Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng konstruktiv Entrevue tëscht CNFL an dem Taina Bofferding
Neiegkeeten

Eng konstruktiv Entrevue tëscht CNFL an dem Taina Bofferding

Viru kuerzem hat d‘Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Mann a Fra,

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas
Neiegkeeten

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas

Um Freideg huet den Orkan Harvey d’Festland op der Küste

surprise
Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!
Neiegkeeten

Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!

Beim Superbowl ginn et ëmmer déi neisten Traileren ze bewonneren.

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff fir iwwert dat zukünftegt virgoen hisichtlech dem Brexit ze ënnerhalen. Deel geholl hunn all d’Ausseminister vun de verbliwwene 27 Memberlänner. De briteschen Ausseminister Boris Johnson wor net agelueden, sou dat de Fokus bei de Gespréicher sech op d’Bäitrëttsverhandlunge vun der Tierkei an d’EU geluecht ginn ass.

Kee Konsens awer vill Gebraddels

Zu Valetta hu bei engem informellen Treffen d’EU-Ausseminister sech iwwert d’Konsequenze vum tierkesche Verfassungsreferendum ausgelooss an doriwwer diskutéiert wéi eng Mesuren ze ergräife wieren. Erënnere mer eis dat am Virfeld den EU-Erweiderungskommissär Johannes Hahn kuerz nom Referendum ugekënnegt hat eng „grondleeënd Diskussioun iwwert d’EU-Tierkei Bezéiungen“ unzefänken, déi zu engem spéideren Zäitpunkt och zou enger méiglecher Neibewäertung kéint féieren.

Ee ganze Koup EU-Staaten haten sech jo dann och fir een eesäitegen Ofbroch, respektiv dem Aussetze vun de Bäitrëttsverhandlunge, agesat. Beim Treffen op Malta hunn sech dann och de Jean Asselborn an den Éisträicher Sebastian Kurz ganz kloer op en Enn vun 2005 ugefaangene Bäitrëttsverhandlunge festgeluecht. Eng Meenung déi net vun alle Membere gedeelt ginn ass, allen viraus den däitsche Sigmar Gabriel deen der Usicht ass dat esou ee Schrëtt an der momentaner Situatioun méi schuede wéi notze géif. „Déi däitsch Bundesregierung ass strikt dergéint, dat mer d’Gesrpéicher ofbriechen“ sot de Gabriel, „et hätt ee keen Interessi drun d’Tierkei a Richtung Russland ze drängen.

Et ass sécherlech richteg dat d’EU d’Kritiker vum tierkesche President Recep Tayyip Erdogan musse weiderhin ënnerstëtzt ginn, mee dem Sigmar Gabriel säi Virschlag just Visaerliichterunge fir Kënschtler, Intellektueller a Journalisten op de Wee ze bréngen, dierft zu Ankara keng Zoustëmmung fannen. Och geet ze bedenken dat déi berechtegt Kritik, säitens den Observateure vun OSZE an Europarot bezüglech dem Verfahren an dem Inhalt vum Referendum, beim däitschen Ausseminister net schéngt ukomm ze sinn.

De Sultan billt, d’EU-Karawann zitt weider

Ganz selbstbewosst dogéint den tierkesche President, dee sech der „Opreegung“ gewinnt kierperbetount entgéint stellt an op en neits der EU mat Konsequenzen dréit. Schonns am Virfeld huet hien d’EU gewarnt d’Resultat vum Referendum unzezweiwelen. „Mir kennen net eenegen Institutiounen a Staaten, dorënner am besonneschen d’europäesch Union, erlaben iwwert d’Resultater vun der Volleksofstëmmung vum 16.Abrëll d’Demokratie vun eisem Land a Fro ze stellen.“ sot den Erdogan um Virowend vum Ausseministertreffen op enger Veranstaltung unlässlech dem 55.Jubiläum vum tierkesche Verfassungsgeriicht.

Ze bedenken ass iwwregens och dat den tierkesche President wëlles huet ee weidere Referendum zur Aféierung vun der Doudesstrof ofzehalen an leschtegerweis och ee Referendum fir den Ofbroch vun de Bäitrëttsverhandlungen ugekënnegt huet. Wat an deem Kontext den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu dann allerdéngs zu Malta verluer hat, bleift eis am wuertwiertleche Sënn „schleierhaft“.

Als Fazit bleift festzehalen dat alt nees en Treffe stattfonnt huet, wou keen eenzegt vun den ugesate Sujeten iergendeppes Vertrietbares ervir bruecht hätt, vun engem Konsens ganz ze schweigen. De Brexit ass dunn um Samschdeg zu Bréissel ënnert den Staatscheffen diskutéiert ginn.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel