun de fundamentale Rechter, abegraff dee vun der Meenungsfräiheet an direkt Liberatioun vun alle Betraffenen ass dringend“, léisst d’EU an engem Communiqué matdeelen. „Mir verlaangen, datt déi legal Prozeduren agehale ginn, genee wéi de Respekt vun den zivillen a politesche Rechter vun de Bierger, abegraff déi wou legal an engem anere Land wéi hiert eegent liewen“, esou d’Note weider, ouni de Journalist, Afgan Mouktharli oder d’Vizepresidentin vun der oppositioneller Partei Populär Front, Gozal Bayramli, explizit am Schreiwes ze ernimmen.

Zerschloen an ausgeliwwert

De Journalist lieft säit 2015 am Exil an Georgien, nodeems hien aus Aserbaidschan huet misse flüchten, well hien iwwert den Aliev recherchéiert huet a war den 30. Mee gekidnappt ginn. Säin Affekot, Elchine Sadykhov hat matgedeelt, datt säi Mandant vun Onbekannten éischt zerschloen an dunn un déi aserbaidschanesch Autoritéiten ausgeliwwert hunn. Dorops hinn ass de Mouktharli vun engem Geriicht fir dräi Méint an Untersuchungshaft gestach ginn.

Hie gëtt beschëllegt, illegal iwwert d’Grenz gaangen ze sinn a soll och versicht hunn Geld anzeschleisen. Amnesty International fuerdert seng Fräiloossung a behaapt, datt déi georgesch Autoritéiten eppes mam Kidnapping kéinten ze dinn hunn. Tbilissi dementéiert an huet eng Enquête ugekënnegt, wat säitens der EU begréisst gëtt.

Déi oppositionell Gozal Bayramli war schonns leschte Mount festgeholl ginn, wéi si aus Georgien agereest ass. Eng Informatioun déi der AFP vum Parteipresident Ali Kerimli weidergeleet ginn ass. Hei huet och déi amerikanesch Diplomatie schonn ee Samschdeg d’Fräiloossung gefuerdert.

Ähnlech Sujeten Aserbaidschan, EU, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel