Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

Back to the Books: Mir weise kee Stil, mir deelen en!
International Neiegkeeten

Back to the Books: Mir weise kee Stil, mir deelen en!

Säi Schreifstil fënnt een, andeems ee verschidden Aflëss mëscht. Genau

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?
International Neiegkeeten

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Alles kann ee mat engem US-President dann awer net maachen.

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

Honnerten europäesch Bierger déi a Groussbritannien liewen hunn um Mëttwoch en Aktiounsdag ageluecht. Si sinn op d’Strooss gaange fir hir Rechter nom Brexit ze verdeedegen. Si sinn fir déi éischte Kéier vu ville Briten, déi an der EU liewen, ënnerstëtzt ginn.

D’Fro zu de Rechter sollt vun de Verhandlungen tëscht Bréissel a London isoléiert ginn. Dat fir eng „Sakgaass“ ze verhënneren, „am Fall wou et keen Accord iwwert den Austrëtt aus der EU gëtt“, esou den Nicolas Hatton, Matbegrënner vum Grupp „The3Million“. Dëse Grupp vertrëtt d’Interesse vun den EU-Bierger a Groussbritannien. „Fir déi betraffen EU-Bierger ass et d’Zil déi selwecht Rechter ze behalen, wéi se am Moment gülteg sinn“, esou den Hatton géintiwwer der AFP.

Eng noutwenneg Entrevue

Am Kader vum Aktiounsdag hunn d’Vertrieder vun „The3Million“ Deputéiert aus dem Parlament vu Westminster getraff. Do wou aktuell iwwer d’Gesetz berode gëtt, mat deem d’EU-Recht a Groussbritannien ofgeschaaft soll ginn. D’Zukunft vun iwwer dräi Milliounen EU-Bierger a Groussbritannien, mee och dat vu ronn enger Millioun Briten an der EU, ass en Deel vun den Onsécherheeten déi mam Brexit zesummenhänken. Et ass iwwerdeems och eng vun de Prioritéiten bei de Verhandlungen tëscht Bréissel a London.

Enn Juni hat d’Regierung vum Theresa May eng ganz Rëtsch Proposen op den Dësch geluecht, mat notamment engem permanente Residentestatut deen u Konditioune gebonnen ass

Enn Juni hat d’Regierung vum Theresa May eng ganz Rëtsch Proposen op den Dësch geluecht, mat notamment engem permanente Residentestatut deen u Konditioune gebonnen ass. Proposen déi weder déi Interesséiert nach Bréissel befriddegt hunn. Zu den Europäer déi sech a Groussbritannien nom Brexit wëllen néierloossen, esou ass virgesinn, datt déi fir unzefänken eng Openthaltsgenehmegung fir zwee Joer missten ufroen. Dat geet aus engem offiziellen Dokument ervir, dat vum Guardian d’läscht Woch verëffentlecht ginn ass.

De Suergen e Gesiicht ginn

„D’Zil vum dësem Aktiounsdag ass et de Leit eis Suergen a Problemer ze erklären. Besonnesch fir d’Briten déi an der EU liewen“, esou d’Jane Golding, Presidentin vum Grupp „British in Europe“. „Et ass verständlech, datt d’EU-Bierger a Groussbritannien méi siichtbar sinn an d’Leit besser iwwer hir Situatioun informéiert sinn“, esou d’Affekotin, déi an Däitschland wunnt.

Déi nächst Verhandlungssëtzung zu de Konditioune vum Brexit ass fir de 25. September geplangt. Déi läscht Sëtzung, Enn August, war ouni konkret Resultater ofgeschloss ginn.

mat AFP

Foto: Beim Aktiounsdag maachen d’Leit kloer ëm wat et geet. Si hunn all eng nei Heemecht déi se net wëllen opginn, genee wéi déi Rechter déi hinnen als EU-Bierger deemools zougesprach gi sinn. (© Tolga Akmen/AFP)

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Groussbritannien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel